Bootes (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Bootes
Lëtzebuergeschen Numm Bierenhidder
Laténgeschen Numm Bootes
Laténgesche Genitiv Boötis
Laténgesch Ofkierzung Boo
Positioun Nërdleche
Fixstärenhimmel
Rektaszensioun 13h 35m bis 15h 50m
Deklinatioun +8° bis +55°
Fläch 907 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 90° Nord bis 50°Süd
Beschten Observatiounszäitraum Fréijoer
Stärenzuel mat
Gréisst < 3m
3
Hellste Stär,
Gréisst
Arcturus,
Arcturus (α Boötis),
-0,04m
Meteorstréim Quadrantiden,
Juni-Bootiden
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Draco (Dra), Ursa Major (UMa)
Coma Berenices (Com), Virgo (Vir)
Libra (Lib), Serpens (Ser)
Corona Borealis(CrB), Hercules (Her)

De Bierenhidder (laténgesch Bootes, ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Bootes ass en opfällegt Stärebild um Fréijoershimmel. Seng Figur erënnert un e Kannerdrach oder eng grouss Glassentut.

E steet tëscht dem Hercules an der Virgo. Fir en ze fanne kann e sech um Grousse Won (Ursa Major) orientéieren. Wann een de Bou vun den Täisselstäre verlängert, kënnt e bei den opfällege roudelzegen Arcturus, den hellste Stär am Bootes.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Bootes gehéiert zu den 48 Stärebiller vun der antiker griichescher Astronomie, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Den Numm Bootes leet sech aus dem algriicheschen of a bedeit eigentlech Ochsendreiwer oder Stéierdreiwer.

Stärebild Bootes (Kaart)
Stärebild Bootes (Stéch)

Meteorstréim[änneren | Quelltext änneren]

Am Bootes läit de Radiant vun de Quadrantiden, engem Meteorstroum, deen all Joer ëm den 3. Januar säi Maximum huet. Da kënnen 40 bis 200 Meteore pro Stonn observéiert ginn.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen m M Lj Spektralklass
α 16 Arcturus , Arktur, Haris el sema -0,04 -0,31 36,7 K2 III
ε 36 Izar, Mirak, Pulcherrima 2,35 -1,69 210 K0 II + A2 V
η 8 Muphrid 2,68 2,41 37 G0 IV
γ 27 Ceginus, Seginus, Haris 3,03 0,96 85 A7 III
δ 49 3,46 0,69 117 G8 III
β 42 Nekkar, Nakkar, Meres 3,49 -0,64 148 G8 III
ρ 25 3,57 0,27 149 K3 III
ζ 30 3,78
θ 23 Asellus Primus 4,04 47 F7 V
υ 4 4,05
λ 19 4,18
μ 51 Alkalurops, Inkalunis, Clava, Venabulum 4,31 120
σ 28 4,47
π1 29 4,49
τ 49 4,50
ψ 43 4,52
κ 17 Asellus Tertius 4,54 155 A8 IV + A5
ξ 37 4,54
ο 35 4,60
ι 21 Asellus Secundus 4,75 97 A9 V + A2
ω 41 4,80
A 4,80
d 12 4,82
i 44 4,83
e 6 4,92
c 45 4,93
ν2 53 4,98
ν1 53 5,04
φ 54 Ceginus 5,25
38 Merga, Marrha, Falx Italica 5,79 153 F7 IV

Den Arcturus (α Bootis) ass den hellste Stär vum Nordhimmel an deen drëtthellste Stär, deen een um Himmel ka gesinn. Et ass e Roude Ris Spektralklass K2 a läit op enger Distanz vu 36 Liichtjoer. Hien huet den 30fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. Mat enger Distanz vu 36,7 Liichtjoer ass hien dee notste Risestär. Seng héich Eegebewegung vun 2,28 Bousekonnen pro Joer gouf vum Astronom Edmond Halley entdeckt.
De Name Arcturus leet sech aus der arabeschem of a bedeit sou vill wéi „Jeeër deen d'Bierin am A behält“. Den arabeschen Numm Haris el sema bedeit „Herrscher vum Himmel“.

D'Stären θ ι an κ Bootis droen d'laténgesch Nimm Asellus Primus, Secundus an Tertius, wat éischten, zweeten an drëtten Iesel heescht.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System m Ofstand
ε 2,5 / 4,9 2,8"
&delta: 3,5 / 7,8 105"
η 4,3 / 7,1 / 7,8 108"
ζ 4,5 / 4,6 0,7"
κ2 4,5 / 6,7 13,6"
ξ 4,7 / 7,0 6,0"
ι 4,8 / 7,7 38,5"
π 4,9 / 5,8 5,5"
ξ 4,8 / 6,9 6,6"
ν 4,98 / 5,04 14’
44 5,1 / 7,0 2,2"
39 6,2 / 6,8 2,8"

Am Bootes fënnt een eng ganz Rei vu Méifachstären.

Den ε Bootis ass en Duebelstär op enger Distanz vun 150 Liichtjoer. Am Teleskop gesäit een en déifgielen, helle Stär, dee vun engem bloelzegen Stär begleet gëtt. Dësen Duebelstärsystem gëtt dacks als ee vun deene schéinste bezeechent.
Den arabeschen Numm Izar bedeit „Ceinture“, de laténgeschen Numm Pulcherrima déi „Wonnerschéin“.

De η Bootis ass en Dräifachsystem op enger Distanz vun 55 Liichtjoer. Den ι Bootis ass en Dräifachsystem op enger Distanz vun 100 Liichtjoer vun eiser Äerd. Déi zwee hellste Stäre kënne mat engem Teleskop an Eenzelstäre opgeléist ginn. Dee liichtschwaache Begleeder ass pch nach e verännerleche Stär.

De Stär ν1 an de ν2 Bootis stinn mat 14 Bouminutten sowäit auseneen, datt si scho mat bloussem A getrennt kënne ginn.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet m Period Typ
W 4,7 bis 5,4 30 bis 450 Deeg Hallefregelméisseg Verännerlechen
ι 6,5 bis 7,1 0,2678 Deeg Bedeckungsverännerlechen

De W Bootis ass en hallefregelméisseg verännerleche Stär op enger Distanz vu 400 Liichtjoer. Seng Hellegkeet schwankt an engem Zäitraum vun 30 bis 450 Deeg tëscht 4,7 an 5,4m.

De ι Bootis ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Beta-Lyrae. Dat sinn enk Duebelstäresystemer an enger Fréiphas vun hirer Entwécklung, bei deem de Gas vun engem opgeblosenen Haaptstär op d'Akkretiounsscheif vun engem Begleetstär stréimt an dee periodesch verdonkelt.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC divers m Typ Numm
5466 8,0 Kugelstärekoup
5966 12,2 Galaxis

D'Stärebild Bootes huet nëmme wéineg opfälleg Stärekéip, Gasniwwel oder Galaxien.

Den NGC 5466 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vun 50.000 Liichtjoer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Botes – Biller, Videoen oder Audiodateien