Libra (Stärebild)
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Wo |
| Laténgeschen Numm | Libra |
| Latäin. Genitiv | Librae |
| Latäin. Ofkierzung | Lib |
| Rektaszensioun | 14h 21m bis 16h 02m |
| Deklinatioun | 0° 30´ bis -30° 00’ |
| Fläch | 538 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 60° Nord bis 90° Süd |
| Beschten Observatiounzäitraum | Spéitfréijoer, Summer |
| Unzuel un stäre mat Gréisst < 3 |
2 |
| Hellste Stär, Gréisst |
β Librae (Zuben-el-schemali) 2,61 |
| Meteorstréim | |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Serpens |
|
Kaart vum Stärebild Libra. Déi gestréchelt rout Linn ass d'Ekliptik.
|
|
D'Libra (lb: Wo) ass e Stärebild op der Ekliptik.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
D'Libra (Wo) ass e wéineg markant Stärebild tëschent dem Scorpius (Skorpioun) an der Virgo (Jongfra, Joffer). Zwee vun de Stären sinn méi grouss wéi 3. Gréissteklass.
D'Libra läit op der Ekliptik, sou datt Sonn, Äerdmound an d'Planéiten duerch si doduerch zéien. Si gehéiert soumat zu den Déierekreeszeechen. Allerdéngs huet sech opgrond vun der Prezessiounsbewegung vun der Äerdachs den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géigeniwwer der Antikitéit verännert. D'Sonn hält sech vum 30. Oktober bis den 23. November an der „Wo“ op.
Geschicht [änneren]
D'Libra gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller vun der Antikitéit, déi schonns vum Ptolemäus beschriwwe goufen. Den haitegen Numm Libra gouf ëm 100 n.Chr. vun de Réimer agefouert. Fir si huet Stärebild d'Sënnbild vun der Gerechtegkeet duergestallt.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| β | 27 | Zuben-el-schemali (Zubeneschemali) | 2,61m | 120 | B8 V |
| α2 | 9 | Zuben-el-dschenubi (Zubenelgenubi) | 2,75m | 77 | A3 |
| σ | 20 | Brachium, Cornu | 3,29m | 292 | M3 III |
| υ | 3,60m | ||||
| θ | 39 | 3,6m | 120 | K4 III | |
| τ | 40 | 3,66m | 400 | B3 V | |
| γ | 38 | Zuben-el-Akrab | 3,91m | 152 | G8 IV |
| 16 | 4,47m | ||||
| ι | 4,54m | ||||
| 37 | 4,61m | ||||
| κ | 4,71m | ||||
| δ | 13 | Zuben-el-Akribi | 4,9 bis 5,9m | 304 | B9 V |
| ε | 4,92m | ||||
| 11 | 4,93m | ||||
| 48 | 4,95m | ||||
| 42 | 4,97m | ||||
| λ | 5,04m | ||||
| 36 | 5,13m | ||||
| α1 | 5,13m | ||||
| ν | 21 | 5,19m | |||
| 12 | 5,27m | ||||
| μ | 7 | 5,32m | 250 | A1 + A5 | |
| 41 | 5,36m | ||||
| η | 5,41m | ||||
| 49 | 5,47m | ||||
| ξ2 | 5,48m | ||||
| ζ | 5,53m | ||||
| 50 | 5,53m | ||||
| 32 | 5,64m | ||||
| 4 | 5,70m | ||||
| ξ1 | 5,78m | ||||
| 34 | 5,82m | ||||
| 18 | 5,88m | ||||
| 47 | 5,95m |
β Librae ass 120 Liichtjoer vun eis ewech an huet ee bloe Stär vun der Spektralklass B8 V.
Den Numm Zuben-el-schemali ass arabesch a bedeit „nërdlech Schéier“ (vum Skorpioun).
292 Liichtjoer ewech läit de Stär σ Librae (Brachium). Et ass e roudelzege Stär mat der Spektralklass M4 III.
Den γ Librae ass 152 Liichtjoer ewech. Den arabeschen Numm Zuben-el-Akrab bedeit „Schéier vum Skorpioun“.
Duebelstären [änneren]
| Objet | Gréissten | Ofstand |
|---|---|---|
| α | 2,8 /5,2m | 231" |
| ι | 4,7/9,7m | 8,5" |
| μ | 5,7m/6,6m | 2,0" |
Den α Librae ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 77 Liichtjoer. Opgrond vum wäite Wénkelofstand vun 231 Bousekonnen kënnen si gutt gesi ginn. D'System läit bal genee op der Ekliptik, dofir gëtt et regelméisseg vum Mound bedekt (Stärebedeckung).
Den arabeschen Numm Zuben-el-dschenubi bedeit „südlech Schéier“.
D'Duebelstäresystem ι Librae ass omheféier 250 Liichtjoer vun eis ewech.
Verännerlech Stären [änneren]
| Stär | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| δ | 4,9 bis 5,9m | 2,327 Tage | Bedeckungsverännerlechen |
Den δ Librae ass 304 Liichtjoer vun eis ewech an ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol. Seng Hellegkeet verännert sech regelméisseg mat enger Period vun 2,327 Deeg.
Messier- an NGC-Objeten [änneren]
| Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| 5897 | 8,6m | Kugelstärekoup |
An der Wo steet op enger Distanz vu 45.000 Liichtjoer e Kugelstärekoup mat der Bezeechnung NGC 5897.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (de) http://www.astronomie.de/bibliothek/artikel/sternbilder/waage.htm (Stärekaart)
- (de) http://deepsky.astroinfo.org/Sco/m4/ (Biller vum Skorpioun an der Wo)
- (de) http://www.cortesi.ch/Wissen/wi_waage.htm (D'Déierkreeszeechen Wo)
| Commons: Libra (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |