Aldebaran (Stär)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Aldebaran


Aldebaran ass de Numm vum Stär α Tauri am Stärebild Stéier. De Numm stammt of vum arabeschen الدبران ad-dabaran a bedeit de Nofolger, well de Stär de Plejaden um Himmel nozelafe schéngt. Hien ass en Deel vum Wantersechseck. Aner Nimm : Cor Tauri (Häerz vum Stéier), Parilicium, Palilicium

Den Aldebaran ass een Stäresystem op enger Distanz vun 68 Liichtjoer (20,90 Parsec). Hie gehéiert zu der Spektralklass K5 an der Liichtkraaftklass III. Seng visuell Magnitude ass 0,85 m, déi absolut Hellegkeet ass -0,6 m.

Aldebaran

Den Aldebaran kann als ekliptiknoen Stär vum Mound bedeckt ginn. Bedeckungen vum Aldebaran duerch Planéiten sinn zur Zäit wéinst der Lag vun de Bunnkniet net méiglech.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0):

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Aldebaran – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Quellen

Perséinlech Tools