Spektrometer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Spektrometer aus dem Physikunterricht

E Spektrometer ass en Instrument fir Duerstellung vun engem Spektrum. Am Ënnerscheed zu engem Spektroskop bitt et d'Méiglechkeet, d’Spektren auszemoossen.

E Spektrum ass d’Intensitéit als Funktioun vun der Wellelängt, der Frequenz, der Energie oder – am Fall vun Elementardeelercher, Atome oder Ione – der Mass.
Opgrond vum Welle-Deelchen-Dualismus sinn dës Gréissten oft equivalent.

Bei den optesche Spektrometer gëtt d'Ënnerscheedung vun de Wellelängte deer ze analyséierender Stralung oft duerch Richtungsoflenkung mëttels Briechung an engem Prisma oder duerch Krëmmung an engem Gitter gemaach. Et ass och méiglech, d'Frequenzundeeler an engem Interferometer unhand vun enger Fourieranalys ze bestëmmen (FTIR-Spektrometer).

Bei Deelchenstralen an der Massespektrometrie gëtt en elektrescht (Staark-Effet) an/oder magnéitescht Feld (Lorentzkraaft) an der Zeeman-Effet zu der Analyse gebraucht. Besonnesch bei schwéieren Deelercher kann awer och d'Fluchzäit an domat d'Vitesse vun den Deelercher gemooss ginn.

Historescht Spektroskop

En einfacht optescht Spektrometer (vergläicht d'Bild riets) huet nëmme wéineg Bestanddeeler:

  • déi ze ënnersichend Liichtquell S;
  • eng Spléck F1, fir eng linnefërmeg Liichtquell ze kréien;
  • eng Lëns L1, déi dat divergent antriedend Liicht paralleliséiert;
  • e liichtbriechend Prisma P (oder -krommt Gitter), fir déi ze analyséierend Stralung ofzelenken;
  • eng zweet Lëns L2 um Stralaustrëtt (si mécht de Liichtpaack op den Ausgank);
  • en Okular („Teleskop“), fir d'Spektrum direkt mat dem A ze kucken an ze vermiessen. Alternativ kann et mat weidere Lënsen op e Schiirm oder Detektor projezéiert ginn.

Fir datt den Oflenkwénkel gemooss ka ginn, sinn L2 an d'Teleskop beweeglech a sëtzen op enger Skala (kuckt Goniometer).

Zu weidere optesche Spektrometer kuckt och den Artikel Optescht Spektrometer.

[änneren] Technesch Ëmsetzungen

Deelung vun engem Liichtstrals duerch e Prisma.
Verschidde Konfiguratioun vun engem Interferenz-baséierten Spektrometer: Reflexiounsoptik, Briechungsoptik, Faseroptik

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Um Spaweck

Commons: Spektroskopie – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen