Niwwel (Astronomie)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Niwwel ( laténgesch nebula vum griicheschen nephele, »Wollek«) oder Niwwelfleck gouf an der Astronomie fréier e flächefërmegen Objet bezeechent dee liicht. Dozou hunn och d'Galaxien (Spiralniwwel) an d'Stärekéip gehéiert, well se bei klenger Opléisung am Teleskop oder mam bloussen A als Niwwelfleck ze gesi waren.

Haut gëtt Bezeechnung Niwwel oder Gasniwwel bal nëmme fir interstellar Wolleken aus Stëbs a Gas gebraucht, déi je no Aart vun hirem Liichten a verschidde Kategorien agedeelt ginn:

Dat éischt systematescht Verzeechnes vun Niwwelen ass de vum Charles Messier opgestallte Messier-Katalog am Joer 1774. Ee weidert wichtegt Verzeechnes ass den New General Catalogue (NGC) vum Johan Ludvig Emil Dreyer am Joer 1888. Déi zwéi Katalogen hunn Niwwelen, Galaxien a Stärekéip opgelëscht a ginn haut nach gebraucht.

Och als Niwwel gëtt an der Astronomie de Sonnenniwwel bezeechent, d'Gaswollek, aus där sech d'Sonnesystem opgebaut soll hunn.

[änneren] Literatur

  • James B. Kaler: Kosmische Wolken. Materie-Kreisläufe in der Milchstraße. Spektrum Akademischer Verlag, 1998.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Niwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen