Scutum (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Scutum
Lëtzebuergeschen Numm Schëld
Laténgeschen Numm Scutum
Laténgesche Geenitiv Scuti
Laténgesch Ofkierzung Sct
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 18h 21m bis 18h 59m
Deklinatioun -3° 50’ bis -16° 00’
Fläch 109 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 74° Nord bis 64° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
α Scuti,
3,85m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Serpens
Sagittarius
Aquila
Kaart vum Stärebild Scutum

D'Stärebild Scutum (Schëld) ass e Stärebild an der Géigend vum Himmelsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Schëld ass e klengt, onschäinbaart Stärebild südlech vum Aquila (Aadler). Et läit an der stäreräicher Mëllechstrooss, dofir fënnt een am „Schëld“ vill niwweleg Objeten, wéi och zwee oppe Stärekéip an een Kugelstärekoup.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild gouf fir d'éischt am Joer 1690 am Wierk Firmamentum Sobiescianum vum Johannes Hevelius agefouert an ass dem polneschem Kinnek Jan III. Sobieski (1629 - 1696) duerbruecht ginn, deen am Joer 1683 bei der Schluecht um Kahlenbierg vun der Stad Wien vun den tierkesche Belagerer befreit gouf. Et symboliséiert d'Schëld, deen de Kinnek an der Schluecht gedroen huet. Am Ufank war dofir och den Numm vum Stärebild Scutum Sobiescii (Schëld vum Sobieski, zum réimesche Legionärsschëld Scutum). Et ass net dat eenzegt Stärebild, dat sech op eng Persoun vun der Neizäit bezitt. D'Stärebild "Telescopium" zum Beispill huet am Ufank "Telescopium Herschelii" geheescht.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Numm Gréisst Distanz a Liichtjoer Spektralklass
α 3,85m 174 K2 III
β 4,22m 690 G5 II.
ζ 4,68m 191 K0 III
γ 4,70m 292 A1 IV/V
δ 4,60 bis 4,79m 187 F2 IIIp
η 4,83m 207 K1 III
ε 4,88 523 G8 II
Struve 2325 5,72
R 4,4 bis 8,2m 2500 G7 Ib

Den hellste Stär am Scutum ass den α Scuti. Hie läit 174 Liichtjoer vun eis ewech an ass en orange liichtende Stär mat dem 20fachem Duerchmiesser an der 130facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.

Méifachstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
δ 4,72v / 9,2 / 12,2
Struve 2325 5,8 / 9,1

De δ Scuti läit 187 Liichtjoer vun eis ewech an ass e Méifachstäresystem, wat aus dräi Stäre besteet..

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
δ 4,60 bis 4,79m 4,67 Stonnen Kuerzperiodesch Verännerlecher
R 4,4 bis 8,2m 140 bis 146 Deeg RV-Tauri-Stär

Den Haaptstär vum System δ Scuti gëtt säin Numm hir fir eng Grupp vu kuerzperiodesch pulsationsverännerleche Stären, den Delta-Scuti-Stären. Seng Hellegkeet verännert sech iwwer en Zäitraum vu 4 Stonnen a 40 Minutten tëscht 4,60 bis 4,79m. De Stär huet ongeféier déi zweefach Mass an déi 15fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Spektroskopesch Ënnersich weisen, datt seng Hüll räich un schwéieren Elementer ass.

Den R Scuti läit ronn 2500 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass en hallefreegelméissegen pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ RV-Tauri. Bei dëse Stäre wiessele sech flaach an déif Hellegkeetsminima of.

Messier- an NGC-Objete[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
11 6705 5,8m Oppene Stärekoup Wild-Duck-Nebula
26 6694 8,0m Oppene Stärekoup
6712 8,5m Kugelstärekoup

Am Scutum sinn zwéin oppe Stärekéip déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) opgeholl huet.

5.700 Liichtjoer wäit ewech läit den oppene Stärekoup M 11. Well seng Form un eng Int, déi flitt erënnert, gëtt dëse Stärekoup och „Wild-Duck-Nebula“ (Wëllintenniwwel) genannt.

De M 26 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer. Hien ass net sou androcksvoll wéi den M 11.

Den NGC 6712 ass e Kugelstärekoup, dee ronn 20.000 Liichtjoer wäit ewech läit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Scutum – Biller, Videoen oder Audiodateien