Arcturus (Stär)
Den Arcturus oder Arktur (α Bootis) ass den hellste Stär am Stärebild Bootes. Et ass e Roude Ris, dee véierthellste Fixstär um Nuetshimmel a vun alle Kontinenten aus ze gesinn (mat Ausnahm vun der banneschter Antarktis. Et fënnt een hien an der Verlängerung vun der Täissel vum Grousse Won. Wann een dës Richtung weider verlängert, kënnt een zum Stär Spica.
- Visuell Magnitude: -0,06m
- Absolut Hellegkeet: -,03m
- Rektaszensioun (Equinoxe J2000.0): 14h15m39.70s
- Deklinatioun (Deklinatioun J2000.0): +19°10′57.0″
- Spektraltyp: K0
- Distanz: 36,7 Liichtjoer
Wouhier kënnt den Numm [änneren]
Den Numm Arktur leet sech vum griicheschen arktouros (αρκτούρος), "Bierenhidder", of a verwäist op d’Positioun als hellste Stär am Zeechen vum Bootes, dem Bierenhidder, deen um Nuetshimmel de klengen an de groussen Bier vir sech hin ze dreiwe schéngt.
Den arabesche Numm vum Stär ass Haris el sema, Herrscher vum Himmel.
An der chinesescher Astronomie huet de Stär Arcturus dà jiǎo (chinesesch Schrëft: 大角), "grousst Har" geheescht, wat hirleet op den hellste Stär vum chineseschen Stärebild "Har" (角宿, Pinyin: jiǎo xiù) ass.
Kuckt och [änneren]
- ABC vun de Stären
- Gréisst Stären
- Noost Stären
- Hellst Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
- Hyperris
- Fréijoersdräieck
Um Spaweck [änneren]
- (de) Eegebewegung vum Arktur
- (en) Gréissevergläch vu Planéiten bis zu de gréisste Stären (Video mat engl. Bezeechnungen)
| Commons: Arcturus – Biller, Videoen oder Audiodateien |