Interstellar Wollek
Eng Usammlung vun interstellarem Gas a Stëbs an enger Galaxis gëtt Interstellar Wollek genannt. De Begrëff Wollek erfollegt aus der klenger Dicht vun esou enger Usammlung. Ofhängeg vun hirer Dicht, Gréisst an Temperatur an dem Waasserstoffundeel handelt et sech ëm en neutraalt (H-I-Gebitt), en ioniséiert (H-II-Gebitt) oder eng molekular (Molekülwollek) Wollek. Och d'Bezeechnung Interstellare Stëbs ass richteg.
Chemesch Zesummesetzung [änneren]
Et ënnersicht een d'Zesummesetzung vun Interstellare Wolleken duerch d'Observatioun Elektromagnetesch Wellen, déi vun hinnen ofgestrahlt ginn. Grouss Radioteleskope analyséieren d'Intensitéiten bestëmmter Frequenzen vun der elektromagnetescher Strahlung, déi fir Spektren bestëmmter Moleküle charakteristesch sinn. E puer Wolleken si kal a tendéieren dozou, ganz laangwelleg Strahlung ofzeginn. Astronome sinn an der Lag, eng Kaart mat dem Iwwermooss vun den eenzelne Molekülen duerzestellen, sou datt een d'Zesummesetzung vun der Wollek verstoe kann. A gliddege Wolleke sinn dacks Ione vu verschiddenen Elementer ze fannen, deenen hire Spektrum een am ultraviolette Liicht kucke kann.
Radioteleskope kënnen op e Punkt vum Stärenhimmel fokusséiert ginn an do d'Heefegkeet verschiddener Elementer bannescht dem Spektrum moossen. Héichstwäerter an enger Frequenz bedeiten, datt eng Aart vun Atomer oder Molekülen op dëser Plaz staark vertruede sinn. D'Héicht vun de Maximalwäerter ass proportional zum Undeel vum Molekül an der Wollek.
Onerwart chemesch Entdeckungen an den Interstellare Wolleken [änneren]
Et hat een erwart, datt an Interstellare Wolleken opgrond vun der klenger Temperatur an Dicht bal keng Reaktiounen oflafen. Awer et goufe komplex organesch Moleküle nogewisen, déieren Existenz an Entstoung bis elo nëmmen ënnert der Viraussetzung vun héijen Temperaturen an ënner héijem Drock fir méiglech gehale gouf. Et huet een doraus resultéiert, datt déi chemesch Reaktiounen an Interstellare Wolleken vill méi séier oflafen, wéi bis ewell geduecht gouf.