Leda (Mound)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Leda
(Jupiter XIII)
Kënschtleresch Virstellung vumJupitermound Leda (Computeranimation).
Kënschtleresch Virstellung vum
Jupitermound Leda (Computeranimation).
Zentralkierper Jupiter
Eegeschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 11.165.000 km
Periapsis 9.338.000 km
Apoapsis 12.992.000 km
Exzentrizitéit 0,1636
Ëmlafzäit 240,92 Deeg
Ëmlafvitesse 3,35 km/s
Inklinatioun 27,457°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser   20 km
Mass  1,09 × 1016 kg
Dicht  2,6 g/cm3
Albedo  0,04
Visuell Magnitude 19,5 mag
Entdeckung
Entdecker  Charles Kowal
Entdeckungsdatum  11. September 1974

De Leda (och Jupiter XIII) ass ee vun de klenge Mounden vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Leda gouf de 14. September 1974 vum Astronom Charles Kowal op fotografesche Placken entdeckt, déi dräi Deeg virdrun am Observatoire um Mount Palomar beliicht goufen. Als offiziellen Datum vun der Entdeckung gëtt dofir den 11. September 1974 uginn.

De Mound gouf no der Leda, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie, genannt.

Bunndonnéeën[änneren | Quelltext änneren]

De Mound Leda ëmkreest de Jupiter op engem mëttleren Ofstand vun 11.165.000 km a ronn 240 Deeg an 12 Stonnen. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,15 an ass mat 27,5° staark géigeniwwer dem lokale Laplace-Plang, gebéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt hien zu der Himalia-Grupp, genannt nom Jupitermound Himalia, gezielt.

Physikalesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

De Leda huet e mëttleren Duerchmiesser vun nëmmen 20 km. D'Dicht ass mat 2,6 g/cm³ relativ héich, wat drop hiweist, datt hien haaptsächlech aus Silikatgestengs besteet. Seng Uewerfläch ass ganz donkel an hien huet eng Albedo vun 0,04. Déi visuell Magnitude ass 19,5m.