Lagunenniwwel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Amateurfoto vum Lagunenniwwel
Lagunenniwwel
Engleschen Numm Lagoon Nebula
Stärebild Sagittarius (Sgr)
Katalogbezeechnungen NGC 6523
M 8
Lacaille III.14
Rektaszensioun 18h 03m 42s
Deklinatioun -24° 23'
Equinoxe J2000.0
Visuell Magnitude 6,0m
Distanz 5.200 Liichtjoer
Wénkelduerchmiesser 45 × 30 Bouminutten
Absoluten Duerchmiesser ~60 Liichtjoer
Dive into the Lagoon Nebula.

De Lagunenniwwel (och Messier 8 oder NGC 6523 bezeechnet) ass eng Struktur aus Emissiouns- a Reflexiounsniwwel mat enger Hellegkeet vu +5,00 mag an enger Wénkelausdeenung vu 45' x 30' am Stärebild Sagittarius. Hie läit op enger Distanz vun 5.200 Liichtjoer.

Inhaltsverzeechnes

Entdeckung [änneren]

Den Niwwel gouf am Joer 1747 vum franséischen Astronom Guillaume Le Gentil entdeckt. Deem goung d’Entdeckung vun deem doran leienden oppene Stärekoup NGC 6530 am Joer 1680 duerch de Flamsteed a seng erneit Entdeckung 1767 duerch Cheseaux viraus.

Morphologie [änneren]

De Lagunenniwwel ass e grousst Stäregebuertsgebitt an enthält vill Globulen. Am hellsten Deel vum Niwwel ass eng Regioun, déi wéinst hirem Ausgesinn Stonneglas-Niwwel (net ze verwiesselen mat dem Sandauer-Niwwel MyCn18) genannt gëtt.

Am Zentrum vum Niwwel ass de jonken oppene Stärekoup NGC 6530, deen aus dem Material vum Niwwel entstanen ass, an en elo un d'Liichte bréngt.

De Lagunenniwwel ass deen zweethellste siichtbare Gasniwwel, a ka mat klengen Teleskope gesi ginn.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]

Commons: Lagoon Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien