(134340) Pluto
| (134340) Pluto (Klengplanéit) | |
|---|---|
| Orbittyp | Kuiperceinture |
| Eegeschafte vum Orbit (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 39.482 A.E. |
| Perihel – Aphel | 29,658 – 49,305AE |
| Exzentrizitéit | 0,2488 |
| Inklinatioun | 17,16Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 247,68 Joer |
| Synodesch Ëmlafzäit | 366,73 d |
| Mëttel Bunnvitesse | 4,72 km/s |
| Physikalesch Eegeschafte | |
| Equatorduerchmiesser | 2390 km |
| Mass | 1,25 × 1022 |
| Albedo | 0,6 |
| Mëttel Dicht | 1,75 g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | −6 d 9 h 17 min 34 s |
| Absolut Hellegkeet | +13,65 |
| Eegeschafte vun der Atmosphär | |
| Drock | ≈ 3 • 10−6 |
| Minimal Temperatur | 33 K (−240 °C) |
| Mëttel Temperatur | 44 K (−229 °C) |
| Maximal Temperatur | 55 K (−218 °C) |
| Haaptbestanddeeler | Stéckstoff, Kuelemonoxyd, Methan |
| Entdecker C. Tombaugh | |
| Entdeckungsjoer | 18. Februar 1930 |
| Diverses | De Pluto huet 4 Mounde |
Den (134340) Pluto ass en Zwergplanéit an de prominentesten Objet vun der Kuiperceinture. En ass nom réimesche Gott vun der Ënnerwelt genannt. D'astronomescht Symbol vum Pluto ass
.
De Pluto ass méi kleng wéi eisen Äerdmound a beweegt sech op enger elliptescher Bunn ëm d'Sonn. D'Form vun der Bunn wäicht däitlech vun de Planéitebunnen of. Vu senger Entdeckung den 18. Februar 1930 bis zu senger Neidefinitioun de 24. August 2006 ass de Pluto vun der IAU vum néngte a leschte Planéit vun eisem Sonnesystem zréckklasséiert ginn zum Klengplanéit mat der Nummer 134340. Déi nei vollstänneg offiziell Bezeechnung ass elo (134340) Pluto. Weider goufen nom Pluto déi nei definéiert Klasse vu Plutoiden an Plutinos genannt.
Am Januar 2006 gouf mat New Horizons fir d'éischt eng Raumsond op de Pluto geschéckt. Et ass geplangt, d'Sond am Juli 2015 op 9600 Kilometer Distanz laanscht de Pluto an dann op enger Distanz vun 27.000 Kilometer laanscht säi Mound Charon fléien ze loossen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Ëmlafbunn a Rotatioun
[änneren] Bunn
De Pluto braucht fir eng Ëmdréiung ronderëm d'Sonn 247,68 Joer. Am Verglach zu de Planéiten ass seng Ëmlafbunn däitlech méi exzentresch, mat enger numerescher Exzentrizitéit vun 0,2488. Dat heescht, den Ofstand zu der Sonn ass bis zu 24,88 Prozent méi kleng oder méi grouss wéi d'grouss Hallefachs. D'Bunneform wäicht manner wéi 3,2 Prozent vun engem Krees of.
De sonnewäitste Punkt vun der Plutobunn, den Aphel, läit bei 49,305 AE, während de sonnennooste Punkt, de Perihel, mat 29,658 AE méi no un der Sonn läit wéi déi wéineg exzentresch Bunn vum Neptun. Fir déi leschte Kéier wou de Pluto dëse Beräich duerchlaf hat, an deem hien der Sonn méi no wéi d'Neptunbunn war, war vum 7. Februar 1979 bis den 11. Februar 1999. De Perihel hat de Pluto 1989 passéiert. Säin Aphel erreecht hien am Joer 2113. Do ass d'Sonnestralung nëmmen nach ongeféier 0,563 W/m². Op der Äerd ass si 2430-mol méi héich. Fir en Observateur um Pluto wier de visuellen Duerchmiesser vun der Sonn nëmme ronn 1/50 vum visuelle Sonnenduerchmiesser, dee mir op der Äerd gewinnt sinn. D'Sonn géif also éischter wéi en extreem helle Stär ausgesinn.
Wéinst der grousser Distanz zu eiser Äerd ënnerscheet sech déi visuell Hellegkeet tëschent Oppositioun a Konjunktioun nëmmen ëm 0,1 mag. Dogéint verännert déi exzentresch Bunn déi visuell Hellegkeet tëschent 13,65 mag a 16,3 mag, wat eng Differenz vun 2,65 mag ausmécht.
Opfälleg ass, datt de Pluto nëmmen zweemol ëm d'Sonn leeft an derselwecher Zäit, wou sech de Neptun dräimol ëm d'Sonn beweegt. Et schwätzt een dofir vun enger 3:2-Bunnresonanz.
Vill vun den Objeten aus der Kuiperceinture si wéi de Pluto an enger 3:2-Bunnresonanz mam Neptun a ginn als Plutinos bezeechent. Si sinn an där Bunnresonanz mat dem Gasris anscheinend „agefaange“ ginn. Mat Methode vun der Himmelsmechanik kann ee weisen, datt hir typescherweis exzentresch Ëmlafbunnen iwwer Joermillioune stabil sinn.
[änneren] Rotatioun
De Pluto rotéiert a 6,387 Deeg eemol ëm seng eegen Achs. [1] D'Rotatiounsachs ass ëm 122,53° géint d'Bunnfläch gebéit, soumat rotéiert de Pluto réckleefeg. Seng Dréiachs ass domat nach méi staark gebéit wéi déi vum Uranus, awer am Ënnerscheed zum Uranus an zu der Venus ass de Grond dofir allgemeng ze gesinn, genee wéi d'Ursaach fir déi grouss Rotatiounsperiod vum Pluto, well d'Eegendréiung vum Zwergplanéit ass duerch d'Gezäitekraft un d'Ëmlafbeweegung vu sengem grousse Mound Charon gebonnen. Domat si Pluto a Charon déi eenzeg bis elo bekannte Kierper am Sonnesystem mat enger duebel gebonnener Rotatioun.
[änneren] Opbau
[änneren] Physikaleschen Opbau
Iwwer de Pluto ass nëmme wéineg bekannt, well et vun him nach keng Fotoen aus kuerzer Distanz gëtt. Mat engem Duerchmiesser vu ronn 2390 Kilometern ass hien däitlech méi kleng wéi déi gréisste siwe Mounden an eisem Sonnesystem. Seng mëttel Dicht vu ronn 2 g/cm³ schwätzt fir eng Zesummesetzung aus 70 % Gestengs an 30 % Waasseräis.
De Pluto gläicht vum Opbau hier wahrscheinlech dem méi groussen an nach méi kalen Triton. En huet déiselwecht Dicht an eng ganz dënn Atmosphär aus Stéckstoff, ass och vun enger éischter roudelzecher Faarf, huet wahrscheinlech Polkapen an a Richtung vum Equator si méi donkel Gebidder. Seng Uewerfläch weist no där vum Saturnmound Iapetus ënner allen iwwrege Kierper vum Sonnesystem déi gréisst Kontraster. Dat erkläert déi ausgeprägte Hellegkeetsschwankungen, déi schonns vun 1985 bis 1990 bei Verdäischterungen duerch säi grousse Mound Charon gemooss goufen.
Déi baussescht Schichte bestinn méiglecherweis aus lackerem Gesteng mat engem héijen Undeel un Äis. De Pluto huet wahrscheinlech e Gestengskär, dee vun engem Äismantel ëmzunn ass, deen ongeféier 70 Prozent vun der Gesamtmass ausmécht.
Am Juli 2005 konnt éischtmols déi thermesch Emissioun vum Pluto a sengem groussen a noe Mound getrennt gemooss ginn. Dobäi huet sech gewisen, datt d'Uewerfläch vum Pluto mat −230 °C ëm 10 °C méi kaal ass, wéi et engem rengen Stralungsgläichgewiicht entsprieche géif. De Grond dofir ass d'Ausbildung vun der Atmosphär, duerch deeren Sublimatioun aus dem festen an de gasfërmege Zoustand Verdonschtungskeelt entsteet.
[änneren] Atmosphär
Dem Pluto seng dënn Atmosphär besteet zum gréissten Deel aus Stéckstoff, ongeféier ee Prozent Kuelemonoxid a ronn 0,5 Prozent Methan. No Miessunge um James Clerk Maxwell Teleskop ass d'Atmosphär am Joer 2011 3000 km héich an dat an hir enthalent Kuelestoffmonoxid −220 °C kaal. Virdrun hat een ugeholl, d'Atmosphär wär 100 km héich.[2][3]
Wéi d'ESO den 2. Mäerz 2009 matgedeelt hat, herrscht op Pluto gréisstendeels eng duerch d'Methan an der Atmosphär verursacht Inversiounswiederlag, wouduerch d'Temperatur ëm 3 bis 15 Grad je Héichtekilometer zouhëllt. An der ënneschter Atmosphär ass d'Temperatur −180 °C an an der ierweschter Atmosphär −170 °C, während si um Buedem nëmme ronn −220 °C ass. Et gëtt ugeholl, datt zu dësem niddrege Wäert vun der Buedemtemperatur Verdonschtungskeelt duerch Methan bäidréit, vum festen an de gasfërmegen Zoustand iwwergeet.[4][5]
[änneren] Mounden
[änneren] Charon
De gréisste Begleeder vum Pluto, de Charon huet en Duerchmiesser vun 1207 Kilometer an ass domat am Verglach zu Pluto ganz grouss. D'System Pluto-Charon gouf fréier opgrond dësem ongewéinlechen Gréissteverhältnes vu ronn 2:1 och als Duebelplanéit bezeechent. Bedéngt duerch d'Masseverhältnes vu gutt 8:1 an engem hiräichend groussen Ofstand läit de kollektive Schwéierpunkt, d'Baryzentrum vum System, baussent dem Haaptkierper. Domat ëmkreesen sech Charon a Pluto souzesoen géigesäiteg.
Déi grouss Hallefachs vun der Charon-Ëmlafbunn, also de mëttlere Bunnradius senges Massezentrums vum kollektive Schwéierpunkt, ass 19.405 Kilometer. Entspriechend dem Massedeel vum Pluto huet säin analogen Ofstand zum Baryzentrum ëmgekéiert proportional gutt en Aachtel dovun, also ongeféier 2360 Kilometer. Domat ass d'Distanz vun der Pluto-Uewerfläch zum Baryzentrum mat ronn 1200 Kilometern ongeféier sou grouss wéi säi Kierperradius. D'Satellitebunn vum Charon ass bal kreesronn a läit wahrscheinlech genee um Equatorniveau vum Pluto. Am Verglach dozou hunn d’Äerd an den Äerdmound e Masseverhältnes vun 81:1, an de kollektive Äerd-Äerdmound-Schwéierpunkt ass 4700 Kilometer vum Äerdzentrum ewech respektiv ongeféier 1650 Kilometer ënnerhalb vun der Äerduewerfläch.
Och de Charon weist eng – fir e Mound typesch – gebonne Rotatioun, deeren Period senger Ëmlafperiod gläichkënnt. Déi géigesäiteg gebonne Rotatioun vum Satellit a sengem Haaptkierper gëtt och Hantelrotatioun genannt an ass am Sonnesystem bis elo nëmmen tëschent Pluto a Charon erwisen. D'Kierper hunn hir Eegerotatioun opgrond vun de Gezäitekrafte géigesäiteg souwäit ofgebremst, datt sech béid während enges Ëmlafs ëmeneen och genee eemol ëm hir eegen Achs dréien. Si weisen sech doduerch ëmmer déi selwecht Säit zou. Ënner Koppelen vu bal gläich groussen Asteroide ass sou eng Synchronrotatioun wahrscheinlech relativ heefeg.
[änneren] Nix an Hydra
D'Duerchmiesser vun de Mounde Nix an Hydra konnte bis elo nëmmen opgrond vun de gemoossene Hellegkeete geschat ginn. Je no ugehollener Albedo erginn sech Wäerter tëschent ronn 40 an 160 Kilometer. Si lafen op enger bal kreesfërmeger Bunn ronderëm de Pluto an op enger kollektiver Bahnfläch mat Charon op enger Distanz vu ronn 65.000 resp. 50.000 Kilometer. Hir Ëmlafzäiten sinn zu deer vum grousse Mound bal resonant; Während Charon de Pluto 12 mol ëmronnt, gëtt Pluto vum Hydra an der selwechter Zäit ziemlech genee zweemol a vun Nix ongeféier dräimol ëmkreest. Am Ënnerscheed zum roudelzeche Pluto hunn déi kleng Trabante anscheinend déi gläich neutral gro Faarf wéi de Charon.
Déi béid Trabante goufen duerch Observatioune mat dem Hubble-Weltraumteleskop am Joer 2005 entdeckt. Duerch nei Hubble-Observatioune am Februar 2006 gouf d’Entdeckung bestätegt. Déi virleefeg Bezeechnunge waren S/2005 P1 an S/2005 P2, bis si am Juni 2006 duerch d'International Astronomesch Unioun (IAU) d’Nimm Hydra an Nix kruten.
No der Entdeckung vun de Klengtrabanten gëtt d'Genesis vum Charon elo zesummen mat dëse béide verstäerkt duerch eng Kollisioun vum Pluto mat engem aneren plutogroussen Kuiperceintureobjet diskutéiert. Fir eng kollektiv Entwécklung vun de Plutomounde spriechen d'Bunnen mat den ähnlech resonante Ëmlafzäiten an déi eenheetlech gefierften Uewerfläche. Bei engem Afank wär éischter eng ënnerscheedlech Fierwung ze erwarden.
Pluto a seng Mounde sinn an der Kuiperceinture engem stännegem Bombardement vu Minimeteorite ausgesat, déi Stëbs- an Äispartikel aus den Uewerfläche erausschloen. Während d'Gravitatioun vu Pluto a Charon dofir suergt, datt all Gestengsstécker op d'Himmelskierper zeréckfalen, ass d'Unzéiungskraaft vun de nei entdeckte Mounde ze kleng.
D'Entdeckung vu weidere Plutomounde koum onerwart, well bis dohin keen Himmelskierper mat méi wéi ee Satellit déisäits vum Neptun observéiert gi war, awer schonns e Mount spéider och bei (136108) Haumea en zweete Mound fonnt.
[änneren] S/2011 (134340) 1
Den 20. Juli 2011 huet d'NASA d'Entdeckung vun engem véierte Plutomound bekannt ginn. De virleefege Numm ass S/2011 (134340) 1. Hie gouf mat Hëllef vum Hubble-Weltraumteleskop bei der Sich no eventuellem Planéiterank beim Pluto entdeckt. Mat enger geschater Gréisst vun 13 bis 34 km ass hien dee klengste Mound vum Pluto. De Mound war op enger Foto den 28. Juni 2011 mam »Hubble's Wide Field Camera 3« opgeholl [6] an entdeckt ginn a konnt op weidere Fotoë vum 3. an 18. Juli 2011 bestätegt ginn. Op fréiere Fotoe war den Himmelskierper net ze gesinn, well dës mat kurze Belichtungszäite opgeholl goufen.[7][8]
[änneren] Fuerschung
[änneren] Äerdgebonne Fuerschung
D'Entdeckungsgeschicht vum Pluto ähnelt a gewësser Weis där viru gutt 83 Joer virdrun entdeckem Neptun. Béid Himmelskierper goufen opgrond vu Bunnstéierungen vun Nopeschplanéiten rechneresch virausgesot an dann no de Bunnpositioune gesicht. Den hypotheteschen néngte Planéit gouf fir kleng Bunnofwäichungen vun de Planéiten Neptun an Uranus verantwortlech gemaach.
De Pluto gouf den 18. Februar 1930 duerch de Lowell-Observatoire zu Flagstaff, Arizona duerch Vergläicher vun Himmelsfotoen um Blinkkomparater no ronn 25-jähreger Sich entdeckt, allerdéngs net un der virausgesoter Positioun. De jonken Entdecker Clyde Tombaugh war eréicht kuerz virdrun fir d'fotografesch Sich no dem legendäeren Transneptun ugestallt ginn. De Marsfuerscher Percival Lowell hat zënter 1905 selwer no sou engem Himmelskierper gesicht an d'Lowell-Observatoire op engem Bierg bei Flagstaff finanzéiert. Wéi sech spéider erausgestallt hat, war op zwou vun de fotografesche Placken, déi de Lowell 1915 gemaach hat, de Pluto schonns ze erkennen. Well de Lowell awer no engem vill méi hellem Objet gekuckt hat, war him dës Entdeckung entgaangen.
D'Entdeckung gouf der interesséierter Ëffentlechkeet den 13. Mäerz 1930 matgedeelt, dem 149. Joresdag vun der Uranus-Entdeckung duerch de William Herschel 1781 an dem 75. Gebuertsdag vum Percival Lowell, dee schonns 1916 verstuerwe war.
Elo gouf no engem passenden Numm gesicht. D'Virrecht vun der Nummgiewung luch beim Lowell-Observatoire. No dem Reglement vun der IAU huet de Numm mißten aus der Mythologie kommen.
Zeréckgehale gouf de Numm Pluto fir de néngte Planéit. Dëse Numm war schonns 1919 vum franséischen Astronom P. Reynaudvirgeschloe ginn, awer dorun konnt sech 1930 kee méi erënnern. Bei dëser Nummwiel dierft och eing Roll gespillt hunn, datt sech dat astronomescht Symbol aus den Initialen vum Lowell zesummesetzen gelooss huet. No dem Planéit Pluto gouf och d'Micky Maus, den Haushond Pluto genannt, deen am August 1930 säin éischten Optrëtt hat.[9]
1941 gouf a Folleg vun de mat de chemeschen Elementen Uran an Neptunium ugefaangener Rei dat 94. an deemols lescht bekannte Element no deem zu dëser Zäit leschte Planéit als Plutonium genannt.
Aus der observéierter visueller Magnitude vum Pluto (15 mag) an enger plausibler Vermuddung fir seng Albedo, säi Réckstralungsverméigen, schloss eenn, datt de neien Himmelskierper ongeféier Äerdgréisst hätt. Et war awer ufanks net méiglech och a groussen Teleskopen, fir säin Duerchmiesser direkt mikrometresch ze miessen. Et tauchten bal Zweifel op, ob seng Gravitatiounswierkung fir d'Bunnstéierungen verantwortlech kënnt sinn.
Also goufen d'Nofuerschungen no deem stéierenden „Planéit X“ scho bal nees fortgesat. Mat der Entwécklung leeschtungsstaarker Teleskope mussten Duerchmiesser a Mass vum Pluto stänneg no ënnen revidéiert ginn, ufanks ëm 1950 no Miessungen vum Observatoire Mount Palomar op hallef Äerdgréisst. Den Astronom Fred Whipple huet éischtmols eng genee Ëmlafbunn errechent. Dozou goufe Fotoplacken erugezunn, op deenen sech de Pluto bis an d'Joer 1908 zeréckverfollegen gelooss hunn. D'Entdeckung vum Mound Charon am Joer 1978 huet et dann erméiglecht eng genee Massbestëmmung mëttels vun der Gravitatiounsdynamik vum System ze maachen. Vu 1985 bis 1990 koum et zu wiesselsäitegen Bedeckungen tëschent de béiden Himmelskierper, mat deenen den Duerchmiesser vum Pluto endlech op 2390 Kilometer bestëmmt konnt ginn.
Jéngste Miessunge mat adaptiver Optik, mat dem Hubble-Teleskop a bei Observatioune vu Stäre hunn Wäerter vu ronn 2280 bis 2320 Kilometer erginn. Vill méi genee Daten sinn net ze erwarden, soulaang nach keng Sond bei de Pluto ukommen ass.
Duerch seng Hellegkeet gouf de Pluto ëm iwwer 60 Joer méi fréi entdeckt wéi aner, donkel Transneptune. Nodeems déi genee Mass vum Neptun, no dem Laanschtfluch vun der Voyager 2 bekannt ass, kënnen d'Bunnen vun de bausseschte Planéiten gutt erklärt ginn. Et besteet keng Noutwendegkeet, fir no engem weidere Planéit X ze sichen.
Kombinatiounen vu Fotoen vum Hubble-Weltraumteleskop hu gewisen, datt d’Nordhemisphär vum Pluto an de Joren 2002 an 2003 méi hell gi waren an den Zwergplanéit allgemeng méi roudelzech wierkt.[10]
[änneren] Erfuerschung mat Raumsonden
D'NASA plangt schonns zënter Ufank vun de 1990er-Joere ënnert dem Numm Pluto Kuiper Express, fréier Pluto Fast Flyby, eng Missioun zum Pluto. Dës Missioun sollt ënnert der Leedung vum Southwest Research Institute duerchgefouert ginn. Dobäi gouf betount, datt eng Missioun méiglechst schnell starte soll, fir de Pluto ze ereechen, ier seng dënn Atmosphär ausfréiert. Dëst hänkt domat zesummen, datt seng Ëmlafbunn staark elliptesch ass an hien sech zënter der Passage vu sengem sonnennächsten Bunnpunkt am Joer 1989 nees vun der Sonn ewech beweegt. Eréicht am Joer 2247 ass de Pluto nees bei sengem noste Sonnepunkt.
Déi éischt Konzepter vun der Missioun sinn un techneschen Schwieregkeeten an un der Finanzéierung feel gescloen a goufen 2001 duerch d'Missioun New Horizons ersat. Hire Start war de 19. Januar 2006.
Déi geplangte Fluchdauer ass ongeféier 9,5 Joer, de Laanschtfluch beim Pluto an Charon soll de 14. Juli 2015 geschéien. D'Observatiounen vum Pluto-Charon-System fänke ronn 150 Deeg virum Rendez-vous un, ongeféier 120 Deeg virum Laanschtfluch ginn déi éischt Biller erwart, an 90 Deeg virum Zil ginn d'Fotoen vun der Sond d'Opléisungsverméigen vum Hubble-Weltraumteleskop iwwertreffen. Et solle global Kaarte vum Zwergplanéit a sengem Mound gemaach ginn, héichopléisend Fotoen mat bis zu 25 m pro Pixel solle gemaach ginn, d'Temperaturverdeelung gemooss an d'Atmosphär vum Pluto studéiert ginn. Geplangt ass, d'Sond an enger Héicht vun 9600 Kilometer laanscht de Pluto an op 27.000 Kilometer laanscht de Charon fléien ze loossen. Dëst sinn nëmmen Zilparameter, déi während dem Fluch geännert kënne ginn. Zwou Wochen nom Rendez-vous ginn d'Observatiounen ofgeschloss, an d'Sond fänkt un, déi gesammelt Daten op d'Äerd ze iwwermëttelen. Bis Donneeën all ukomm sinn, wäerten e puer Méint vergoen.
Eng mat Plutoniumdioxid (dären Plutoniumundeel haaptsächlech aus dem Isotop 238Pu besteet) gefëllte Radionuklidbatterie déngt dozou, d'Sond an hir siewen Instrumenter ophirer laanger Rees an der Miessphas beim Pluto mat ausreechend Energie ze versuergen.
[änneren] Debatt iwwer Planéitestatus an Oferkennung
D'Diskussioun driwwer, ob de Pluto iwwerhaapt d'Bezeechnung „Planéit“ verdéngt, war schonns ugefaangen, wou een seng staark elliptesch und schréi Ëmlafbunn souwéi seng kleng Gréisst erkannt hat. Nodeems am September 1992 mat 1992 QB1 nom Pluto an dem Charon dat drëtt transneptunescht Objet fonnt gouf, entdeckten d'Astronomen ee Joer méi spéit bannen véier Deeg och véier weider Plutinos. Dorops huet sech d'Debatt ëm de Status vum Pluto ausgewäit. De Virschlag vum Brian Marsden vum MPC aus dem Joer 1998, dem Pluto en Duebelstatus ze ginn an hien zousätzlech als Asteroid mat der spezieller Nummer 10000 ze versinn, hat keng Zoustëmmung fonnt.
Am Laf vun der Zäit goufen Honnerte weider Objete vun der Kuiperceinture entdeckt, dorënner och verschidden vu plutoähnlecher Gréisst. Sou Entdeckungen, wéi virun allem den (136199) Eris, deen souguer méi grouss ass, goufe vun de Medien oft als „Zéngte Planéit“ genannt. D'IAU huet am Joer 2006 beschloß, ähnlech Kierper eng nei Klass, den Zwergplanéiten zouzeschreiwen. An Hinsiicht op de Pluto, deen iwwer Jorzéngte néngte Planéit hunn d'Kontroverse ënnert den Astronomen weider ugehalen.
Déi beschlossen Definitioun mat dem Zousaz, no där e Kierper nëmmen dann e Planéit ass, wann seng Mass och déi Gesamtmass vun allen anere Kierper a sengem Bunnberäich iwwertrëfft, beuecht. An dat ass de Pluto eendeiteg net. Als dat gréisst Objet vun de Plutinos entsprécht hien éischter der Roll vum Asteroid Hilda, deem gréisste Member vun der Hilda-Grupp. Hilda a op mannst 56 weider Objete beweegen sech ee Stéck baussegt vun der Haaptceinture vun den Asteroiden tëscehnt Mars a Jupiter analog an engem 2:3-Verhältnes zu der an dësem Fall méi laanger Ëmlafzäit vum Nopesch-Riseplanéit.
Op der 26. Generalversammlung vun der Internationaler Astronomescher Unioun am August 2006 zu Prag gouf virdrun eng eppes anescht Definitioun ouni Zousaz virgeschloen. E Planéit wär deemno schonn en Himmelskierper, deem seng Mass duergeet, fir duerch seng Eegengravitatioun eng hydrostatesch Gläichgewiichtsform („bal ronn”, d. h. eng sphäroidal Form) unzehuelen, an deen sech op enger Bunn ëm e Stär befënnt, selwer awer kee Stär oder Mound vun engem Planéit ass.[11] Deemno wär net nëmmen de Pluto e Planéit gewierscht, mä och den Ceres, Charon an Eris. De Charon koum duerch eng Ergänzung mat derbäi, no där et sech ëm en Duebelplanéit handele soll, wann dee kollektive Schwéierpunkt baussescht vum Haaptkierper läit.[12] Gläichzäiteg gouf d'Definitioun vun enger neier Klass vu Planéite virgeschloen, de sougenannte „Plutonen“, zu där Planéite gehéiert hätten, déi fir en Ëmlaf ëm de Stern méi laang wéi 200 Joer brauchen an zu där dann och de Pluto gehéiert hätt. Dëse Virschlag fir d'Planéitendefinitioun konnt sech op der Generalversammlung net duerchsetzen, sou datt de 24. August 2006 duerch Ofstëmmung d'Entscheedung agedroe gouf. datt de Pluto säi Planéitestatus oferkannt krut an an der neidefinéierter Klass vun den Zwergplanéite. D'Klass vun de Plutonen gouf zwar definéiert (als Klass, fir déi de Pluto de Prototyp duerstellt), war awer ufanks ouni Numm, well de Numm Plutone wéi och aner Virschléi vu Nimm net ugeheholl goufen.[13] Am Juni 2008 gouf vun der IAU dës Ënnerklass vun Zwergplanéite mat Plutoiden bezeechent, zu deenen, niewent dem Nummgiewer Pluto, och den Eris zielt.
Zënter September 2006 huet Pluto d'Asteroidenummer (134340).[14][15]
[änneren] Literatur
- Alan Stern, Jaqueline Mitton: Pluto and Charon. Univ. of Arizona, Tucson 1997, Wiley-VCH, Weinheim 2005 (2. erw. Aufl.). ISBN 0-8165-1840-8, ISBN 3-527-40556-9.
- J. L. Elliot (unter anderem): The recent expansion of Pluto's atmosphere. In: Nature. London 2003, 424 (10. Juli), S. 165–168.
- David A. Weintraub: Is Pluto a Planet? A Historical Journey through the Solar System. Princeton UP, Princeton 2007. ISBN 0-691-12348-9.
- Leif Allendorf: Planet Pluto. Die Geheimnisse des äußeren Sonnensystems. Avinus-Verlag, Berlin 2007. ISBN 978-3-930064-76-2.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Pluto – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Thema Planéitestatus
[änneren] Referenzen
- ↑ http://www.raumfahrer.net/news/astronomie/08022010190641.shtml
- ↑ DR EMILY BALDWIN: Carbon monoxide discovered in Pluto's atmosphere in Astronomy Now, Datum: 19. April 2011, Abgerufen: 27. April 2011
- ↑ Bild der Wissenschaft: Plutos giftiger Atem – Forscher weisen Kohlenmonoxid in der Atmosphäre des Zwergplaneten nach (19. April 2011)
- ↑ The lower atmosphere of Pluto revealed
- ↑ Treibhausgas heizt Pluto-Atmosphäre auf
- ↑ STSci News Release: NASA's Hubble Discovers Another Moon Around Pluto
- ↑ NASA: NASA'S Hubble Discovers Another Moon Around Pluto
- ↑ IAU Electronic Telegram No. 2769: NEW SATELLITE OF (134340) PLUTO: S/2011 (134340) 1
- ↑ Deutschlandradio Kalenderblatt am 18. Februar 2010
- ↑ http://www.spiegel.de/wissenschaft/weltall/0,1518,676107,00.html Abgerufen 10. Februar 2010
- ↑ Pressemitteilung der IAU
- ↑ Resolution 5 for GA-XXVI (92 kB pdf) Die gültige Planetendefinition laut Resolution B5
- ↑ SPIEGEL ONLINE Überraschende Entscheidung: Pluto ist kein Planet mehr
- ↑ IAU Circular 8747 (91 kB pdf)
- ↑ Discovery Circumstances: Numbered Minor Planets (130001)–(135000)
Sonn - Merkur - Venus - Äerd - Mars - Asteroidenceinture - Jupiter - Saturn - Uranus - Neptun - Pluto - Koméiten - Kuiperceinture - Oort-Wollek - Asteroid - Tabellaresch Iwwersiicht vun de Planéiten an Zwergplanéiten