Lupus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Lupus
Lëtzebuergeschen Numm Wollef
Laténgeschen Numm Lupus
Laténgesche Genitiv Lupi
Laténgesch Ofkierzung Lup
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 14h 17m bis 16h 8m
Deklinatioun -55° 34' bis -29° 50'
Fläch 334 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 35° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stäre mat
Gréisst < 3m
3
Hellste Stär,
Gréisst
α Lupi,
2,30m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Libra
Centaurus
Circinus
Norma
Scorpius
Kaart vum Stärebild Lupus

De Wollef, laténgesch: Lupus ass e Stärebild um Südhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Lupus läit tëscht de markante Stärebiller Scorpius an dem Centaurus. Dräi vu senge Stäre si méi hell wéi déi 3. Gréissteklass. Duerch de südlechen Deel zitt d'Mëllechstrooss. Dofir gëtt et am Stärebild Lupus eng sëllech niwweleg Objeten. Wéinst senger südlecher Positioun kann de Lupus bei äis net observéiert ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Lupus gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller, déi schonn an der Antikitéit bekannt waren. Si goufe vum Ptolemäus beschriwwen.

Am Joer 1006 huet am Lupus eng extrem hell Supernova opgeliicht, déi haut als Supernova 1006 bezeechent gëtt.

Mythologie[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Sumerer, Assyrer a Babylonier gouf d'Stärebild och scho Wollef genannt an huet als Verkierperung vum Gott Kusu gegollt.

Am antike Griicheland gouf en Therion genannt. Dat Déier gouf vum Centaurus op engem Altor geaffert.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α Men, Kakkab 2,30m 500 B1 III
β 2,68m 500 B2 IV
γ 2,80m 400 B2 IV
δ 3,22m 600 B2 IV
ε 3,37m 400 B3 IV
ζ 3,41m 120 G8 + F8
η 3,42m 600 B2 IV
ι 3,55m 400 B3 IV
φ1 3,57m 200 K5 III
κ 3,7m 200 B9 + A2
π 3,91m 400 B5 + B5
χ 5 3,97m
ρ 4,05m
λ 4,07m
θ 4,22m
μ 4,27m 251 B8 + B8 + A0 + F5
ο 4,32m
τ2 4,33m
ω 4,34m
f 2 4,35m
σ 4,44m
φ2 4,54m
d 4,55m 800 B3 + B8
τ1 4,56m
k 4,60m
g 4,64m
ψ1 3 4,66m
ψ2 4 4,75m
e 4,83m
i 1 4,91m
ν1 4,99m
ξ1 4 5,14m
b 5,22m
h 5,23m
υ 5,36m
c 5,38m
a 5,39m
ξ2 5,59m
ν2 5,65m

Den β Lupi läit op enger Distanz vu 500 Liichtjoer vun eis ewech. Hie liicht blo a gehéiert zu der Spektralklass B2 IV.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
ζ 3,41 /6,7m 71"
η 3,42 /7,8m 15"
κ 3,88 /5,7m 27"
ξ 5,2/5,6m 10,7"
π 4,6/4,7m 1,6"
μ 5,0 / 5,1 / 7,2/ 7,1m 1,0 / 23,6 / 242"

Den κ Lupi ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 200 Liichtjoer. Déi béid Komponente gehéiere zu de Spektralklasse B9 an A2. De Wénkelofstand ass 27 Bousekonnen.

D'System ξ Lupi ass 250 Liichtjoer ewech. Et besteet aus zwéi Stären, déi wäiss liichten a gehéieren zu de Spektralklassen A0 an A2.

Den μ Lupi ass 250 Liichtjoer ewech. Et ass ee Véierfachstär.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
α 2,30 +/- 0,03m 6,23 Stonnen Beta-Cephei-Stär

Den α Lupi, den hellste Stär am Lupus, läit op enger Distanz vu 548 Liichtjoer an huet d'Spektralklass B1 III. Hien huet déi 10fach Mass an den 10fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. Seng Hellegkeet verännert sech iwwer en Zäitraum vun 6 Stonnen an 14 Minutten ëm déi kleng Zuel vun 0,03 Gréissteklassen. Et handelt sech ëm een verännerleche Stär vum Typ Beta-Cephei.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC divers Gréisst Typ Numm
5749 8,8m Oppene Stärekoup
5822 6,5m Oppene Stärekoup
5824 9,0m Kugelstärekoup
5882 10,5m Planetareschen Niwwel
5927 8,0m Kugelstärekoup
5986 7,1m Kugelstärekoup

Am Lupus ass den Oppene Stärekoup NGC 5749 an NGC 5822.

Den NGC 5822 ass zirka 2.500 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus ronn 100 Stären.

Den NGC 5986 ass zirka 35.000 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.

Den Oppene Stärekoup NGC 5822 huet eng Ausdehnung vun nëmme 6 Bousekonnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lupus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien