Europa (Mound)

Vu Wikipedia
Europa
(Jupiter II)
Jupitermound Europa, opgeholl aus enger Distanz
vu 677.000 km vun der Raumsond Galileo
de 7. September 1996
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 670.900 km
Periapsis 664.100 km
Apoapsis 677.700 km
Exzentrizitéit 0,0101
Ëmlafzäit 3,551 Deeg
Ëmlafvitess 13,74 km/s
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 3121,6 km
Dicht 3,01
Albedo 0,68
Visuell Magnitude (mag) 5,3
Entdeckung
Entdecker Galileo Galilei
Entdeckungsdatum 7. Januar 1610


De Jupitermound Europa (och Jupiter II) ass mat engem Duerchmiesser vun 3.121 km den zweetbannenzegen a klengste vun de véier grousse Mounde vum Planéit Jupiter an de sechstgréissten am Sonnesystem. Obschonn d'Temperatur op der Uewerfläch vum Europa maximal −150 °C erreecht, gëtt ugeholl, datt ënner der Kuuscht aus Waasseräis ee bis zu 100 km déiwe Waasserozean kéint sinn.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

D'Entdeckung vum Europa gëtt dem italieenesche Geléierten Galileo Galilei zougeschriwwen, deen am Joer 1610 säin einfache Lënserefrakter op de Jupiter geriicht hat. Déi véier grouss Mounden Io, Europa, Ganymed a Kallisto ginn och d'Galiléiesch Mounde genannt.

De Mound gouf no der Europa, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt. Obschonn den Numm Europa scho kuerz no senger Entdeckung vum Simon Marius virgeschloe gouf, konnt e sech laang net duerchsetzen. Eréischt an der Mëtt vum 20. Joerhonnert koum en nees a Gebrauch. Vidru goufen déi Galiléisch Mounde mat réimeschen Ziffere bezeechent an den Europa war de Jupiter II.

Ëmlafbunn a Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Resonanzverhältnesser mat Daten a Bezuch op den Io

Den Europa kreest rechtleefeg ëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vu 670.900 Kilometer an 3 Deeg, 13 Stonnen a 14,6 Minutten. D'Ëmlafbunn ass mat enger Exzentrizitéit vun 0,0101 bal kreesfërmeg. Déi jupiternoost a -wäitst Bunnpunkte wäiche jee nëmmen ëm 1,01 % vun der grousser Hallefachs of. De Bunneplang steet nëmmen 0,470° schréi zum Jupiter sengem Equatorialplang.

D'Ëmlafzäit vum Europa steet zu sengem bannenzegen a baussenzegen Nopeschmound an enger Bunnresonanz vun 2:1 respektiv 1:2; dat heescht, wärend zwéin Ëmleef vum Europa leeft den Io véiermol an de Ganymed eemol ëm de Jupiter.

Den Europa huet wéi den Äerdmound an déi iwwereg bannenzeg Jupitermounden, eng gebonne Rotatioun a weist ëmmer mat der selwechter Säit op de Planéit.

Opbau a physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Den Europa huet e mëttleren Duerchmiesser vun 3121,6 Kilometer an eng mëttel Dicht vun 3,01 g/cm³. Obwuel den Europa däitlech dee klengste vun de véier Galiléische Mounden ass, ass seng Mass méi grouss wéi déi vun alle klenge Mounde vum Sonnesystem zesummen.

D'Temperatur op der Uewerfläch vum Europa ass nëmmen 110 K (ongeféier –160 °C) um Equator an 50 K (ongeféier –220 °C) op de Polen.

Uewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

Déi am Ament héchstopgeléiste Foto vun der Europa-Uewerfläch. Den Ausschnëtt weist e Gebitt vun 1,8 × 4,8 km. De Norden ass riets.
De 26 km groussen Aschlagskrater Pwyll

D'Uewerfläch vum Europa ass 30,6 Millioune Kilometer², wat ongeféier der Gréisst vun Afrika entsprécht. Mat enger Albedo vun 0,64 ass et eng vun den hellsten Uewerfläche vun alle bekannte Mounden am Sonnesystem: 64 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. D'Uewerfläch besteet aus Äis. Déi roudelzeg Fierwunge sinn d'Folleg vun ofgelagerte Mineraler. D'Uewerfläch ass aussergewéinlech glat. Si ass vu Rillen iwwerzunn, déi net déif sinn.

Krater[änneren | Quelltext änneren]

Um Europa si ganz wéineg Aschlagskrateren ze gesinn, vun deenen nëmmen dräi en Duerchmiesser vu méi wéi 5 Kilometer hunn. Den zweetgréisste Krater, Pwyll, huet en Duerchmiesser vu 26 Kilometer. De Pwyll ass eng vun de geologesch jéngste Strukturen um Europa. Beim Aschlag gouf hellt Material aus dem Ënnergrond iwwer Dausende vu Kilometer ewech geschleidert.

Déi wéineg Verkraterung ass en Hiweis dorop, datt d'Uewerfläch vum Europa geologesch ganz jonk ass. Schätzunge vun der Aschlagsheefegkeet vu Koméiten an Asteroiden erginn en Alter vun héchstens 30 Millioune Joer.

Schichtsilikater konnten op der Kuuscht vun Europa nogewise ginn. Et gëtt ugeholl, datt si vun Aschléi am flaache Wénkel op d'Uewerfläch stamen[1].

Rillen a Grief[änneren | Quelltext änneren]

Wat beim Europa opfält, dat ass en Netzwierk vu Grief a Rillen, déi an alle Richtungen iwwer d'Uewerfläch verlafen. Déi Lineae, wéi si genannt ginn, hunn eng staark Änlechkeet mat Rëss a Verwerfungen op ierdeschen Äisfelder. Déi gréisst sinn ongeféier 20 Kilometer breet an hunn ondäitlech baussenzeg Ränner souwéi e bannenzege Beräich aus hellem Material. D'Lineae kéinten duerch Kryovulkanismus (Keeltvulkanismus) oder den Ausbroch vu Geysiren aus waarmem Waasser entstane sinn, wouduerch d'Äiskuuscht ausernee gedréckt gouf.

D'Lineae sinn zum gréissten Deel op Plazen, wou ee se net erwaart. Dat léisst sech méiglecherweis doduerch erklären, datt tëscht Äiskuuscht a Mounduewerfläch en Ozean ass. Dee kéint entstane sinn, well sech duerch déi exzentresch Ëmlafbunn vum Mound ëm de Jupiter dauernd d'Gravitatiounswierkung op den Europa ännert, an deen duduerch stänneg verformt gëtt. Doduerch erwäermt sech den Europa an d'Äis schmëlzt deelweis.

Wann den Europa op senger Ëmlafbunn déi gréisst Jupiterdistanz duerchlaf hat, konnten ëmmer nees Waasserstoff- a Sauerstoffatomer iwwer dem Südpol nogewise ginn. Et gëtt ugeholl, datt s'aus dem Splécke vu Waassermolekülle stamen, déi fräigesat goufen, wann d'Spécken opgemaach hunn an d'Waasser an de Weltraum schéisst, dat no dem Opstiig op 200 Kilometer nees op d'Uewerfläch zeréckfält[2].

Weider Strukturen[änneren | Quelltext änneren]

Den Terrain Conomara Chaos

E weideren Typ vun Uewerflächenstrukture si krees- an ellipsefërmeg Formen, Lenticulae genannt. Vill dervu sinn Hiwwelen (englesch: Domes), aner sinn Däller oder flaach donkel Flecken. D'Lenticulae entstounge warscheinlech duerch opsteigend waarmt Äis, vergläichbar mat Magmakummeren an der Äerdkuuscht. D'Dome goufen dobäi eropgedréckt, déi flaach donkel Flecke kéinte gefruerent Schmëlzwaasser sinn. Chaotesch Zonen, wéi Conomara Chaos, si wéi e Puzzle aus Brochstécker geformt, déi vu glatem Äis ëmgi sinn. Si hunn de Glach vun Äisbierger an engem gefruerene Séi.

Äis an Ozean[änneren | Quelltext änneren]

E Gebitt mat Lineae, Domes an donkle Flecken; den Ausschnëtt ass 140 × 130 km grouss

Déi glat Uewerfläch an d'Strukturen erënnere ganz staark un Äisfelder a Polarregiounen op der Äerd. Et gëtt ugeholl, datt ënner der Äiskuuscht vum Europa en Ozean aus flëssegem Waasser ass, deen duerch Gezäitekräften erwiermt gëtt. Bei den niddregen Uewerflächentemperaturen ass Waasseräis haart wéi Steen. Déi gréisst siichtbar Krater goufen héchstwarscheinlech mat frëschem Äis ausgefëllt an ofgeglätt. Dëse Mechanismus souwéi Berechnunge vun der duerch d'Gezäitekräfte verursaachter Erwäermung loossen drop schléissen, datt d'Kuuscht vum Europa aus Waasseräis ongeféier 10 bis 15 Kilometer staark ass. Deen dorënner leienden Ozean kéint eng Déift vu bis zu 100 Kilometer hunn. D'Gréisst vu flëssegem Waasser wier domat méi wéi duebel sou grouss wéi déi bei eisen Ozeaner.[3],[4]

Detailléiert Fotoe weisen, datt sech Deeler vun der Äiskuuscht géintenee verréckelt hunn an zerbrach sinn, woubäi e Muster vun Äisfelder entstoung. D'Beweegung vun der Kuuscht gëtt duerch Gezäitekräfte verursaacht, déi d'Uewerfläch ëm 30 m hiewen a senken. D'Äisfelder misste wéinst der gebonnener Rotatioun e bestëmmt, viraussobart Muster opweisen. Weider Fotoe weisen dogéint, datt nëmmen déi geologesch jonk Gebidder sou e Muster opweisen. Aner Gebidder wäiche mat zouhuelendem Alter vun dësem Muster of. Dat kann domat erkläert ginn, datt sech d'Uewerfläch vun Europa e bëssi méi séier beweegt wéi hire bannenzege Mantel an de Kär. D'Äiskuuscht ass vum Moundkär duerch den dertëscht leienden Ozean mechanesch entkoppelt a gëtt vum Jupiter senge Gravitatiounskräfte beaflosst. Vergläicher vu Fotoe vun de Raumsonde Galileo a Voyager 2 weisen, datt sech d'Äiskuuscht vum Europa an ongeféier 10.000 Joer eemol komplett ëm de Mound beweege misst.

Bannenzegen Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Bannenzegen Opbau vum Europa: de Kär besteet aus Eisen oder Néckel, ëmginn vun enger Gestengsschicht. Doriwwer ass e méiglechen Ozean. D'Uewerfläch gëtt aus Äis gebilt.

De Mound gläicht a sengem Opbau den terrestreschen (äerdänleche) Planéiten, well hien haaptsächlech aus Silikatgesteng opgebaut ass. Seng baussenzeg Schicht besteet aus Waasser mat enger geschatener Stäerkt vun 100 Kilometer. Doriwwer eraus kéint en e relativ klenge Kär aus Eisen hunn.

Atmosphär[änneren | Quelltext änneren]

Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop hunn Hiweiser op eng extreem dënn Atmosphär aus Sauerstoff erginn, mat engem Drock vun 10−11 bar. Et gëtt ugeholl, datt de Sauerstoff duerch d'Awierkung vun der Sonnestralung op d'Äiskuuscht entsteet, woubäi d'Waasseräis a Sauerstoff an a Waasserstoff gespléckt gëtt. De volatille Waasserstoff flitt an de Weltraum, de masseräiche Sauerstoff gëtt duerch d'Gravitatioun vum Europa festgehalen.

Magnéitfeld[änneren | Quelltext änneren]

Bei Laanschtflich vun der Galileosond gouf e schwaacht Magnéitfeld gemooss (seng Stäerkt entsprécht ongeféier ¼ vum Ganymed). D'Magnéitfeld variéiert, wärend sech Europa duerch déi baussenzeg Magnéitosphär vum Jupiter beweegt. D'Donnéeë vum Galileo weisen drop hin, datt ënner der Uewerfläch vum Europa eng elektresch leedend Flëssegkeet ass, z. B. en Ozean aus Salzwaasser. Doriwwer eraus weise spektroskopesch Ënnersich, datt déi roudelzeg Linnen a Strukturen op der Uewerfläch räich u Salzer wéi Magnesiumoxid sinn. D'Salzoflagerunge kéinten zeréckgebliwwe sinn, wou austriedend Salzwaasser verdampt war. Well déi festgestallt Salzer an der Reegel keng Faarf hunn, däerften aner Elementer wéi Eisen oder Schwiefel fir déi roudelzeg Fierwung verantwortlech sinn.

Spekulatiounen iwwer Liewen um Europa[änneren | Quelltext änneren]

Méiglech Verbindunge vum Europa sengem ënnerierdeschen Ozean mat der Uewerfläch

D'Méiglechkeet vu flëssegem Waasser hat Spekulatiounen opkomme gelooss, ob an den Ozeanen Forme vu Liewen existéiere kënnen. Op der Äerd goufe Liewensformen entdeckt, déi ënner extreeme Bedéngungen och ouni Sonneliicht bestoe kënnen, z. B. an den hydrothermale Quellen (Schwaarz Dämp) oder an der Déifséi.[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.jpl.nasa.gov/news/news.php?release=2013-362 JPL:Clay-Like Minerals Found on Icy Crust of Europa, Datum: 11. Dezember 2013, Ofgeruff: 9. Januar 2014
  2. http://www.jpl.nasa.gov/news/news.php?release=2013-363 JPL: Hubble Sees Evidence of Water Vapor at Jupiter Moon, Datum: 12. Dezember 2013, Ofgeruff: 15. Januar 2014
  3. Sascha Haupt: Neue Erkenntnisse über Wasser auf Jupitermond Europa in Raumfahrer.net, Datum: 16. November 2011 dieser gibt als Quellen BBC News und Nature an
  4. http://www.wissenschaft.de/wissenschaft/news/314551.html Martin Vieweg: Eisiger Kandidat für außerirdische Lebensräume. in wissenschaft.de Datum: 17. November 2011 Ofgeruff: 17. November 2011 dieser gibt als Quelle an: Rolf Müller, Virginia Tech University in Blacksburg, et al.: Nature, doi:10.1038/nature10608
  5. Stefan Deiters: JUPITERMOND EUROPA, Ozean könnte irdischen Meeren gleichen, in Astronews.com, Datum: 6./8. Mäerz 2013, Ofgeruff: 12. Mäerz 2013