Ananke (Mound)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ananke
(Jupiter XII)
Zentralkierper Jupiter
Eegeschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 21.276.000 km
Periapsis 16.095.000 km
Apoapsis 26.457.000 km
Exzentrizitéit 0,2435
Ëmlafzäit 629,770 Deeg
Ëmlafvitesse 2,42 km/s
Inklinatioun 148,89°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser   28 km
Mass  3,0  1016kg
Dicht  2,6 g/cm3
Albedo  0,04
Visuell Magnitude 18,75 mag
Entdeckung
Entdecker  S. B. Nicholson
Entdeckungsdatum  28. September 1951

Den Ananke (och Jupiter XII) ass ee vun de baussegste Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Ananke gouf den 28. September 1951 vum Astronom Seth Barnes Nicholson um Mount-Wilson-Observatoire a Kalifornien entdeckt.

Genannt gouf de Mound no der Ananke, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie. Säin offiziellen Numm krut hien 1975, virdrun gouf hien einfach als Jupitermound XII bezeechent, well hien den 12 entdeckte Mound vum Jupiter war.

Bunndonnéeën[änneren | Quelltext änneren]

Ananke kreest ëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 21,28 Mio. km a 629 Deeg, 18 Stonnen an 29 Minutten. D'Bunn weist eng Exzentrizitéit vun 0,2435 op. Mat enger Schéiegt vun 148,9° géint de lokale Laplace-Plang[A 1] ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

De Ananke gëtt enger Grupp vu Mounden, déi sech op ähnleche Bunnen ëm de Jupiter bewegen, den Numm. D'Ananke-Grupp huet 8 bis 16 Mounden, woubäi den Ananke de gréisste Member ass.

Physikalesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

Den Ananke huet e mëttleren Duerchmiesser vun ongeféier 28 km. Hir Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass wahrscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Ananke huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04. Déi visuell Magnitude ass 18,8m.

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Die Laplace-Ebene von Ananke weicht für einen äußeren Mond mit etwa 2,4° recht deutlich von der Ekliptik ab. Grund hierfür sind äußere Störungen, vor allem durch den großen Nachbarplaneten Saturn. Gegen die Äquatorebene des Jupiters ist die Laplace-Ebene um etwa 4,9° geneigt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]