William Henry Pickering

Vu Wikipedia
William Henry Pickering
Gebuer 15. Februar 1858
Boston
Gestuerwen 17. Januar 1938
Nationalitéit USA
Educatioun Massachusetts Institute of Technology
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Geschwëster Edward Charles Pickering

De William Henry Pickering gebuer de 15. Februar 1858 zu Boston a gestuerwen, de 17. Januar 1938 zu Mandeville, Jamaika, huet an den USA als Astronom geschafft.

De Pickering huet sech haaptsächlech fir d'Planéiten an d'Mounde vum Sonnesystem intresséiert - ganz anescht wéi säi Brudder Edward Charles Pickering (1846-1919), den zu Harvard duerch d'Erfuerschung vu verännerleche Stäre bekannt gouf.

De Pickering huet 1891 am Peru en Observatoire gebaut, an 1894 dat fir de Percival Lowell zu Flagstaff am Arizona. Am Peru entdeckt hien 1898 de Phoebe, den 9. Mound vum Saturn, deen de Planéit réckleefeg ëmkreesst. Am Joer 1905 huet hien d'Entdeckung vun engem 10. Mound bekannt ginn: hien huet en „Themis“ genannt. Dëse stellt sech awer spéider als net existent eraus.

Well hien 1919 e baussenzegen Transneptun an der Nues hat, huet de William Pickering d'Bunnstéierunge beim Planéit Neptun analyséiert, an huet sou zu der Entdeckung vum "Planet X" (Pluto) bäigedroen.

Weider Fuerschungstheme vum Pickering waren d'Formatiounen an d'Krateranalyse vum Äerdmound, Photometrie, Meteoreschwäerm an d'cheemesch Zesummesetzung vu Meteoriten.

Bekannt Bicher vum Pickering sinn: "The Moon" (1903) an "Mars" (1921).

E Krater op dem Mound ass no him an no sengem Brudder Edward Charles Pickering benannt, souwéi den Asteroid Pickeringia.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]