Cassiopeia A
Cassiopeia A ass en Emissiounsniwwel am Stärebild Cassiopeia op enger Distanz vu ronn 11.000 Liichtjoer. Hien huet en Duerchmiesser vu ronn 10 Liichtjoer.
Et ass e Rescht vun enger Supernovaexplosioun, déi op der Äerd ëm d'Joer 1680 hätt kéinten observéiert ginn, wa si net hannert de Gas- a Stëbswolleke geschitt wier. Méiglecherweis war Cas A e Stär vun der sechster Gréisst, deen den Astronom John Flamsteed zu senger Zäit als Supernova observéiere konnt. Haut ass de Cassiopeia A déi stäerkst extrasolar Radioquell um Himmel. D'Radioquell gouf 1947 entdeckt, déi optesch Identifizéierung ass 1950 gelongen. Cassiopeia A war dee jéngste bekannte Supernovarescht an eiser Galaxis bis zu der Entdeckung vum Supernovarescht G1.9+0.3.
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
- Rektaszensioun: 23h 23m 24.00s
- Deklinatioun: +58° 48' 54"