Charles Thomas Kowal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Charles Thomas Kowal, gebuer den 8. November 1940 a gestuerwen den 28. November 2011 war en US-amerikaneschen Astronom, dee vill Mounde, Asteroiden an Koméiten entdeckt huet:
- 1974 resp. 1975 d'Jupitermounde Leda an Themisto, woubäi den Themisto nees verluer goung an eréischt nees am Joer 2000 erëm fonnt ginn ass.
- 1977 den ongewéinlechen Asteroid (2060) Chiron, bei deem et sech och ëm e Koméit handele kënnt.
- den Aten-Asteroid (2340) Hathor, d'Apollo-Asteroiden (1981) Midas, (2063) Bacchus, (2102) Tantalus an den (5660) 1974 MA, d'Amor-Asteroiden (4596) 1981 QB an den (4688) 1980 WF souwéi d'Trojaner (2241) Alcathous an den (2594) Acamas.
- De Kowal war Alleng- resp. Matentdecker vun de Koméiten: 99P/Kowal, 104P/Kowal, 134P/Kowal-Vavrova, 143P/Kowal-Mrkos an 158P/Kowal-LINEAR (den Objet Chiron dréit zousätzlech d'Bezeechnung 95P/Chiron).
- Hien huet och vill extragalaktesch Supernovae entdeckt.
- 1979 krut hien d'James Craig Watson Medal fir seng Entdeckungen.
Um Spaweck[änneren]
- Nachruf in den Buffalo News
- C. T. Kowal: Galileo’s Observations of Neptune. DIO Bd. 15, S. 3–6 (Dezember 2008) (PDF, 80 KB)
- Publikatioun vum C. T. Kowal am Astrophysics Data System