Carina (Stärebild)
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Carina |
| Däitsche Numm | Kiel des Schiffs |
| Laténgeschen Numm | Carina |
| Laténgesche Genitiv | Carinae |
| Laténgesch Ofkierzung | ar |
| Positioun | um Himmelsequator |
| Rektaszensioun | 6h 2m bis 11h 20m |
| Deklinatioun | -50° 45' bis -75° 40' |
| Fläch | 494 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 14° Nord. bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
| Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
3 |
| Hellste Stär, Gréisst |
Canopus (α Carinae), -0,62 m |
| Meteorstréim | - |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Volans |
D'Carina ass en ausgedeent Stärebild um Südhimmel a vu Mëtteleuropa aus net ze gesinn.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
D'Carina läit ënnert de Stärebiller Puppis a Vela. D'Carina huet een opfällegen helle Stär, de Canopus.
Geschicht [änneren]
D'Carina ass en Deel vum antike Stärebild Argo Navis, dat zu den 48 beschriwwene Stärebiller vum Ptolemäus gehéiert.
Well dat ausgedeent Stärebild Argo Navis dem franséischen Astronom Lacaille fir d'Astronomie ze vill oniwwersiichtlech war, huet hien dëst Stärebild am Joer 1763 opgedeelt an déi nei Stärebiller Carina, Puppis a Vela. Dobäi goufe fréier Stärebezeechnunge bäigehalen, sou datt jiddwer griichesche Buschtaf an deenen dräi Stärebiller nëmmen eemol virkënnt.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| α | Canopus, Suhail, Suhel | −0,62m | 310 | F0 Ib | |
| β | Miaplacidus | 1,68m | 111 | A2 IV | |
| ε | Avior | 1,86m | 632 | K3 III + B2 V | |
| ι | Turais, Tureis, Aspidiske, Scutum | 2,21m | 700 | A9 Ib | |
| θ | 2,8m | 800 | B0 V | ||
| υ | 2,92m | ||||
| ν | 3,0m | 1000 | A8 + A8 | ||
| ω | Omega Carinae | 3,29m | 250 | B8 III | |
| p | 3,30m | 300 | B3 V | ||
| q | 3,39m | 600 | K4 II | ||
| a | 3,43m | 600 | B2 IV | ||
| χ | 3,46m | 600 | B2 IV | ||
| 1 | 3,69m | ||||
| u | 3,78m | 70 | K0 + B3 | ||
| s | 3,81m | 500 | F1 II | ||
| c | 3,84m | 500 | B8 II | ||
| x | V382 Carinae | 3,93m | 6000 | G0 Ia-0 | |
| i | 3,96m | 800 | B3 II | ||
| l | 3,3 bis 4,2m | ||||
| I | 3,99m | ||||
| h | 4,08m | ||||
| d | 4,31m | ||||
| g | 4,34m | ||||
| N | 4,35m | ||||
| A | 4,41m | ||||
| r | 4,45m | ||||
| G | 4,47m | ||||
| f | 4,50m | ||||
| m | 4,51m | ||||
| y | 4,58m | ||||
| w | 4,59m | ||||
| z | 4,62m | ||||
| p | 4,65m | ||||
| E | 4,66m | ||||
| t2 | 4,69m | ||||
| K | 4,72m | ||||
| B | 4,74m | ||||
| k | 4,79m | ||||
| D | 4,81m | ||||
| e2 | 4,84m | ||||
| b1 | 4,93m | ||||
| Q | 4,93m | ||||
| L | 4,97m | ||||
| t1 | 5,08m | ||||
| z2 | 5,11m | ||||
| 23 | 5,14m | ||||
| M | 5,15m | ||||
| c | 5,16m | ||||
| b2 | 5,17m | ||||
| e1 | 5,27m | ||||
| H | 5,46m | ||||
| O | 5,60m | ||||
| η | Eta Carinae, Foramen, Tseen She | 6,21 (−0,8 – +7,9)m | LBv + O |
Den α Carinae ass een extrem helle Stär vun der Spektralklass F0 a läit op enger Distanz vun 310 Liichtjoer. Mat enger schäinbarer Hellegkeet vu -0,62m ass hien nom Sirius deen zweethellste Stär um Nuetshimmel.
Den Numm Canopus staamt aus der antiker griichescher So. De Canopus war de Steiermann vum Menelaos bei der Eruewerung vun der Stad Troja.
De Stär β Carinae gehéiert zu der Spektralklass A2 an ass 111 Liichtjoer vun eis ewech.
Den Numm „Miaplacidus“ ass aus dem arabeschen a laténgeschen zesummegesat a bedeit „Waasserplaz“.
Den ε steet op enger Distanz vun 632 Liichtjoer entfernt a gehéiert zu der Spektralklass K3. Wouhier de Num Avior kënnt, ass net geséchert.
6.000 Lichtjoer wäit ewch ass de Stär Eta Carinae. Et ass e ganz interessant Objet. Mat enger Hellegkeet vu 6,21m kann hien haut net méi mat bloussem A gesi ginn. Wou den Edmond Halley am 17. Joerhonnert säi Stärekatalog opgestallt huet, war den Eta Carinae mat 4m vill méi hell, woubäi sech d'Hellegkeet onregelméisseg verännert huet. An de Joren 1833 bis 1843 ass seng Hellegkeet dramatesch op -1m geklommen. Zu dësem Moment war et deen zweethellste Stär um Himmel, an hien hat déi véiermilliounefach Liichtkraaft vun eiser Sonn. An de Joren duerno huet seng Hellegkeet ëmmer méi ofgeholl. Ënnersichungen hu gewisen, datt de Stär ëmmer nach extrem liichtstaark ass, woubäi seng Stralung allerdéngs duerch ausgestoussene Gas- a Stëbswolleken absorbéiert an als laangwelleg Infraroutstralung ofgetruede gëtt. Den Eta Carinae huet wahrscheinlech säin Endstadium erreecht a wäert an noer Zukunft als Supernova explodéieren. Méiglecherweis huet d'Explosioun schonns stattfond. Wéinst der grousser Distanz dauert et just nach eng Zäit bis mir de Liichtblëtz gesinn.
Duebelstären [änneren]
| System | Gréissten | Ofstand |
|---|---|---|
| υ | 3,1m/6,0m | 127" |
| u | 3,8m/6,3m | 157" |
| I (ZZ Car) | 4,0m/6,2m | 233" |
| b1 | 4,9m/6,7m | 40,3" |
Den υ Carinae besteet aus zwéi Stäre mat der Spektralklass A8. D'System ass ronn 1.000 Liichtjoer vun eis ewech.
Den u Carinae steet op enger Distanz vu 70 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech a besteet aus aus engem roude Stär mat der Spektralklass K0 an engem wäissen Begleeder vun der Klass B3.
Den I Carinae, och bezeechent als ZZ Carinae, ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 1.500 Liichtjoer. Dëst System besteet aus zwéi extrem hell Stären mat den Spektralklassen F2 an A2. I Car ass ausserdeem ee verännerleche Stär.
Den b1 Carinae ass 1.000 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéi wäisse Stären mat de Spektralklassen B3 an B9.
Verännerlech Stären [änneren]
| Objet | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| η | −0,8m bis 7,9m | 85,1 Deeg / 5,54 Joer | onregelméisseg |
| R | 3,9m bis 10,3m | 308,7 Deeg | Mira-Stär |
| l (ZZ Car) | 3,3m bis 4,2m | 35,53 Deeg | Cepheid |
Den R Carinae ass e verännerleche Stär vum Typ Mira. Seng Hellegkeet verännert sech iwwert en Zäitrau vun 308,7 Deeg. Am Maximum ass hien 3,9m hell a kann ouni weideres mam bloussem A gesi ginn. Am Minimum fält d'Hellegkeet bis op knapps 10,3m erof, a fir eng Observatioun brauch een en Teleskop.
Den I oder ZZ Carinae ass e Verännerlechen vum Typ Cepheid, seng Hellegkeet pulséiert an engem regelméissegen Ofstand vun 35,53 Deeg tëschent 3,3 an 4,2 mag.
Messier- an NGC-Objeten [änneren]
| Messier (M) | NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| 2516 | 4m | Oppene Stärekoup | |||
| 2808 | 6,5m | Kugelstärekoup | |||
| 3114 | 4,5m | Oppene Stärekoup | |||
| 3293 | 5,5m | Oppene Stärekoup | |||
| IC 2602 | 2m | Oppene Stärekoup | Südlech Plejaden | ||
| 3372 | 3m | Emissiounsniwwel | Eta Carinae-Niwwel | ||
| 3532 | 3,5m | Oppene Stärekoup |
Duerch en Deel vum Stärebild zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss. Hei si vill oppe Stärekéip an niwweleg Objeten.
Den NGC 2516 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vun 2.000 Liichtjoer.
Den NGC 2808 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vun 30.000 Liichtjoer.
Den oppene Stärekoup NGC 3114 läit 2.500 Liichtjoer vun eis ewech.
Den NGC 3293 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer.
Den oppene Stärekoup IC 2602 gëtt och „Südlech Plejaden“ genannt. Hie läit 800 Liichtjoer vun eis ewech an ass dem Stäekoup Plejaden ähnlech, nëmmen e bësschen méi liichtschwaach.
Den NGC 3372 ass en Emissiounsniwwel ëm de Stär Eta Carinae.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Carina (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |