Protuberanz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Grouss Protuberanz, opgeholl vum Skylab. Weider kleng Protuberanzen sinn driwwer an um lénken Bildrand ze gesinn
eng eruptiv Protuberanz

Protuberanzen sinn Matièrestréim op der Sonn, déi um Rand vun der Sonnescheif als matt liichtend Béi observéiert kënne ginn. Si kënnen awer och a méi klenge Secteuren am Zentrum vun der Sonn virkommen. Wa se als donkel, fuedemfërmeg Strukture virun der Sonnescheif opdauchen, gi si Filamenter genannt.

Protuberanzen gesäit en dacks als grouss Béi, déi wäit an de Weltraum stoussen. Si hunn dacks eng Längt vun e puer honnertdausend Kilometer, 40.000 km Héicht an eng Déckt vu 5.000 km. Besonnesch staark Stréim kënnen och iwwer eng Millioun Kilometer wäit iwwer d´Sonnenuewerfläch eropgoen, woubäi de Bou ophiewe kann an dobäi seng Matière an de Weltraum schleidert.

Mir ënnerscheeden zwou Aarte vu Protuberanzen:

  • Rouend Protuberanzen sinn Strukturen, wou sech d´Form dacks Méint laang wéineg verännert. Si trieden ot an der Géigend vu Sonneflecken op a gonn duerch staark Magnéitfelder veruersaacht an an hirer Form gehalen. Dobäi fléisst Matière laanscht déi magnétesch Feldlinnen iwwert der Sonnenuewerfläch. Si killt of an erschéngt méi donkel wéi d´Ëmgéigend.
  • Eruptiv Protuberanzen (Koronal Massenauswërf, och aktiv Protuberanzen genannt, dacks och allgemeng Sonneneruptioun) sinn Phänomene, déi nëmmen e puer Minutten oder Stonnen daueren. Heibäi gëtt Matière mat bis zu 1.000 km/s vun der Sonn ewech geschleidert. Si entstinn heiansdo aus rouenden Protuberanzen, déi no dem Ausbroch meeschtens nees hir aal Form unhuelen.

Besonnesch staark Sonneprotuberanzen trieden ongeféier all 11 Joer op. Während dëser Zäit sinn op de Polgebidden vun der Äerd heefeg Polarliichter ze gesinn.

D´Observatioun vu Protuberanzen war bis virun e puer Joerzéngten nëmmen während enger Sonnendäischtert méiglech, well d´Liichtkraaft vun dësen Eruptiounen villfach méi schwaach ass wéi déi vun der Photosphär. Zënter datt et Instrumenter gëtt, déi eng Art kënschtlech Sonnendäischtert maachen, sinn jidderzäit Observatiounen a Miessungen méiglech. Beispiller sinn:


[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools