Johann Elert Bode

Vu Wikipedia
Johann Elert Bode
Gebuer 19. Januar 1747
Hamburg
Gestuerwen 23. November 1826
Berlin
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie

De Johann Elert Bode, gebuer den 19. Januar 1747 zu Hamburg; a gestuerwen den 23. November 1826 zu Berlin, war en däitschen Astronom.

1786 ass hien Direkter vum Berliner Observatoire ginn. Scho 1776 huet hien en Astronomescht Joerbuch erausginn. De Bode verëffentlecht 1772 déi vum Johann Daniel Titius 1766 entdeckt an nëmmen an enger Foussnott ernimmt empiresch Formel d'Titius-Bode-Rei. No där Reegel loosse sech bis bei den Uranus déi ongeféier Ofstänn vu Planéitebunne vun der Sonn duerstellen.

De Bode ass an der Fachwelt virun allem wéinst sengen Aarbechten iwwer d'Bunn vum Uranus bekannt, dee 1781 entdeckt gouf. An ale Stärekatalogen huet de Bode e ganze Koup Positioune vum Uranus fonnt, déi zwar de Planéit als Stär mat dem Numm 34 Tauri registréiert haten. De Bode huet awer erkannt, datt deen een an deen aneren de selwechte Planéit war, nämlech den Uranus. Doduerch war et méiglech, d'Planéitebunn méi fréi wéi erwaart a mat héijer Prezisioun ze berechnen. Duerch Onstëmmegkeete vu berechente Positioune gouf dunn 1846 den Neptun entdeckt. D'Benennung vum Uranus geet op de Virschlag vum Bode zeréck. Virdru gouf de Planéit och Herschel no sengem Entdecker Wilhelm Herschel oder Georgium Sidus nom englesche Kinnek George III. genannt.

Nom Bode gouf e Moundkrater an en Asteroid (998) Bodea benannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johann Elert Bode – Biller, Videoen oder Audiodateien