Centaurus (Stärebild)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Centaurus
Lëtzebuergeschen Numm Zentaurus
Laténgeschen Numm Centaurus
Laténgesche Genitiv Centauri
Laténgesch Ofkierzung Cen
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 11h 05m bis 15h 03m
Deklinatioun -30°00’ bis -65°45’
Fläch 1060 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 25° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
deelweis ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
7
Hellste Stär,
Gréisst
Alpha Centauri
(Toliman),
-0,01m
Meteorstréim Alpha-Centauriden  
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Hydra
Vela
Carina
Musca
Crux
Circinus
Lupus
Libra
Kaart vum Stärebildes Centaurus

Den Zentaurus, laténgesch Centaurus ass e Stärebild vum Südhimmel.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Beschreiwung

Den Zentaurus ass e grousst Stärebild, dat sech südlech vun der Hydra (Waasserschlang) ausstreckt. D'Dräieck vun de Stäre θ, ι an ν Centauri formen de Kapp, déi südlech Stäre, drënner déi hell Stäre α an β Centauri, sollen d'Féiss vum Zentaurus, engem Mëschwiesen – hallef Mënsch, hallef Päerd – duerstellen.

Am Zentaurus steet dat bekannte Dräifachsystem Alpha Centauri (Rigil Kentaurus) mat dem sonnennooste Stär Proxima Centauri.

Duerch de südlechen Deel zitt och nach d'Band vun der Mëllechstrooss. Dës Regioun ass besonnesch räich un Stären an un niwweleg Objeten. Omega Centauri ass deen hellste Kugelstärekoup um Nuetshimmel.

Nëmmen déi nërdlechst Stären vum Zentaurus kann een aus eise Breedegrade gesinn.

[änneren] Geschicht

Den Zentaurus gehéiert zu den 48 Stärebiller déi schonns an der Antikitéit bekannt waren. De Ptolemäus huet dëst Stärebild fréier beschriwwen.

Am Zentaurus ass eng kosmesch Radioquell, déi als Centaurus A bezeechent gëtt.

[änneren] Mythologie

An der griichescher Mythologie gozfen d'Zentauren als barbaresch an gewalttäteg duergestallt. Eng Ausnahm war den Zentaur Cheiron, de Jong vum Titan Kronos. De Cheiron, deen als geléiert golt, huet e puer antik Helden groussgezunn, dorënner de Jason, Achilleus an den Asklepios, deen hien d'Heelkonscht geléiert huet.

[änneren] Himmelsobjeten

[änneren] Stären

B F Namen o. andere Bezeichnungen Gréisst Lj Spektralklass
α Alpha Centauri, Rigil Kentaurus, Toliman, Bungula -0,01m 4,34 G2 V + K1 V
β Hadar, Agena 0,61m 525 B1 III
θ 5 Menkent 2,06m 55 K0 III
γ Muhlifain 2,20m 130 A0 + A0
ε 2,29m 600 B1 III
η 2,33m 300 BI V
ζ Alnair, Alnair al Batn al Kentaurus 2,55m 400 B2 V
δ 2,58m 500 B2 + B5
ι 2,75m 50 A2 V
λ 3,11m 200 B9 III
κ 3,13m 500 B2 IV
ν 3,41m 600 B2 IV
μ 2,9 bis 3,5m 300 B3 V
φ 3,83m 800 B2 IV
τ 3,85m 100 A2 V
υ1 3,87m 600 B3 IV
π 3,90m 300 B5 V
d 3,90m 400 G8 II
σ 3,91m 400 B3 V
b 4,01m 500 B3 V
ψ 4,05m
c1 4,06m
2 4,19m
i 4,23m
n 4,25m
ξ2 4,27m
j 4,30m 600 B3 + B3
v 4,30m
k 4,32m
e 4,33m
υ2 4,34m
χ 4,36m
a 4,41m
B 4,47m
m 4,52m
A 4,62m
1 4,63m
M 4,64m
w 4,66m
f 4,71m
h 4,75m
ξ1 4,83m
p 4,90m
c2 4,92m
Q 4,99m

Den hellste Stär am Zentaurus ass den Alpha Centauri. Den arabeschen Numm Rigil Kentaurus bedeit „Fouss vum Zentaurus“. Mat engem Ofstand vun 4,34 Liichtjoer ass et een vun deenen noosten Stäre vun eiser Sonn. Et handelt sech ëm e Méifachstäresystem, bei deem sech dräi Stäre ëm een eenzege Schwéierpunkt beweegen.

Déi hellste Komponent α Centauri A huet ongeféier d'Gréisst an Augesinn vun eiser Sonn. Den α Centauri B ass mat 1,33m ass méi liichtschwaach a liicht orange und orange. Déi béid Stären ëmkreesen sech a ronn 80 Joer. Déi drëtt Komponent, α Centauri C oder Proxima Centauri ass e liichtschwaache rouden Zwergstär mat enger schäinbarer Hellegkeet vun 11,05m. Mat enger Distanz vu 4,22 Liichtjoeren ass hien eise nooste Noper vun eiser Sonn.

Den zweethellste Stär β Centauri (Hadar, arabesch „de Bueden“) ass mat enger Distanz vu ronn 525 Liichtjoeren wesentlech méi wäit vun eiser Sonn ewech. Hie liicht blo a gehéiert zu der Spektralklass B1.

[änneren] Duebelstären

Objet Gréissten Ofstand
α 0,0m/5,0m/11,0m 10,5"/2,2°
γ 2,9m/2,9m 0,7"
δ 2,6m/4,5m 269"
J 4,5m/6,2m 60"
ο 5,0m/5,2m 265"
Q 5,3m/6,7m 5,3"

Den γ Centauri ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 130 Liichtjoer. Hie besteet aus zwéi gläich helle Stären, déi wäiss liichten.

Den δ Centauri läit ronn 500 Liichtjoer vun eis ewech. De System besteet aus engem Haaptstär deen hellblo liicht an zu der Spektralklass B2 gehéiert. Säi Begleeder ass och blo a gehéiert zu der Klass B5.

Den ο Cen ass 8.000 Liichtjoer vun eis ewech. De System huet zwéi extrem liichtstaark Stären. Deen een ass giel a gehéiert zu der Spektralklass G2 un, deen anere liicht wäiss a gehéiert zu der Klasse A2. Den Haaptstär ass e verännerleche Stär.

[änneren] Verännerlech Stären

Stär Gréisst Period Typ
η 2,9m bis 3,5m onregelméisseg onregelméisseg Verännerlechen
ο 4,9m bis 5,4m ongeféier 200 Deeg hallefregelméisseg Verännerlichen
R 5,3m bis 11,8m 546 Deeg Mira-Stär

Den η Centauri, deen op enger Distanz vun 300 Liichtjoer läit, ass en onregelméisseg verännerleche Stär mat enger Hellegkeet tëschent 2,9 an 3,5m.

Den Haaptstär vum System, den ο Centauri, ass en hallefregelméissege verännerleche Stär. Seng Hellegkeet variéiert an engem Rhythmus vu ronn 200 Deeg tëschent 4,9 an 5,4 m.

Den R Centauri ass ee verännerleche Stär vum Typ Mira, deen iwwert en Zäitraum vun 546 Deeg seng Hellegkeet ännert. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vu 5,3m. Am Minimum geet seng Hellegkeet bis op 11,8m erof.

[änneren] Messier- an NGC-Objeten

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
3766 5,3m Oppene Stärekoup
3918 8m Planetareschen Niwwel
4755 8m Galaxis Jewelbox
4945 8,5m Galaxis
5128 6,8 m Galaxis Centaurus A
5139 3,7m Kugelstärekoup Omega Centauri
5460 3,7m Oppene Stärekoup

Déi stäreräich Regioun vum südlechen Zentaurus huet eng Rei interessanter Observatiounsobjete. Well de franséischen Astronom Charles Messier den Zentaurus vu sengem Observatiounsstandpunkt aus net konnt gesinn, befënnt sech am Zentaurus kee „Messierobjet“.

Den Oppene Stärekoup NGC 3766 ass ronn 5.000 Liichtjoer vun eis ewech.

De planetareschen Niwwel NGC 7662 gouf am Joer 1834 vum John Herschel entdeckt. Et handelt sech ëm d'Iwwerreschter vun engem Stär, deen 3.500 Liichtjoer vun eis ewech läit.

6.000 Liichtjoer ewech läit den oppene Stärekoup NGC 4755. Et ass ee ganzt schéint Objet, dat och „Jewelbox“ genannt gëtt.

Déi irregulär Galaxis NGC 5128 ass 20 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. An der Galaxis ass eng kosmesch Radioquell, déi Centaurus A genannt gëtt.

1.500 Liichtjoer wäit ewech läit den NGC 5139, oder Omega Centauri genannt. Et ass e Kugelstärekoup.

Den oppene Stärekoup NGC 5460 ass 2.500 Liichtjoer vun eis ewech. An engem mëttleren Teleskop sinn 40 Stäre ze gesinn.

[änneren] Neutronestären

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Um Spaweck

Commons: Centaurus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen