Nordamerikaniwwel
Den Nordamerikaniwwel (och als NGC 7000 bezeechent) ass en diffuse Gasniwwel am Stärebild Cygnus.
Säin Numm krut e wéinst senger Form, déi un eng Landkaart vum nordamerikanesche Kontinent erënnert. Um Himmel ass den Niwwel mat 120 mol 100 Bouminutten zimlech ausgedeent (de Vollmound huet en Duerchmiesser vu ca. 30'). Hien ass relativ einfach ze fannen, well en eppes méi westlech vum helle Stär Deneb (α Cygni) am Cygnus (Schwan) steet.
De Gasniwwel ass tëschent 2.000 an 3.000 Liichtjoer ewech (seng genee Distanz ass nëmme schwéier ze bestëmmen) a besteet haaptsächlech aus Waasserstoff, deen deelweis a ioniséierter Form (HII) optrëtt, a siichtbart Liicht a Form vun déifrouder Strahlung emittéiert. Op laang beliichte Fotoen erschéngt den Niwwel dofir intensiv rout. Déi visuell Observatioun vum Niwwel ass allerdéngs trotz senger Hellegkeet vu 6m zimlech schwiereg.
Den Nordamerikaniwwel gouf am Joer 1891 vum däitschen Astronom Max Wolf a sengem privaten Observatoire zu Heidelberg mat sengem 6"-Duebelastrograph entdeckt. D'Entdeckung war eng vun deenen éischte mat Hëllef vun der Astrofotografie.
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
- Rektaszensioun: 21h 01m 48.00s
- Deklinatioun: +44° 12' 00.0"
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
NGC 6976 | NGC 6977 | NGC 6978 | NGC 6979 | NGC 6980 | NGC 6981 | NGC 6982 | NGC 6983 | NGC 6984 | NGC 6985 | NGC 6986 | NGC 6987 | NGC 6988 | NGC 6989 | NGC 6990 | NGC 6991 | NGC 6992 | NGC 6993 | NGC 6994 | NGC 6995 | NGC 6996 | NGC 6997 | NGC 6998 | NGC 6999 | NGC 7000 | NGC 7001 | NGC 7002 | NGC 7003 | NGC 7004 | NGC 7005 | NGC 7006 | NGC 7007 | NGC 7008 | NGC 7009 | NGC 7010 | NGC 7011 | NGC 7012 | NGC 7013 | NGC 7014 | NGC 7015 | NGC 7016 | NGC 7017 | NGC 7018 | NGC 7019 | NGC 7020 | NGC 7021 | NGC 7022 | NGC 7023 | NGC 7024 | NGC 7025