Corona Australis (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Corona Australis
Lëtzebuergeschen Numm Südlech Kroun
Laténgeschen Numm Corona Australis
Laténgesche Genitiv Coronae Australis
Laténgesch Ofkierzung CrA
Rektaszensioun 17h 58m bis 19h 19m
Deklinatioun -36°45´ bis -45°30´
Fläch 128 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 44° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer
(nëmmen deelweis siichtbar)
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keng
Hellste Stär,
Gréisst
α Corona Australis
( Alfecca Meridiana)
4,1m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Sagittarius
Scorpius
Ara
Telescopium
Kaart vum Stärebild Corona Australis

D'Südlech Kroun (latäineisch Corona Australis) ass e Stärebild vum südlechen Himmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'südlech Kroun ass en onopfällegt Stärebild südlech vum markante Summerstärebild Sagittarius (Schëtz). D'Stärebild besteet aus engem Bou vu Stären, vun deenen déi hellst nëmmen déi 4. Gréissteklass erreechen.

Vu Mëtteleuropa aus sinn nëmmen déi nërdlechst Stären déif um Himmel ze gesinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'südlech Kroun gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der antiker Astronomie, déi schonn dem Ptolemäus bekannt waren. Si mécht dat himmlescht Géigestéck vun der Corona Borealis (Nërdlech Kroun).

Am Joer 1932 gouf den Numm vun der IAU offiziell an "Corona Austrina" (mat dem Genitiv "Coronae Austrinae") geännert. Déi fréier Bezeechnung "Corona Australis" ass awer weider verbreet.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β 4,10m 400 G7 II
α Alfecca Meridiana, Alphekka Meridiana 4,1m 100 A2 V
γ 4,23m 120 F8 + F8
δ 4,57m 200 K1 III
θ 4,63m 90 F1
ζ 4,74m 200 A0
ε 4,7 bis 5,0m 90 F1 V
λ 5,11m
μ 5,20m
η1 5,46m
η2 5,60m
κ2 5,67m 500 B9 + A0

Den hellste Sär ass de β Coronae Australis. Hie läit op enger Distanz vu ronn 400 Liichtjoe vun eiser Äerd ewech. Et ass e giele Stär mat der Spektralklass G7.

Den α Coronae Australis läit op enger Distanz vun 100 Liichtjoer.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréissten Ofstand
γ 4,8m/5,1m 1,3"
κ 5,7m/6,3m 21,4"

De γ Coronae Australis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 120 Liichtjoer, dat aus zwéi wäiss-giele Stäre vun der Spektralklass F8 besteet. Vun der Äerd aus gesinn ass den Ofstand tëscht de Stären 1,3 Bousekonnen.

500 Liichtjoer ewech ass d'System κ Coronae Australis. Et besteet aus zwéi wäiss-bloe Stäre vun de Spektralklasse B9 an A0. Säi wäite Wénkelofstand ass 21,4 Bousekonne grouss.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Period Typ
ε CrA 4,7m–5,0m 1,4403 Deeg Beta-Lyrae-Stär
R 11,5m Verännerleche Stär

Den &epsilon Coronae Australis ass e Verännerleche Stär vum Typ Beta-Lyrae. Mat enger regelméisseger Period vun 1,4403 Deeg verännert sech seng Hellegkeet vu 4,7 bis 5,0m. Hien ass 90 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu der Spektralklass F1.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC aner Gréisst Typ Numm
6541 6,1m Kugelstärekoup

De Kugelstärekoup NGC 6541 ass ronn 22.000 Liichtjoer vun eis ewech. De Kugelstärekoup gouf an de Joren 1834 an 1838 vum John Herschel entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Corona Australis – Biller, Videoen oder Audiodateien