Coma Berenices (Stärebild)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vun der Coma Berenices
Lëtzebuergeschen Numm Hoer vun der Berenike
Laténgeschen Numm Coma Berenices
Laténgesche Genitiv Comae Berenices
Laténgesch Ofkierzung Com
Positioun Himmelsequator
Rektaszensioun 11h 55m bis 13h 35m
Deklinatioun +14° bis +34°
Fläch 386 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 90° Nord bis 56° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
Diadem (α Com)
4,3m
Meteorstréim Coma-Bereniciden
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Canes Venatici
Ursa Major
Leo
Virgo
Bootes
Kaart vum Stärebild Coma Berenices

D'Coma Berenices (Hoer vun der Berenike) ass e Stärebild an der Ëmgéigend vum Himmelsequator.

Inhaltsverzeechnes

Beschreiwung [änneren]

D'Coma Berenices ass en onopfällegt Stärebild um Fréijoershimmel tëschent de markanten Konstellatiounen Leo an Bootes. Et erschéngt wéi eng Usammlung vu liichtschwaache Stäre. Nëmmen zwéi Stären hunn eng visuell Magnitude déi knapps iwwer 4 mag. leien.

Vill vun de Stäre gehéieren zum Coma-Stärekoup. De Melotte 111 läit 260 Liichtjoer wäit ewech an ass en Oppene Stärekoup .

A Richtung Hoer vun der Berenike läit de galaktesche Nordpol vun eiser Mëllechstrooss. Well an dëser Bléckrichtung sou gutt wéi keng Gas- a Stëbswolleken vun der Mëllechstrooss d'Siicht behënneren, kënne vill wäit Galaxië gesi ginn. De sougenannte Coma-Galaxiëkoup ass e risege Galaxiëkoup op enger Distanz vun 450 Millioune Liichtjoer. Seng ronn 1.000 Galaxien erreechen um Stärenhimmel eng Gréisst vun iwwer 6 Grad.

Am südlechen Deel sinn e puer hell Eenzelgalaxien op enger Distanz vun 20 bis 40 Millioune Liichtjoer, souwéi Membere vum grousse Virgo-Galaxiëkoup dee 65 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass.

Geschicht [änneren]

An der antiker griichescher Mythologie war d'Coma Berenices keen eegent Stärebild. Dës Stären goufen fréier dem Stärebild Léiw zougerechent. Am Joer 245 v. Chr. soll den Astronom Konon vu Samos d'Stärebild no der deemoleger Pharaonin Berenike II. genannt hunn.

D'Hoer vun der Berenike gëtt a villen astronomesche Kommentare vun der Antikitéit. An der Neizäit gouf et fir d'éischt am Joer 1536 vum Peter Apian op enger Stärekaart notéiert, an 1541 zeechent de Gerhard Mercator et op engem bekannten Himmelsglobus of.

Meteorstroum [änneren]

Am Stärebild läit de Radiant vun engem schwaachen Meteorstroum, deem sougenannten Coma-Bereniciden. D'Meteore kënne vun der Mëtt Dezember bis Mëtt Januar observéiert ginn.

Himmelsobjeten [änneren]

Stären [änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β 43 4,26m 27 G0 V
α 42 Diadem 4,3m 60 F5 V
γ 15 4,36m 250 K1 III
11 4,74m
36 4,78m
σ 24 4,78m 250 K2 + A9
41 4,80m
12 4,81m
23 4,81m
37 4,90m
31 4,94m
14 4,95m
16 5,00m
6 5,10m
27 5,12m
13 5,18m
17 5,29m 250 A0 + A1
21 5,46m
26 5,46m

Den hellste Stär ass de β Comae Berenices. Et handelt sech ëm ee Stär, dee nëmmen 27 Liichtjoer vun eis ewech ass. Hien huet eng Gréisst an och eng Liichtkraaft wéi eis Sonn.

Den γ Comae Berenices läit 250 Liichtjoer ewech am Coma-Stärekoup.

Duebelstären [änneren]

System Gréissten Ofstand
α 5,1m/5,1m 0,1"
2 5,9m/7,4m 3,7"
17 5,3m/6,6m 145"
24 5,0m/6,6m 20,3"
32 6,3m/6,9m 196"
35 5,1m/7,2m 1,1"

Den zweethellste Stär α Comae Berenices, och den Diadem genannt, ass en Duebelstär op enger Distanz vun 60 Liichtjoer. Déi zwee Stären si gläichhell.

Am System 24 Coma Berenices sinn zwee Stären, woubäi deen Haaptstär e Roude Ris ass, an deen aneren e blo-wäisse Begleeder ass.

Verännerlech Stären [änneren]

Objet Gréisst Period Typ
FS 5,3m bis 6,1m 58 Deeg hallefregelméisseg Verännerlechen
R 7,1m bis 14,6m 363 Deeg Mira
FK 8,14m bis 8,33m 2,4 Deeg FK-Coma-Stär

Am „Hoer vun der Berenike“ existéiere méi wéi 200 verännerlech Stären.

Den FS Coma Berenices verännert seng Hellegkeet iwwert en Zäitraum vu ronn 58 Deeg.

Den R Coma Berenices ass e verännerlechen vum Typ Mira. Hie verännert seng Hellegkeet ganz staark iwwert en Zäitraum vun 363 Deeg.

Den FK gëtt säin Numm hir fir eng Grupp vu Verännerlechen, den FK-Coma-Stäre. Et handelt sech ëm Stäre, deenen hir Hellegkeetsschwankungen duerch ausgedeenten donkel Flecken un der Uewerfläch verursaacht ginn.

Messier- an NGC-Objeten [änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm Distanz (Lj)
Melotte 111 4m Kugelstärekoup Coma-Stärekoup 260
53 5024 8m Kugelstärekoup 60.000
64 4826 8m Galaxis Black-Eye-Galaxy 22 Mio.
85 4382 9m Galaxis 65 Mio.
88 4501 9m Galaxis 65 Mio.
91 4548 10m Galaxis 65 Mio.
98 4192 10 Galaxis 65 Mio.
99 4254 10 Galaxis 65 Mio.
100 4321 9,5 Galaxis 65 Mio.
4147 10 Kugelstärekoup
4494 10 Galaxis 40 Mio.
4559 10 Galaxis 40 Mio.
4565 10 Galaxis Needle-Galaxy
4676A 13,5 Irregulär Galaxis 300 Mio.
4676B 13,8 Irregulär Galaxis 300 Mio.
4725 9,5 Galaxis 60 Mio.
5053 10 Kugelstärekoup

Am Comas Berenices leien e puer Galaxien a Kugelstärekéip. Aacht dovun huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) opgeholl.

Objeten an der Mëllechstrooss [änneren]

Melotte 111, de Coma-Stärekoup ass eng geléisten Assoziatioun vu ronn 40 Stären op enger Distanz vun 260 Liichtjoer. Et ass nom Bierestroum an den Hyaden den drëttnächsten Oppene Stärekoup. De Stärekoup beweegt sech all Joer ëm 0,02 Bousekonnen no Südwest a Richtung vum Stärebild Vela (Schëffsegel).

Den M 53 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vun 60.000 Liichtjoer. Hie gouf onofhängeg 1775 vum Johann Elert Bode an 1777 vum Charles Messier entdeckt.

De Kugelstärekoup NGC 4147 ass 85.000 Liichtjoer vun eis ewech.

No Galaxien [änneren]

Den M 64 ass eng Spiralgalaxis op enger Distanz vun 22 Millioune Liichtjoer. Well den Ubléck un en A erënnert, gëtt si am engleschen och „Black-Eye-Galaxy“ genannt. Aktuell Studie weisen, datt d'interstellar Matière an den Aussenberäicher entgéint der Dréirichtung am Banneberäich rotéiert. Dëst weist dorophin, datt d'Galaxis viru maximal enger Milliard Jore mat op mannst enger anerer Galaxis kollidéiert war.

Den NGC 4494 ass eng elliptesch Galaxis op enger Distanz vun 40 Millioune Liichtjoer.

Den NGC 4565 ass eng sougenannten Edge-On-Galaxis, dat heescht, mer gesi se vun der Säit. Si huet en Duerchmiesser vun 13 Bouminutten. Wéinst hirer längelzecher Form gëtt si och als als „Needle-Galaxy“ (Nole-Galaxis) bezeechent.

Den NGC 4725 ass eng Balkespiralgalaxis.

Galaxien am Virgo-Galaxiëkoup [änneren]

De M 85 ass eng lënsefërmeg Galaxis an een vun de nërdlechste Memberen vum Virgo-Galaxiëkoup.

De M 88 ass eng Spiralgalaxis, déi zu der Markarians Galaxiëkette gehéiert.

De M 98 ass eng relativ hell an ausgedeenten Spiralgalaxis.

Och de M 100 ass eng Spiralgalaxis. Mat 7 Bouminutten ass si déi gréisst vun alle Galaxien am Virgo-Koup. Hiren Duerchmiesser ass ronn 120.000 Liichtjoer grouss.

Galaxien am Coma-Galaxiëkoup [änneren]

Am nordëstlechen Deel vum Stärebild ass de Coma-Galaxiëkoup. Wéinst der riseger Distanz, déi dës Galaxien hunn (450 Millioune Liichtjoer) erreeche si nëmmen Hellegkeete vu 14 mag.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]

Commons: Coma Berenices – Biller, Videoen oder Audiodateien