H-II-Gebitt
H-II-Gebidder sinn interstellar Gaswolleken déi liichten, mat engem Duerchmiesser deen dacks méi wéi e puer 100 Liichtjoer huet, an an deene Stäregebuerten enstinn. Jonk, waarm, blo Stäre, déi duerch d'Gasemissioun entstane sinn, sende vill ultraviolett Liicht aus, dat den Niwwel ëm si ioniséiert.
An H-II-Gebidder entstinn dausende vu neie Stäre an enger Zäitperiod vun e puer Millioune Joer. Um Enn féieren awer Supernovaexplosiounen a Stärewand vun de gréisste Stären dozou, datt de Gas vum H-II-Gebitt zerstreet gëtt. Zréck bleift e Stärekoup wéi d'Plejaden.
D'H-II-Gebidder hunn hiren Numm duerch dee grousse Koup vu ioniséiertem atomarem Waasserstoff, dee si enthalen, wougéint H-I-Gebidder neutralen atomare Waasserstoff a molekulare Waasserstoff (H2) hunn. H-II-Gebidder kënnen am Universum nach op ganz groussen Distanzen ausgemaach ginn. Dofir ass d'Ënnersiche vun extragalakteschen H-II-Gebidder hëllefsräich, fir d'Distanzen a chemesch Zesummesetzung vun anere Galaxien ze ermëttelen.
[änneren] Bekannt H-II-Gebidder
| Eegenumm | NGC-Nr. | Messier-Nr. | Stärebild | Distanz(Lj.) |
|---|---|---|---|---|
| Orionniwwel | NGC 1976, 1982 | M 42, 43 | Orion | 1.500 |
| Konusniwwel | NGC 2264 | keen | Monoceros | 2.600 |
| Adlerniwwel | NGC 6611 | M 16 | Serpens | 7.000 |
| Kalifornienniwwel | NGC 1499 | keen | Perseus | 1.000 |
| Carinaniwwel | NGC 3372 | keen | Carina | 6.500-10.000 |
| Nordamerikaniwwel | NGC 7000 | keen | Cygnus | 2.000-3.000 (?) |
| Lagunenniwwel | NGC 6523 | M 8 | Sagittarius | 5.200 |
| Trifidniwwel | NGC 6514 | M 20 | Sagittarius | 5.200 |
| Rosettenniwwel | NGC 2237-2239 + 2246 | keen | Monoceos | 5.000 |
| Omeganiwwel | NGC 6618 | M 17 | Sagittarius | 5.000-6.000 |
| Galaktesche Niwwel | NGC 3603 | keen | Carina | 20.000 |
| Tarantelniwwel | NGC 2070 | keen | Dorado | 160.000 |
| Geeschterkapp-Niwwel | NGC 2080 | keen | Dorado | 168.000 |
| Gasniwwel | NGC 604 | M 33 | Triangulum | 2.400.000 |
| Commons: H II regions – Biller, Videoen oder Audiodateien |