Lowell-Observatoire
D'Lowell Observatoire zu Flagstaff, Arizona, USA gouf vum Percival Lowell am Joer 1894 gegrënnt, fir de Planéit Mars an déi vum Giovanni Schiaparelli 1877 bis 1879 observéiert Marskanäl ("Canali") méi genee ze ënnersichen. Zënter 90 Joer gëtt et awer och fir aner astronomesch Fuerschunge gebraucht.
De Lowell war e räichen Amateurastronom an huet d'Canali (onkorrekt als "Canals" iwwersat) fir Bewässerungskanäl vun intelligente Liewewiesen a fir deen ausdréchene Mars ze bewässeren. D'Faarfverännerungen, déi hie bei sengen Observatioune festgestallt huet, ware senger Meenung no Verännerunge vun der Vegetatioun.
Dës Gedanke goufe vu munche Marsfuerscher nach bis zu de Landunge vun de Raumsonde verfollegt (Mariner 4 am Joer 1965).
Den Observatoire gouf vun de Bridder Edward an William Henry Pickering geplangt – op dréchenem Land op 2.210 m Héicht. Si war vun Ufank un, mat deene modernsten Instrumenter equipéiert an hat z. B. 1910 mat 1,1 m dat weltwäit drëttgréisste Spigelteleskop.
Flagstaff läit matten an Arizona, ronn 120 km südlech vum Grand Canyon, tëschent Mount Humphreys (3.854 m) an Sunset Crater (Ausbroch virun 950 Joer, iwwer 2.000 km² Äeschen a Lava).
Am Joer 1912 huet de Vesto Slipher zu Flagstaff ugefaangen d'Spektren vu Spiralniwwele opzehuelen. Trotz liichtstaarker Instrumenter waren dozou Beliichtungen vun iwwer e puer Nuechte néideg – ausser beim Andromedaniwwel. Bei dësem waren d'Spektrallinnen an dat Blot (amplaz rout) verréckelt, wat de Slipher duerch eng séier Beweegung vun eiser Mëllechstrooss erkläert huet. Ee vu senge Studente war den Edwin Hubble, dee spéider déi allgemeng Routverrécklung duerch Expansioun vum Kosmos gedeit huet.
1930 gouf de Pluto no joerzéngtelaange Viraarbechten zu Flagstaff entdeckt. Zënter e puer Joer déngt den Observatoire fir d'Sich no Asteroide. Am Projet "Near Earth Object Survey" (LONEOS) gouf dofir en automatescht Teleskop entwéckelt.
Zu Flagstaff ass och d'USGS-Zentrum fir Astrogeologie. Héi war den Eugene Shoemaker haaptsächlech fir d'geologesch Studie fir d'Virbereedung vun de Moundlandunge verantwortlech. 1969 ass hien als Professer fir Geologie un d'Ofdeelung fir geologesch a planetaresch Wëssenschaften zu Pasadena zeréckgaangen.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Lowell Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien |