Euporie (Mound)

Vu Wikipedia
Euporie
(Jupiter XXXIV)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 10
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 19.304.000 km
Periapsis 16.540.000 km
Apoapsis 22.068.000 km
Exzentrizitéit 0,1432
Ëmlafzäit 550,74 Deeg
Ëmlafvitess 2,54 km/s
Inklinatioun 145,767°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 2 km
Dicht 2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
0,0180 m/s2
Albedo 0,61
Visuell Magnitude (mag) 17,50
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 11. Dezember 2001


Den Euporie (oder Jupiter XXXIV) ass ee vun de klengste bekannte baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Euporie gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Den Asteroid krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 10.

De Mound gouf no der Euporie, enger Duechter vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

De Mound Euporie kreest a 550,74 Deeg op enger mëttlerer Distanz vun 19.304.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,1432. Mat enger Inklinatioun vun 145,8° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Mound Euporie zu der Ananke-Grupp, genannt nom Jupitermound Ananke gerechent. Dëse Mound ass de bannenzegste Vertrieder vun där Grupp.

Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Den Euporie huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. En ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Euporie huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,1m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]