Johannes Hevelius

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Johannes Hevelius

De Johannes Hevelius (no senge Schrëften a laténgescher Sprooch, däitsch Johannes Hevel oder och Johann Hewelcke, polnesch Jan Heweliusz; gebuer den 28. Januar 1611 zu Danzeg (haut Gdańsk); a gestuerwen den 28. Januar 1687 zu Danzeg war een Astronom a gëllt als Grënner vun der Kartographie vum Mound.

Quadrant (1644)

Den Hevelius staamt aus enger räicher Danzeger Patrizier a Brauerfamill. Hie studéiert 1630 Droit zu Leiden, mécht Reesen an England an a Frankräich. 1634 huet hien op Verlaange vu sengem Papp sech a senger Gebuertsstad als Brauer niddergelooss. No sengem Bestietnes am Joer 1635 mat dem Katharine Rebeschke ass den Hevelius an d'Zunft vun de Béierbrauer agetratt.

Nodeem säi Papp 1649 gestuerwe war, huet den Hevelius op den Diecher vu sengem Haus (et waren der dräi niefteneen) een Observatoire opgeriicht. No an no huet hie sech déi néideg Instrumenter besuergt, verschidden Teleskope, mat deenen hien d'Uewerfläch vum Äerdmound ënnersicht huet. Aus dëser Zäit besteet säi berühmt Wierk Selenographia sive Lunae Descrptio ....

Den Hevelius gouf 1651 Ratsherr an dann och nach Buergermeeschter zu Danzeg. Zanter 1639 louch säin Haaptinteressi awer bei der Astronomie, och wann hie sech säi Liewe laang fir städtesch Ugeleeënheeten engagéiert huet. 1641 huet hien ee ganz gudden Observatoire opgebaut mat ë. a. engem selwer gebauten Teleskop vu 45 m Längt.

Den Hevelius huet Sonneflecke beobacht an huet nei Stärebiller festgeluecht a Moundkaarte gemoolt an och d'Libratioun vum Mound festgestallt. Seng Fuerschungen iwwer de Mond publizéiert hien am Joer 1647 a sengem Wierk Selenographia. An de Joren 1652, 1661, 1672 an 1677 huet hie 4 Koméiten entdeckt. Opgrond vu senge Beobachtunge stellt hien Thes op, datt Koméiten d'Sonn a parabelfërmege Bunnen ëmkreesen.

1679 ass säin Observatoire ofgebrannt. All seng Bicher an Instrumenter sinn dobäi zerstéiert ginn. Den Neibau huet hien net méi materlieft.

Den Hevelius gëllt als e bedeitenden Astronom aus senger Zäit a gouf vu ville Säiten ënnerstëtzt, sou z. B. vum Louis XIV aus Frankräich an dem polnesche Kinnek Jan Sobieski III., deem hien dem Stärebild Scutum (Schëld) gewidmet huet.

De Johannes Hevelius ass op sengem Gebuertsdag, den 28. Januar 1687, mat 76. Joer gestuerwen. 1935 Gouf e Moundkrater Hevelius no him genannt.

E puer Wierker vum Hevelius[änneren | Quelltext änneren]

  • Selenographia (1647)
  • Cometographia (1665)
  • Machina coelestis éischten Deel 1673. Den zweeten Deel ass ganz selen, well beim Brand vu 1679 bal déi ganz Ausgab zerstéiert ginn ass.
  • Annus climactericus
  • Prodromus astronomiae 1664; postum 1690 verëffentlecht
Commons: Johannes Hevelius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johannes Hevelius – Biller, Videoen oder Audiodateien