Transneptuneschen Objet
Als transneptuneschen Objet (TNO) bezeechent een en Himmelskierper, dee sech baussenzeg vun der Neptunëmlafbunn, ëm d'Sonn beweegt.
Well ugeholl gëtt, datt déi meescht TNO an der Kuiperceinture sinn, gëtt de Begrëff Kuiperceintureobjet (KBO, och Kuiper Belt Object) och synonym fir transneptunescht Objet gebraucht. Haut 2011 kennt een epuer honnert TNO, et ginn awer nach e puer zéngdausend Objeteugeholl, deeren Duerchmiesser iwwer 100 km hrouss ass.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
Vun 1900 bis 1930 stoung dat Wuert „Transneptun“ fir en hypotheteschen néngte Planéit, deen (fälschlecherweis) fir kleng Bunnstéierunge vun de Planéiten Uranus an Neptun verantwortlech gemaach gouf. De Marsfuerscher Percival Lowell (1855–1916) hat laang selwer derno an dofir d'„Lowell-Observatoire“ bei Flagstaff finanzéiert.
Dee schliesslech den 18. Februar 1930 entdeckte Pluto war den eenzegen transneptuneschen Objet, deen de Status vun engem Planéit krut – dëse Status gouf op en Zwergplanéit zeréckgestuft. Géint 1950 ass dann no engem Transpluto gesicht ginn. 1977 ass no der Entdeckung vum éischten Zentauren eng aner Terminologie gewielt ginn.
[änneren] Eegeschaften
Déi bis elo entdeckte transneptunesch Objete sinn an hirer Zesummesetzung koméitenähnlech. Vill bekannte Koméite stamen no Bunn-Berechnungen aus den 1970er Joeren éischter aus der Kuiperceinture, wéi, wéi laang Zäit ugwholl gouf, aus der Oort-Wollek.
D'Transneptune ginn als speziell Grupp vun Asteroiden ugesinn an ënnerscheede sech vun deenen aus der Haaptceinture virun allem duerch
- hir sonnewäit an dacks laanggestreckten Ëmlafbunnen
- hir kuelenaarteg donkel Faarf (Albedo nëmmen ongeféier 0,04)
- hir Zesummesetzung aus lassenem Gestengs an Äis, déi gläichzäiteg den Iwwergank zu Koméitekären duerstellt.
[änneren] Objettypen
D'Transneptune kreesen gréisstendeels an der Kuiperceinture tëschent 30 a 50 AE, sammelen sech awer villfach zu spezielle Gruppen.
[änneren] Resonant KBO
Een Drëttel vun alle Kuiperceinture-Objete steet a Bunnresonanz zum Planéit Neptun, wéi zum Beispill d'Plutinos, déi sech all op stabile, allerdéngs wiesentlech exzentresche Bunnen, an 3:2-Resonanz zum Neptun befannen. Den hellste vun hinnen ass den Zwergplanéit Pluto. Weider baussen befannen sech d'Twotinos, déi an 2:1-Resonanz zu der Neptunbunn stinn. Et existéieren och Objete mat anere Resonanzen, wéi z. B. 5:2 an 3:1.
[änneren] Klassesch KBO (Cubewanos)
Eng aner wichteg Grupp ass déi vun den C-KBOs (klassesch Kuiperceintureobjete, och Cubewanos) genannt. Si beweegen sech mat klengen Exzentrizitéite op bal kreesfërmege Bunnen tëschent 42 an 50 AE mat Bunnschréiegten vu bis zu 30°. Ongeféier 2/3 vun de bekannte KBO beweegen sech op dëse kreesähnlecher Bunn ëm d'Sonn. Zu dëser Grupp gehéieren déi 1000-km-Objete Quaoar an Varuna.
[änneren] Scattered Disk
Gestreete KBO (oder och Scattered Disk Objects, SDO) beweege sech mat groussen Exzentrizitéiten op Bunne mat Periheldistanzen nobei 35 AE an Apheldistanze bis 1000 AE. Bis elo sinn eréischt wéineg gestreete KBO bekannt (zum Beispill 1996 TL66 mat enger staark elliptescher Bunn an enger Bunnschréiegt vu 24°).
[änneren] Sedna
Enn 2003 gouf en Objet op duebeler Pluto-Distanz entdeckt, dee sech op enger extrem laanggezunnener Ellips wäit baussenzeg vun der Kuiperceinture, allerdéngs nach net an der Oort-Wollek beweegt an en neie Prototyp duerstellt. Den Objet ass ronn 1500 km grouss a gouf no enger Inuit-Gëttin Sedna genannt. Dësen oder en aneren nach net entdeckten „Transpluto“ kéint fir déi lues Lassléisung vu Koméiten aus der Oort-Wollek verantwortlech sinn.
[änneren] Bekannt Objeten
[änneren] Daten
Déi hellst bekannt TNO (mat absoluter Hellegkeet < 4,0):
| Numm | Eegenumm |
| virl. Bez. | Virleefeg Bezeechnung |
| MV | Absolut Hellegkeet |
| A | Albedo |
| D | Equatorduerchmiesser an (km) |
| a | Grouss Hallefachs an AE |
| e | Numeresch Exzentrizitéit |
| i | Bunnschréiegt a Grad |
| T | Ëmlafdauer an Äerdjoren |
| Gr | Grupp
|
| EJ | Entdeckungsjoer |
| Numm | virl. Bez. | MV | A | D | a | e | i | T | Gr | EJ |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| (136199) Eris | 2003 UB313 | −1,2 | ~0,55 ± 0,15 | 2400 ± 100 | 67,7 | 0,441 | 44,2 | 557,0 | SDO | 2005 |
| Pluto | −1,0 | 0,49–0,66 | 2306 ± 20 | 39,4 | 0,249 | 17,2 | 247,7 | PLU | 1930 | |
| (136472) Makemake | 2005 FY9 | −0,3 | 0,8 ± 0,2 (ca.) | 1800 ± 200 | 45,7 | 0,156 | 29,0 | 308,5 | KBO | 2005 |
| (136108) Haumea | 2003 EL61 | 0,1 | 0,7 ± 0,1 | ~1500 | 43,3 | 0,189 | 28,2 | 285,3 | KBO | 2005 |
| Charon | S/1978 P 1 | 1 | 0,36–0,39 | 1205 ± 2 | 39,4 | – | – | – | M | 1978 |
| (90377) Sedna | 2003 VB12 | 1,6 | > 0,2 (ca.) | < 1800, > 1180 | 484,2 | 0,843 | 11,9 | 10.653 | Ano | 2003 |
| (90482) Orcus | 2004 DW | 2,3 | 0,1 (ca.) | ~1500 | 39,4 | 0,221 | 20,6 | 246,8 | PLU | 2004 |
| (50000) Quaoar | 2002 LM60 | 2,6 | 0,10 ± 0,03 | 1260 ± 190 | 43,5 | 0,036 | 8,0 | 287,8 | CKBO | 2002 |
| (28978) Ixion | 2001 KX76 | 3,2 | 0,25–0,50 | < 822 | 39,6 | 0,243 | 19,6 | 250,2 | PLU | 2001 |
| (55636) | 2002 TX300 | 3,3 | > 0,19 | < 709 | 43,1 | 0,123 | 25,9 | 282,8 | CKBO | 2002 |
| (55565) | 2002 AW197 | 3,3 | 0,14–0,20 | 650–750 | 47,4 | 0,132 | 24,4 | 325,5 | CKBO | 2002 |
| (55637) | 2002 UX25 | 3,6 | 0,08? | ~910 | 42,5 | 0,145 | 19,4 | 277,4 | CKBO | 2002 |
| (20000) Varuna | 2000 WR106 | 3,7 | 0,12–0,30 | 1060 ±180–220 | 43,0 | 0,052 | 17,2 | 281,0 | CKBO | 2000 |
| 2002 MS4 | 3,8 | 0,1 (geschätzt) | 730? | 41,8 | ? | ? | ? | KBO | 2002 | |
| 2003 MW12 | 3,8 | 0,1 (geschätzt) | 730? | 45,5 | 0,138 | 21,5 | 311,6 | KBO | 2003 | |
| 2003 AZ84 | 3,9 | 0,1 (geschätzt) | 700? | 39,6 | ? | ? | ? | KBO | 2003 | |
| (84522) | 2002 TC302 | 3,9 | > 0,03 | < 1211 | 55,1 | 0,291 | 35,1 | 408,0 | SDO | 2002 |
| (202421) | 2005 UQ513 | 3,4 | ? | ~900 | 43,49 | 0,142 | 25,69 | 286,8 | CKBO | 2005 |
[änneren] Kuckt och
[änneren] Literatur
- David Jewitt, (et al.): Trans-Neptunian objects and comets. Springer, Berlin 2008, ISBN 978-3-540-71957-1
- John K. Davies: Beyond Pluto - exploring the outer limits of the solar system. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2001, ISBN 0-521-80019-6
- Alan Fitzsimmons, (et al.): Minor bodies in the outer solar system. Springer, Berlin 2001, ISBN 3-540-41152-6
[änneren] Um Spaweck
- Astro Corner: Trans-Neptun-Objete
- (en) List Of Transneptunian Objects