Messier 57

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Rankniwwel)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Messier 57
Lëtzebuerger Numm Rankniwwel an der Lyra
Englesche Numm Ring Nebula
Katalogbezeechnungen M 57
NGC 6720
Rektaszensioun 18h 53,6m
Deklinatioun +33° 2'
Equinoxe J2000.0
Visuell Magnitude 8,8m
Distanz 2.300 Liichtjoer
schäinbaren Duerchmiesser 118 Bousekonnen,
Absoluten Duerchmiesser 1,3 Liichtjoer,
Spektraltyp
Stärebild Lyra
Messier 57; de Rankniwwel an der Lyra

De Rankniwwel an der Lyra (Leier) (och nëmme Rankniwwel, Messier 57 oder NGC 6720 bezeechent) ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Lyra.

Den Niwwel ass den Iwwerrescht vun engem Stär, dee viru ronn 20.000 Jore säi baussechte Gasmantel ofgesprengt huet. De Gasmantel dehnt sech mat enger Vitesse vun 19 km/s aus, an huet am Moment e schäinbaren Duerchmiesser vun ca. 118 Bousekonnen, wat bei enger Distanz vun 2.300 Liichtjoer en absolutten Duerchmiesser vun ca. 1,3 Liichtjoer bedeit. Am Teleskop erschéngt den Niwwel rankfërmeg. Tatsächlech bilt de siichtbare Gasmantel kee Rank am Raum, awer gläicht engem Torus. Am Zentrum vum Niwwel ass ee Wäissen Zwergstär mat enger Temperatur vun ca. 70.000 °C an enger visueller Magnitude vu 15,8 mag.

Den M 57 ka relativ liicht opfont ginn, well hie bal an der Mëtt vun der Verbindungslinn vun de Stäre β an γ Lyrae steet.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Entdeckung

Den M 57 gouf 1779 vum Antoine Darquier de Pellepoix bei der Observatioun vun engem Koméit entdeckt. Am selwechte Joer huet de Charles Messier dësen Objet a säi Katalog opgeholl.

Den Darquir huet d'Ausgesinn vun dësem Niwwel mat engem Planéit verglach, wat den Astronom Wilhelm Herschel derzou bruecht huet, dësen Typ vu Niwwel als planetareschen Niwwel ze bezeechnen.

[änneren] Ausgesinn

M57, Foto vum Spitzer Teleskop

Den M 57 ka schonns mat engem klengen Teleskop vu 10 cm Ëffnung als „Rankniwwel“ gesi ginn.

Den Zentralstär ass mat enger visueller Magnitude vu 15,8m allerdéngs liichtschwaach. Fir hien ze gesi brauch ee schonns en Teleskop mat enger Ëffnung vu 40 cm.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

M57 bei SEDS

Commons: Ring Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen