CCD-Sensor
CCD-Sensore sinn liichtemfindlech elektronesch Bauelementer, déi um banneschte Photoeffet berouen. CCD ass heibäi d’Ofkierzung vun engleschen Charge-coupled Device, dat och am CCD-Sensor gebraucht gëtt.
Ufanks goufen wurden am Joer 1969 CCDs fir d’Datespäicherung entwéckelt. Schnell gouf bemierkt, datt dës Bauelemente liichtempfindlech sinn an et vergläichsweis einfach ass, en zweedimensionalt Bild ze erfaassen. Schonns 1970 gouf sou een CCD-Sensor gebaut, an 1975 goufen déi éischt CCDs mat enger fir Televisiounskamerae genügender Zuel un Bildpunkte hiergestallt. Zënter ca. 1983 ginn CCD-Sensoren als Bildsensore an der Astronomie an an der Satellite-Wäiterfuerschung agesat.
Zweedimensional CCD-Array-Sensore ginn an Videokamerae an an Digitalkamerae, eendimensional CCD-Zeilesensore gi gebraucht an Faxinstrumente, Spektrometer an a Scanner agesat.
Fir d’Erfindung vum CCD-Sensor goufen de Willard Boyle an de George E. Smith am Joer 2009 mat dem Nobelpräis fir Physik ausgezeechent.[1]
Inhaltsverzeechnes |
Literatur [änneren]
- Gerald C. Holst: CCD Arrays, cameras and displays. JCD Publishing, Winter Park 1996, ISBN 0-9640000-2-4.
Um Spaweck [änneren]
- Image Sensor Sizes
- Genauere Beschreibung der Halbleiterphysik von MOS-CCDs (Uni Ulm)
- (en) Moderne CCD-Techniken (PDF, 1,6 MiB), zusammengestellt von der Fa. Andor
- Maßstabsgerechte Übersicht Sensorgrößen Digitalkameras
- (en) CCD Simulator der Nebraska-Lincoln Universität
- Physik-Nobelpreis für Erfinder des CCD-Sensors
Referenzen [änneren]
- ↑ The Nobel Prize in Physics 2009 (engl.)