Radioquell

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Radioquell gëtt an der Radioastronomie en astronomeschen Objet bezeechent, deen opfalend Radiowellen ausstraalt. Déi stäerkst astronomesch Radioquelle si Sonnen, Stären déi explodéieren, Quasaren a sougenannt Radiogalaxien.

Déi éischt Radioquell, déi um Himmel festgestallt gouf, war déi diffus Radiostralung vun eiser Mëllechstrooss (1931/32). Hiren Entdecker, de Karl Jansky, gouf doduerch zum Grënner vun der Radioastronomie, déi sech nom Joer 1950 zu engem Deelgebitt vun der Astronomie entwéckelt huet, dat séier gewuess ass.

Ursaache vun astronomescher Radiostralung[änneren | Quelltext änneren]

Sou Himmelskierper ginn och als radiolaut bezeechent – am Géigesaz zu radioluesen Objeten, déi (bal) keng Radiowellen aussenden. Hir Radiostralung kann duerch folgend physikalesch Mechanismen entstoen:

  • thermesch Ofstralung: Wéinst senger Eegentemperatur emittéiert e Kierper am Kosmos eng Wäermtstralung.
  • Synchrotronstralung: Kosmesch Gasniwwel sinn dacks am Zoustand vun engem Plasma. Ass gläichzäiteg e Magnéitfeld do, da ginn d'Elektronen (an och d'Ionen) op Spiralbunnen ëm d'Feldlinn gezwongen a stralen dofir an tangentialer Richtung kontinuéierlech Synchrotronstralung of. D'Intensitéit vun de Radiowellen hëlt mat der Frequenz of.
  • Gaswolleken: Wann d'Radioquelle Gaswolleke bestralen, gi Radiowelle vun enger bestëmmter Wellelängte entspriechend dem Spektrum vum Gas absorbéiert an isotrop nees ofgestraalt. An der "Duerchsiicht", d. h. wann eng Radioquell hanner der Gaswollek steet, observéiert een Absorptiounslinnen, an allen anere Richtungen Emissiounslinnen, kuckt Spektroskopie. Wichteg Wellelängte sinn:
    • d'Waasserstofflinn mat enger Wellelängt vun zirka 21 cm (1,42 GHz) [1]
    • d'CO-Linn mat enger Wellelängt vun zirka 2,6 mm (zirka 115 GHz)[2]
    • d'OH-Linne mat Wellelängte vun 92,18 a 6 cm a Frequenze bei 327 MHz, 1,6 an 5 GHz [3]
    • d'H2O-Linn mat enger Wellelängt vun 1,35 cm (zirka 22 GHz) [4]
  • Maser: E kosmesche Maser ass eng interstellar Gaswollek, an där duerch eng extern Energiequell eng Besetzungsinversioun tëscht zwéin Zoustänn vum Gas erbäigefouert gëtt. Ähnlech wéi bei engem Laser ginn duerchtriedend Radiowellen duerch stimuléiert Emissioun verstäerkt.

Klasse vu Radioquellen[änneren | Quelltext änneren]

  • d'Sonn: Am Sonnefleckeminimum straalt déi roueg Sonn ongeféier wéi e schwaarze Kierper. Bestëmmt Wellelängteberäicher gi verstäerkt ofgestraalt, wann d'Sonn aktiv ass. Doriwwer eraus sinn Protuberanzen och am Radioberäich ganz gutt z'observéieren.
  • Äerdmound a Planéiten: All Planéite senden eng Schwaarzkierperstralung aus. Besonnesch bei de Gasrise kënne Phenomener wéi d'Bildung oder Ofléisung vu Wierbelstierm oder Wollekebänner Radioausbréch verursaachen.
  • Supernova-Iwwerreschter a Pulsaren an eiser Mëllechstrooss an an anere Galaxien
  • Radiogalaxien an "aktiv Kären"
  • Quasaren (Konschtwuert fir Quasi-stellar Objeten)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Lay: Signale aus dem Weltraum - Einfache Experimente zum Empfang ausserirdischer Radiosignale. Franzis, Poing 2001. ISBN 3-7723-5925-6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Frequenzbereiche der Radioastronomie mpg.de; Radio frequencies of the astrophysically most important spectral lines craf.eu
  2. 1970 CO astrochymist.org
  3. Tabelle 1.4. & 1.6. in: Claudio Maccone: Deep space flight and communications. Springer, Berlin 2009, ISBN 978-3-540-72942-6, S.12 & 13.;
  4. Detection of Water in Interstellar Regions by its Microwave Radiation adsabs.harvard.edu, abgerufen am 8. Juli 2010