Corona Borealis (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum der Corona Borealis
Lëtzebuergeschen Numm Nërdlech Kroun
Laténgeschen Numm Corona Borealis
Laténgesche Genitiv Coronae Borealis
Laténgesch Ofkierzung CrB
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 15h 15m bis 16h 25m
Deklinatioun +26° bis +40°
Fläch 179 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 90° Nord bis 50° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
α Coronae Borealis (Gemma),
2,22m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Hercules
Bootes
Serpens
Kaart vum Stärebild Corona Borealis

D'Corona Borealis (Nërdlech Kroun) ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Déi nërdlech Kroun ass e relativ klengt, awer markant Stärebild tëscht dem Hercules an dem Bootes. Hir Stäre bilden en Hallefkrees. Den hellste Stär Gemma (laténgesch fir Edelsteen) ass mat 2,22m opfälleg hell, déi iwwreg Stären erreechen nëmmen ongeféier déi véiert Gréissteklass.

Am Stärebild sinn zwéin interessant verännerlech Stären, den R an den T Coronae Borealis, déi staark Hellegkeetsschwankungen opweisen.

An der Corona Borealis ass de grousse Galaxiëkoup Abell 2065, deen ongeféier 400 Galaxien enthält. Wéinst der grousser Distanz erreechen d'Galaxien allerdéngs nëmmen déi 16. Gréissteklass a sinn dofir nëmmen a groussen Teleskopen oder op laang beliichte Fotoen ze gesinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Corona Borealis gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der antiker Astronomie, déi schonn dem Ptolemäus bekannt waren. Hiert Géigestéck um Himmel ass d'Corona Australis.

Fir déi al Griiche stellt d'Stärebild eng Kroun duer. An anere Kulturen hat et ënnerschiddlech Bedeitungen. Sou hunn d'Araber doran eng Schossel vun engem Heeschemann gesinn, d'Chinesen eng Geldketten an d'Kelten e Spannrad oder Schlass.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 5 Gemma, Alphekka, Gnosia, Asteroth 2,22m 80 A0 V
β 3 Nusakan 3,7m 114 A9 III
γ 8 3,81m 200 A0 + A3
ε 13 4,14m 250 K2 III
θ 4 4,14m 300 B6 V
δ 10 4,59m 150 G4 III
τ 16 4,73m
κ 11 4,79m
ξ 19 4,86m
ι 14 4,98m
η 2 4,99m 55 G1 + G3
ζ 7 5,07m
μ 6 5,14m
ν 20 5,20m
σ 17 5,23m
ρ 15 5,39m 57 G0 V
ν 21 5,40m
λ 12 5,43m

Den hellste Stär α Coronae Borealis, ass ronn 80 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Et ass e blo-wäisse Stär mat der Spektralklass A0. All 17,36 Deeg verklengert sech seng Hellegkeet ëm ronn 0,1 Gréissteklass. Verursaacht gëtt d'Verdonklung duerch e liichtschwaache Begleetstär, dee virun dem Haaptstär laanscht zitt. Déi Stäre nennt ee Bedeckungsverännerlecher. De Stär gehéiert zum sougenannte „Bierestroum“, engem noen oppene Stärekoup.

Den α Coronae Borealis gëtt och Gemma (laténgesch „Edelsteen“) oder Alphekka genannt. Alphekka ass arabesch a kéint sech ofleede vun al-fakkah (dee Gebrachenen). Dat bezitt sech op e „gebrachene Rank“ vu Stären (d'Stärebild Corona Borealis).

Den ρ Coronae Borealis ass e sonnenähnlechen gielen Zwergstär vun der Spektralklass G0 V . Hie läit op 55 Liichtjoer Distanz vun äis. Hien ass eppes méi liichtkräfteg wéi eis Sonn an ass mat 10 Milliarde Joer ongeféier duebel sou al. Am Joer 1997 gouf beim Stär en Exoplanéit an eng zirkumstellar Scheif, déi der Kuiperceinture gläicht, entdeckt.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
η 5,6m/5,9m 0,7 bis 0,4"
γ 4,1m/5,5m 0,7"
ζ 5,0m/6,0m 6,3"
σ m/6,6m 7"

D'System η Coronae Borealis ass 59 Liichtjoer wäit ewech. Dobäi beweege sech zwéi giel Stäre vun de Spektralklasse G1 a G3 an nëmmen 41,5 Joer ëm hire kollektive Schwéierpunkt. Vun der Äerd aus gesinn hunn d'Stären en Ofstand vun 0,7 (Joer 2000) bis 0,4 (Joer 2020) Bousekonnen.

200 Liichtjoer ewech ass d'System γ Coronae Borealis. Et besteet aus zwéi blo-wäisse Stäre vun de Spektralklassen A0 an A3.

D'System ζ Coronae Borealis ass 450 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéin ongeféier gläich helle Stäre vun der Spektralklass A2. Hire Wénkelofstand ass 6,3 a. 7 Bousekonnen.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Period Typ
α 2,22 bis 2,3m Bedeckungsverännerleche Stär
R 5,7m–14,8m onregelméisseg Verännerlecher
T 2,0m–10,8m zréckkommend Nova

Den R Coronae Borealis gëtt säin Numm fir eng Grupp vu verännerleche Stären hir, déi onregelméisseg hir Hellegkeet veränneren. Bei Stäre vun dësem Typ kann een e séieren Hellegkeetsoffall gesinn. No enger, net am viraus ze bestëmmender Zäitspann hëlt d'Hellegkeet lues erëm zou. Bei Ënnersich vum Spektrum vun deene Stären, konnt festgestallt ginn, datt hir Uewerfläch relativ vill Helium a Kuelestoff huet. Et geet een dovun aus, datt d'Stären an onregelméissegen Ofstänn Deeler vun hirem baussenzege Gasmantel ofstoussen. Dobäi kondenséieren d'Kuelestoffmolekülen zu liichtonduerchléissege Rouschtpartikelen aus. D'Rouschtwolleke verschwanne mat der Zäit an de Stär erschéngt nees méi hell.

Den R Coronae Borealis huet am Maximum eng Hellegkeet vu 5,7m a ka grad nach mam bloussen A gesi ginn. Am Minimum fält d'Hellegkeet op 14,8m erof an de Stär kann nëmmen nach mat groussen Teleskope gesi ginn.

Den T Coronae Borealis ass e verännerleche Stär vum Typ zréckkommend Nova. Mat enger Hellegkeet vun 10,8m ass hien zimlech liichtschwaach, gouf awer bei Ausbréch an de Joren 1866 an 1946 mat bis zu 2,0m opfälleg hell.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

D'Corona Borealis huet keng hell Stärekéip, Gasniwwel oder Galaxien, déi am Messier-Katalog oder am NGC opgeholl goufen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Corona Borealis – Biller, Videoen oder Audiodateien