Koronograph
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Koronograph, engl. Coronagraph ass en astronomescht Instrument fir d´Observatioun vun der Sonnenatmosphär, virun allem vun der Korona. E besteet aus engem equatorial montéierten Teleskop an speziellen Ariichtungen zum Ofdämpen vum Sonneliicht.
Well d´Hellegkeet vun der Sonnekorona ongeféier eng Millioun mol manner ass wéi déi vun der Photosphär, muss dat iwwerstralend Sonneliicht ausgeblend ginn. Dëst geschitt duerch eng Kegelblend an speziell Filter, wouduerch eng Art kënschtlech Sonnendäischtert entsteet.
D´Koronographen ginn och agesat, fir d´¨Emgéigend vun helle Stären ze kucken, beispillsweis de Stär Fomalhaut b an der Noperschaft vun Fomalhaut.