Roude Ris

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hertzsprung-Russell-Diagramm:
Absziss: Faarwenindex
Ordinat: absolut Hellegkeet
0, Ia, Ib: Iwwerrisen, II: Hell Risen, III: Risen, IV: Ënnerrisen, V: Haaptsequenz (Zwergen) , VI: Ënnerzwergen, VII: Wäiss Zwergen

E Roude Ris ass e Stär mat enger grousser Ausdehnung an – am Verglach zu anere Stäre vun der Haaptrei – relativ niddreger Temperatur. Beispiller heifir sinn den Aldebaran, am Stärebild Taurus, an den Arcturus.

Eegeschaften[änneren | Quelltext änneren]

Duerch déi niddreg Temperature vun 2000 bis 3500 Kelvin läit de Maximum vu senger Schwaarzkierperstralung am roude Faarweberäich, entspriechend der Spektralklass M souwéi de seelene Klassen R, S an N. Opgrond vu senger Ausdehnung an domat verbonnener grousser Uewerfläch ass déi ofgestrahlte Liichtquantitéit an domat d'Liichtkraaft héich, sou datt e roude Ris en helle Stär oder an der Fachterminologie e Stär mat grousser absoluter Hellegkeet, ass. Wéinst der niddreger Temperatur an der héijer Liichtkraaft si rout Risen am rietsen ieweschte Beräich vum Hertzsprung-Russell-Diagramm.

Nukleosynthes[änneren | Quelltext änneren]

Bei Stäre vu mëttlerem Alter (z. B. der Sonn) gëtt am Kär Waasserstoff zu Helium ëmgewandelt. Am Laf vun der Zäit ass de Waasserstoff-Bestand an der Brennzon vum Stär awer bal opgebraucht, wat dozou féiert, datt Helium-Käre mat Helium- oder Waasserstoff-Käre verschmëlzen.

D'Elementer, déi bannen am Stär produzéiert ginn, ginn ëmmer méi schwéier. Wann d'Kärfusioun beim Element Eisen ukomm ass, héiert si op, well d'Verschmëlze vun zwéin Eise-Kären en endothermen Oflaf ass, d. h., et gëtt dobäi méi Energie gebraucht wéi fräigesat.

Rout Risen als Phase vun der Stärenentwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Vill Haaptreiestäre ginn um Enn vun hirer Entwécklung e Roude Ris. Nom Enn vum Waasserstoffbrennen entsteet duerch eng, duerch d'Gravitatioun bedéngte Kontraktioun, d'Heliumbrennen am Kär vum Stär. Déi domat verbonnen Temperaturerhéijung féiert zu enger séierer Ausdehnung vun de baussenzege Gasschichten op vill 100 Sonneradien. Si killen dobäi of a maachen de siichtbare Mantel vum Stär dee rout liicht.

Wéinst hirer Ausdehnung hunn déi baussenzeg Gasschichten eng ganz kleng Dicht a sinn nëmmen nach schwaach duerch d'Gravitatioun vum Stär gebonnen. Dofir entwéckelt sech am Laf vum Roude-Ris-Stadium e staarke Stärewand, duerch deen déi baussenzeg Gasschichte vollstänneg ofgestouss ginn; si ëmginn hien da fir eng gewëssen Zäit als planetareschen Niwwel.

Nodeem all Kärreaktiounen um Enn sinn - geet e roude Ris, ofhängeg vu senger Mass – an e Wäissen Zwerg, en Neutronestär oder an e Schwaarzt Lach iwwer.

Entwécklung vum Roude Ris bis zum Wäissen Zwerg[änneren | Quelltext änneren]

Duerch hir Ausdehnung hunn déi baussenzeg Gasschichten eng ganz kleng Dicht a sinn nëmmen nach schwaach duerch d'Gravitatioun vum Stär gebonnen. Dofir entwéckelt sech am Verlaf vu sengem Roude-Ris-Stadium e staarke Stärewand, duerch deen déi baussenzeg Gasschichte vollstänneg ofgestouss ginn; si ëmginn hien da fir eng gewëssen Zäit als Planetareschen Niwwel. Bei roude Risen ënner aacht Sonnemasse schrompe se zesummen zu wäiss Zwergen. Bei méi wéi aacht Sonnemassen setzen um Enn vum Heliumbrennen weider Fusiounsprozesser an, bis de Roude Ris als Supernova explodéiert.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Ënnerscheed vum Roude Ris Aldebaran zu eiser Sonn
Numm Mass Radius Liichtkraaft
Aldebaran (α Tau A) 2,5 M 25 R 156 L
Arktur (α Boo) 1,5 M 25,7 R 210 L
Enif (ε Peg A) 10–11 M 150 R 6.700 L
Gacrux (γ Cru) M 113 R 1.500 L
La Superba (Y CVn) M 215 R 4.400 L
Menkar (α Cet) M 84 R 1.800 L
Mira (ο Cet A) 1,2 M 400 R 8.400 L
Ras Algethi (α Her A) 7–8 M 300 R 17.000 L

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Charbonnel C., Meynet G., Maeder A., Schaerer D.: Grids of stellar models. VI. Horizontal branch and early asymptotic giant branch for low mass stars (Z = 0.020, 0.001) in: Astronomy and Astrophysics Supplement Series Band 115, S. 339–344, 1996
  • Norbert Langer: Leben und Sterben der Sterne. C.H.Beck'sche Verlagsbuchhandlung, München 1995. ISBN 3-406-39720-4.
  • Schaller G., Schaerer D., Meynet G., Maeder A.: New grids of stellar models from 0.8 to 120 solar masses at Z = 0.020 and Z = 0.001 in: Astronomy and Astrophysics Supplement Series Band 96, S.269-331, 1992
  • Theodor Schmidt-Kaler: Physical Parameters of Stars in: Landolt-Börnstein New Series, Vol. 2b, ed. K. Schaifers & H.H. Voigt (New York:Springer) 1982.
  • Klaus Werner, Thomas Rauch: Die Wiedergeburt der Roten Riesen. Sterne und Weltraum 46(2), S. 36–44 (2007), ISSN 0039-1263

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roter Riese – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie