(588) Achilles
|
|
|
|---|---|
| Orbittyp | Jupiter-Trojaner (L4) |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 5,192 A.E. |
| Perihel – Aphel | 4,429 – 5,956 AE |
| Exzentrizitéit | 0,147 |
| Inklinatioun | 10,3 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 11 Joer 303 Deeg 1 Stonn |
| Mëttel Bunnvitesse | 13,00 km/s |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | 135,48 km |
| Mass | ? kg |
| Albedo | 0,033 |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | >12 Stonnen |
| Absolut Hellegkeet | 8,67 |
| Spektralklass | D |
| Entdecker Max Wolff | |
| Entdeckungsdatum | 22. Februar 1906 |
| Aner Bezeechnungen | 1906 TG |
De (588) Achilles ass en Asteroid aus der Grupp vun de Jupiter-Trojaner, a leeft op der Bunn vum Jupiter ëm d'Sonn.
Den Achilles gouf den 22. Februar 1906 vum Max Wolf als éischten Trojaner entdeckt an ass nom griicheschen Held Achilles aus der Ilias genannt. Den Numm vum Asteroid gouf ufanks vum Johann Palisa, engem Frënd a Kolleg vum Max Wolf, virgeschloen. Den Asteroid leeft dem Jupiter op senger Bunn 60° virdrun (e befënnt sech um L4-Punkt). Déi virlafend Trojaner ginn och als Griiche bezeechent a sinn dofir no antike griicheschen Helden genannt. D'Bunn vum Achilles verleeft tëschent 4,429 (Perihel) an 5,956 (Aphel) astronomeschen Eenheeten an ass 10,3° géint d'Ekliptik gebéit. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,147.
Während der Oppositioun erreecht den Achilles eng visuell Magnitude vu 16,6 mag. Hien ass domat en Objet um Nuetshimmel dee schwaach liicht.
Niewent senger klenger Gréisst ass och d'Albedo (Reflektiounsverméigen) vum Achilles fir seng niddreg Hellegkeet verantwortlech. Hie reflektéiert nëmmen 3,3% vum optreffendem Liicht, ass also méi schwaarz wéi Asphalt. Seng Uewerfläch besteet no Miessungen vum IRTF vun der NASA wahrscheinlech zu 20 bis 40% aus Pyroxen (verschidde Silikate). Fir déi observéiert Routfierwung vum reflektéierten Undeel dierft Eise verantwortlech sinn. Tholinundeeler, also duerch Ultraviolett Liicht ëmgeformte Methan- an Ethanbestanddeeler, iwwer 10% op der Uewerfläch konnten duerch Spektralanalysen ausgeschloss ginn. Genee esou aarm ass d'Uewerfläch och u Chlorit (maximal 1%).