(50000) Quaoar
| (50000) Quaoar | |
|---|---|
| Orbittyp | Transneptuneschen Objet |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 43,588 A.E. |
| Perihel – Aphel | 42,008 – 45,169 AE |
| Exzentrizitéit | 0,036 |
| Inklinatioun | 7,984 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 287 a 284 d |
| Mëttel Bunnvitesse | 4,52 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 890 ± 70 km |
| Mass | ≈ 1,6 ± 0,3 ∙ 1021 kg |
| Albedo | |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | |
| Absolut Hellegkeet | 2,7 |
| Spektralklass | |
| Entdecker Chad Trujillo, Michael E. Brown |
|
| Entdeckungsjoer | 4. Juni 2002 |
| Aner Bezeechnungen | 2002 LM60 |
(50000) Quaoar ass den Numm vun engem transneptuneschen Objet an der Kuiperceinture. Ier en den Numm Quaoar krut, gouf en ënnert der virleefeger Bezeechnung 2002 LM60 gefouert. Entdeckt gouf den Asteroid de 4. Juni 2002 vun den Astronomen Chad Trujillo an Michael E. Brown um California Institute of Technology zu Pasadena, USA vun deenen hien och benannt gouf. Den Numm Quaoar staamt vum Genesismythos vun den nordamerikanesche Tongva-Indianer, déi an der Géigend ëm Los Angeles liewen. Quaoar gehéiert wahrscheinlech zu der Klass vun den Zwergplanéiten, déi de 24. August 2006 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) agefouerter gouf.
| D'Bunn vum Quaoar (blo) am Verglach zu deenen vu Pluto (rout) an Neptun (gro) |
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Eegeschaften
Quaoars Duerchmiesser gouf, ënner anerem mat Hëllef vum Hubble-Weltraumteleskop, ufanks mat 1250 ± 50 km bestëmmt. Domat war hien, bis zu der Entdeckung vun (90482) Orcus an (90377) Sedna, dat gréisst zënter Pluto entdeckte Objet am Sonnesystem. Quaoar ass méi grouss wéi all Asteroide vun der Asteroidenceinture tëschent Mars a Jupiter zesummen. <!—Trotzdeem ass säin Duerchmiesser nëmmen een Zéngtel vum Äerdduerchmiesser respektiv een Drëttel vum Äerdmound. --> Op Grond vun neien Ënnersich vun der Ëmlafbunn vu sengem Mound huet de Quaoar en Duerchmiesser vun 900 km. Déi sech doraus ermëttelt Dicht vun 4,2 Gramm pro Kubikzentimeter ass fir Objete vun der Kuiperceinture ongewéinlech héich.[1][2][3]
Hien ëmkreest d'Sonn an enger bal perfekten Kreesbunn op enger Distanz vun ongeféier 6,5 Milliarde Kilometer (43,588 AE; Perihel 42,008 AE – Aphel 45,169 AE), déi 7,984° géint d'Ekliptik gebéit ass. D'Ëmlafzäit ass ronn 288 Joer.
[änneren] Mound
Am Februar 2007 huet en Team ëm de Mike Brown d'Entdeckung vun engem Mound mat 95 km Duerchmiesser bekannt ginn. Hie gouf op Fotoen vum Joer 2006 entdeckt.[4] Am November 2009 gouf dem Mound de Numm Weywot (Quaoar I) zougewisen.
[änneren] Geschicht
Quaoar gouf schonns 1982 vum Astronom Charles Kowal fotograféiert, awer net als Asteroid identifizéiert.
Am Dezember 2004 ass et gelongen, mat dem japaneschen 8-m-Teleskop Subaru de Noweis vu kristallinem Waasseräis an och Ammoniakhydrat un der Uewerfläch vum Quaoar ze maachen. Dëst ass iwwerraschend, well ee bei enger Uewerflächentemperatur vu 50 Kelvin eigentlech nëmmen amorphes Äis ouni Kristallstruktur unhuelen dierft. Et sinn Temperaturen bis zu 110 Kelvin noutwendeg fir de Prozess ze erklären. Elo gëtt ugeholl, datt sech am Kär vum Quaoar nach genuch Radioaktivitéitswärmt ass fir dës Temperature auszeléisen. Et entsteet dobäi eng Art Kryovulkanismus, wéi och um Neptunmound Triton.
D'Entdeckung vum Quaoar hat de Status vum Pluto als Planéit verklengert, zemol Astronomen weider Objete wéi de Quaoars an der Kuiperceinture unhuelen. Spéider gouf mat Eris en Objet fonnt dat méi grouss wéi de Pluto ass. Op Grond vu senger Gréisst befënnt sech de Quaoar wahrscheinlech am hydrodynamesche Gläichgewiicht, sou datt eng Zouuerdnung zu den Zwergplanéite ze erwarden ass.
[änneren] Visualitéit
Amateurastronome brauche fir eng Observatioun déi genee Koordinaten, e 40-Zentimeter-Teleskop souwéi zu der Dokumentatioun eng Kamera. Op Fotoen vun hannereneen kommende Nuechten ass den Asteroid als lues wandernde Punkt ze erkennen.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Referenzen
- ↑ W. C. Fraser, M. E. Brown, 2010. Quaoar: A Rock in the Kuiper belt ApJ letters (englisch)
- ↑ The Planetary Society Blog: Quaoar: A rock in the Kuiper Belt (englisch)
- ↑ SpektrumDirekt: Fernes Kuipergürtelobjekt Quaoar ist Felskugel (7. April 2010)
- ↑ Asteroids with Satellites - (50000) Quaoar
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Quaoar – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Eisige Welt am Rande des Sonnensystems Artikel bei Astronews.com
- (en) Bericht in Nature über Wassereis
