Tarantelniwwel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Tarantelniwwel (30 Doradus)
Tarantelniwwel, opgeholl mam Spitzer-Weltraumteleskop
Objettyp Emissiounsniwwel
Stärebild Dorado
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 05h 38m 42,357s
Deklinatioun -69°06'03,24"
Ausgesinn
Klassifikatioun  
Visuell Magnitude +8,00
Wénkelduerchmiesser 40' × 25'
Zuel vu Stären
Hellste Stär R136a1
Physikalesch Daten
Distanz 179.000 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet
Absoluten Duerchmiesser
Mass
Alter 5 Millioune Joer
Katalogbezeechnungen
NGC 2070, ESO 57-EN6 • GC 1269 • h 2941

Den Tarantelniwwel och 30 Doradus oder NGC 2070 ass d'Bezeechnung vun engem Emissiounsniwwel an der Grousser Magellanescher Wollek am Stärebild Dorado (Schwäertfësch). Et ass eent vun de gréisste bekannte Stärgebuertsgebidder an der lokaler Grupp an trotz senger Distanz vun 179.000 Liichtjoer (52 kpc) schonn a klengen Teleskope ze gesinn. Hien huet en Duerchmiesser vu 40' × 25' an eng visuell Magnitude vu +8,00 mag. Den Tarantelniwwel gouf am Joer 1751 vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille entdeckt.

Am Niwwel ass de Stärekoup R136 agebett, mat dem bis haut (Stand 2010) gréissten an hellste bekannte Stär R136a1 (265 M☉, 107 L☉).

Hubblefoto vum Tarantelniwwel

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 30 Doradus – Biller, Videoen oder Audiodateien