Lokal Grupp
D'Lokal Grupp bezeechent een an der Astronomie eng Grupp vu Galaxien an der onmëttelbarer Noperschaft vun eiser Mëllechstrooss.
Astronomesche Kontext [änneren]
Zu der Lokaler Grupp ginn Objeten am Ëmkrees vu fënnef bis siwe Millioune Liichtjoer gezielt. Et fir dervun auszegien, datt d'Membere vun där Grupp gravitativ uneneegebonne sinn, sou datt d'Zougehéieregkeet zu der lokaler Grupp enger echter physikalescher Bindung entspréngt an net nëmmen eng zoufälleg geometrisch Struktur duerstellt. Mat ronn 95% ass de gréissten Deel vun der siichtbarer Mass an der Mëllechstrooss an dem Andromedaniwwel, déi aner Membere sinn wesentlech méi kleng oder souguer Zwerggalaxien. D'Membere vun der Lokaler Grupp forméieren een ellipsoide Koup.
D'Memberen vun der Grupp sinn met gläichméisseg am Koup verdeelt. Si sammele sech je no gravitativer Bindung zu verschidden Ënnergruppen. Dozou zielen d' Mëllechstroossen-Ënnergrupp, mat der Mëllechstrooss an hire Satellitengalaxien, an d' Andromeda-Ënnergrupp, mat der Andromeda-Galaxis an hire Satelliten. Den M33 gehéiert wahrscheinlech zu der Andromeda-Ënnergrupp oder mécht mat hirer Satellitegalaxis LGS 3 eng eegen Ënnergrupp. Eng drëtt méiglech Ënnergrupp besteet ëm d'Galaxis NGC 3109, awer et ass net sécher, ob si nach zu der Lokaler Grupp gehéiert. De Rescht vun de Galaxien, déi zu kenger vun dësen dräi Gruppe gerechent kënne ginn, maachen d' Lokal-Gruppe-Wollek (Local Group Cloud) aus, a bewege sech am kollektive Gravitatiounsfeld, dat zesumme vun de grousse Galaxië gemaach gëtt.
No Computersimulatioune missten an de lokale Gruppen ongeféier 300 bis 500 Zwerggalaxien sinn. Bekannt sinn am Moment awer nëmmen ëm déi 40 Zwergsystemer. Astronome ginn dovun aus, datt déi bis elo onentdeckte Galaxien gréisstendeels aus donkler Matière bestinn, a bal keng Stären enthalen an domat sougenannt Donkel Galaxien duerstellen.
D'lokal Grupp ass Bestanddeel vum Virgo-Superkoup, deen no dem Virgokoup a sengem Zentrum genannt ass. Op dëse beweegt sech d'lokal Grupp zou. Bannen am Superkoup grenzt si un d'Maffei-, d'Sculptor-, d'M81- an un d'NGC 5128-Grupp.
Bekannt Membere vun der Lokaler Grupp [änneren]
Zu der Lokaler Grupp gehéieren ënner anerem:
Mëllechstroossen-Ënnergrupp:
- d'Mëllechstrooss
- déi Grouss Magellanesch Wollek (ESO 56-115)
- déi Kleng Magellanesch Wollek (NGC 292)
- d'Sagittarius-Zwerggalaxis
- d'Sculptor-Zwerggalaxis
- d'Canis-Major-Zwerggalaxis
- d'Fornax-Zwerggalaxis
- d'Draco-Zwerggalaxis
- d'Carina-Zwerggalaxis
- d'Phoenix-Zwerggalaxis
- d'Ursa-Minor-Zwerggalaxis
- d'Zwerggalaxien Leo I, Leo II a Leo III
Andromeda-Ënnergrupp:
- d'Andromeda-Galaxis = Andromedaniwwel (M 31)
- de Dräiecksniwwel (M 33, NGC 598, Triangulum)
- d'Zwerggalaxis LGS 3
- d'Pegasus-Zwerggalaxis (And VI)
NGC-3109-Ënnergrupp:
- den NGC 3109
- de Sextans A
- de Sextans B
- d'Antlia-Zwerggalaxis
Lokal-Gruppe-Wollek:
- d'Barnard Galaxis (NGC 6822)
- den IC 10
- den IC 1613
- d'Wolf-Lundmark-Melotte
Um Spaweck [änneren]
- (en) Die Lokale Gruppe bei SEDS
- (en) Lokale Gruppe@atlasoftheuniverse.com: Eine Übersicht über die Mitglieder der Lokalen Gruppe
- (de) Infos zu Canis Major
- (de) Die Lokale Gruppe und Eng Zesummestellung vun de Membere vun der Lokaler Grupp.
| Commons: Lokal Grupp – Biller, Videoen oder Audiodateien |