Titius-Bode-Rei
D'Titius-Bode-Rei ass eng empiresch Regel iwwer d'Ofstänn vun de Planéiten zur Sonn.
Dono ass den Ofstand d vum Planéit zur Sonn (an Astronomeschen Eenheeten):
d = 0,4 + 0,3 * k
woubäi k = 0, 1, 2, 4, 8, 16, 32, 64, 128, dat heescht k ass 0 bzw. eine Zweerpotenz.
| Planéit | k | Ofstand, berechent no der T-B-Rei |
Tatsächlechen Ofstand |
|---|---|---|---|
| Merkur | 0 | 0,4 | 0,39 |
| Venus | 1 | 0,7 | 0,72 |
| Äerd | 2 | 1,0 | 1,00 |
| Mars | 4 | 1,6 | 1,52 |
| - | 8 | 2,8 | - |
| Jupiter | 16 | 5,2 | 5,20 |
| Saturn | 32 | 10,0 | 9,54 |
| Uranus | 64 | 19,6 | 19,2 |
| Neptun | - | - | 30,1 |
| Pluto | 128 | 38,8 | 39,5 |
Wéi ee gesäit stëmmt d'Reegel bis op e puer Prozent genee mat den tatsächlechen Ofstänn iwwereneen. Allerdéngs ginn et zwou Ausnahmen:
- Zwëschen dem Mars an dem Jupiter ass kee Planéit, dofir awer d'Asteroidenceinture.
- Den Neptun huet keng Plaz an der Titius-Bode-Rei, dofir huet de Pluto seng Plaz ageholl.
Et gëtt keng geséchert Erklärung virwat d'Ofstänn vun de Planéiten sech no der Titius-Bode-Rei verhalen. Eng méiglech Ursaach wiren Resonanz-Effeten zwëschen de Planéiten. Simulatiounen iwwer d'Entstoe vu Planéitesystemer schéngen dat ze bestätegen. Et ass awer och méiglech, datt et sech bei der Titius-Bode-Rei ëm eng reng zoufälleg Zuelekonstellatioun handelt.
Fir de Fall, dat et sech bei der Regel net nëmmen ëm Zoufall handelt, gëtt et och Hypothese fir déi zwou uewegenannten Ausnahmen:
- D'Objeten an der Asteroidenceinture kéinte Brochstécker vun engem Planéit sinn, deen no enger Kollisioun zerbrach ass.
- D'Ëmlafbunne vum Neptun a vum Pluto kéinte vun engem Objet mat enger grousser Mass deen no laanscht se geflunn ass, gestéiert a verännert gi sinn.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
D'Regel gouf 1766 vum Johann Daniel Titius entdeckt a vum Johann Elert Bode 1772 verëffentlecht. D'Entdeckung vum Uranus 1781 huet d'Regel bestätegt. Vill Astronomen hunn no engem Planéit am Lach zwëschen Mars an Jupiter gesicht. An der Nuecht zum 1. Januar 1801 huet dunn den Giuseppe Piazzi en Himmelskierper op der ugehollener Distanz entdeckt. Et war dëst deen éischten entdeckten Asteroid, Ceres.
[änneren] Literatur
- Günther Wuchterl: Die Ordnung der Planetenbahnen, Teil 1. Sterne und Weltraum 6/2002
- Günther Wuchterl: Die Ordnung der Planetenbahnen, Teil 2. Sterne und Weltraum 12/2002