Crux (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Crux
Lëtzebuergeschen Numm Südlecht Kräiz
Däitschen Numm Kreuz des Südens
Laténgeschen Numm Crux, Crux australis
Laténgesche Genitiv Crucis
Laténgesch Ofkierzung Cru
Rektaszensioun 11h 56m bis 12h 58m
Deklinatioun -55°40´ bis -64°40´
Fläch 68 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 25° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stärenzuel mat
Gréisst < 3m
4
Hellste Stär,
Gréisst
Acrux (α Crucis)
0,77m
Meteorstréim  
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Centaurus
Musca
Crux constellation map-fr.png

D'Südlecht Kräiz, Latäin: Crux, ass e Stärebild um Südhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Crux ass e klengt awer opfällegt a ganz bekannt Stärebild. Déi véier hellste Stäre formen ee markant Kräiz um Himmel. Et läit matten am helle Band vun der Mëllechstrooss. Südlech ass eng opfälleg Donkelwollek, „Kuelesak“ genannt, ze gesinn.

D'Stärebild ass am Osten, Westen an Norde vun dem grousse Stärebild Centaurus ëmginn.

Bei eis ass dat Stärebild net ze gesinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Crux ass keent vun den 48 klassesche Stärebiller vun der Antikitéit. Zu der Zäit vum antike Griicheland war d'Stärebild zwar nach um nërdleche Stärenhimmel ze gesinn, gouf awer dem Centaurus zougedeelt. Duerch d'Prezessiounsbewegung vun der Äerd huet sech d'siichtbar Positioun vum Stärebild no Süde verréckelt.

Déi europäesch Séifuerer goufen am 16. Joerhonnert op dat Stärebild op der südlecher Hallefkugel opmierksam, woubäi si doran dat chrëschtlecht Kräiz gesinn hunn. D'Kräiz huet hinnen als Orientéierung gedéngt, well d'senkrecht Achs op de südlechen Himmelspol weist. D'Stäre vum Kräiz ware schonn 1501 dem Amerigo Vespucci bekannt. Méi genee beschriwwe goufen d'Positiounen am Joer 1515 vum Andrea Corsali. Als Stärebild a senger haiteger Form gouf et fir d'éischt am Joer 1589 vum Petrus Plancius op engem Globus agezeechent.

De Johannes Bayer huet 1603 d'Stärebild Crux net a säi Stärenatlas Uranometria iwwerholl. Et daucht eréischt am Atlas Firmamentum Sobiescianum (Uranographia) vum Hevelius' op.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α Acrux, Trishanku 0,77m 321 B0 IV + B1V
β Becrux, Mimosa 1,25m 353 B0 III
γ Gacrux 1,59m 87,9 M4 III + A3
δ Decrux, Delcrux 2,79m 364 B2 IV
ε 3,4 bis 4,0m 228 K3 III
μ1 4,03m 378 B1 IV
ζ 4,06m 361 B2 V
η 4,14m 64,2 F2 III
θ1 4,32m 230 A
λ 4,62m 360 B4 V
ι 4,68m 125 K1 III
θ2 4,72m 753 B2 IV
μ2 5,08m 378 B5 V
κ 5,89m 1700 B5 I-a

Déi hellste Stären droen d'Nimm Acrux, Becrux, Gacrux an Decrux. Dat sinn einfach Ofkierzunge fir alpha, beta, gamma an delta am Zesummenhang mat dem laténgeschen Numm Crux.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
α 1,3m/1,7m/4,8m 4,0/90en"
γ 1,6m/6,4m 128"
μ 4,03m/5,08m 34,9"
Kräiz vum Süden

Den Acrux besteet aus dräi Stären, zwéin extrem liichtstaark Stäre mat de Spektralklasse B1 an B2, souwéi een eppes méi schwaache Stär mat der Spektralklass B4. Scho mat engem klengen Teleskop sinn déi dräi wäiss Stären ze gesinn.

De Gacrux ass en Duebelstär, a besteet aus engem liichtstaarke roude Risestär mat der Spektralklass M4, an engem méi schwaache wäisse Begleeder mat der Spektralklass A3. De Wénkelofstand ass 128 Bousekonnen.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
β 1,25m Beta-Cephei-Stär
ε 3,4 bis 4,0m onregelméisseg onregelméisseg verännerleche Stär

De Becrux (och Mimosa genannt) läit op enger Distanz vun 353 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass een Verännerleche Stär vum Typ Beta-Cephei.

Den ε Crucis ass een onregelméisseg verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet ouni erkennbar Period tëscht 3,4 a 4,0m schwankt. Hien ass 150 Liichtjoer ewech a gehéiert zu der Spektralklass K3.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC divers Gréisst Typ Numm
4755 4,2m Oppene Stärekoup Jewelbox (Juwelekëscht)
Donkelniwwel Kuelesak

Den Oppene Stärekoup NGC 4755 ass ronn 5.000 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Scho mat bloussem A ass eng Usammlung vu Stären ze gesinn. Am Teleskop ass et eng schéi Vue op blo an orange-rout Stären.

Südwestlech vum Crux ass een opfällegen Donkelniwwel, de Kuelesak ze gesinn. Et handelt sech dobäi ëm eng Wollek mat Matière wéi Gas a Stëbs op enger Distanz vun 2.000 Liichtjoer, déi d'Liicht vun de Stären, déi dohanner sinn, absorbéiert. Am Teleskop weist et interessant Strukturen.

Fändele mat dem Stärebild Crux[änneren | Quelltext änneren]

D'Staaten Australien, Samoa, Neiséiland, Papua-Neuguinea a Brasilien souwéi folgend australesch Bundesstaate Victoria, Australian Capital Territory, Northern Territory hunn d'Kräiz vum Süden an hire Fändel opgeholl, Australien och als Motiv op enger Mënz.

Och déi australesch Chrëschtinsel am Indeschen Ozean am australesche Bundesstaat Western Australia.) huet d'Kräiz vum Süden op sengem offiziellen Fändel opgeholl. Weider weist de Fändel vun der südamerikanescher Zollunioun Mercosur d'Kräiz.

Als Südlecht Kräiz gëtt och de Fändel vun de Konfederéierte Staate vun Amerika bezeechent. Dat huet awer mat dem Stärebild näischt ze dinn.

Historesch Duerstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Hevelius: Uranographia 1690 – Emisfero Sud, Museo Astronomico di Brera
  • Johann Bode: Uranographia 1801 – Duerstellug am Ridpath: Startales.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kreuz des Südens – Biller, Videoen oder Audiodateien