Carme (Mound)

Vu Wikipedia
Carme
(Jupiter XI)
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.404.000 km
Periapsis 17.476.000 km
Apoapsis 29.332.000 km
Exzentrizitéit 0,2533
Ëmlafzäit 0,295 Deeg
Ëmlafvitess 702,30 km/s
Inklinatioun 164,907°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 46 km
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 17,6
Entdeckung
Entdecker S. B. Nicholson
Entdeckungsdatum 30. Juli 1938


De Carme (och Jupiter XI) ass ee vun de baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Mound Carme gouf den 30. Juli 1938 vum Astronom Seth Barnes Nicholson um Mount Wilson-Observatoire a Kalifornien entdeckt. Den Nicholson hat de Jupiter tëscht dem 5. Juli an dem 25. August fotograféiert, woubäi de Carme op enger fotografescher Plack ze gesi war, déi den 30. Juli beliicht gouf. D'Entdeckung vum Mound gouf Enn August bekannt ginn.

De Mound gouf no der Carme, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt. Säin offiziellen Numm krut hien am Joer 1975, virdru gouf hien einfach als Jupitermuond XI bezeechent.

Bunndonnéeën[änneren | Quelltext änneren]

De Carme kreest op enger mëtteler Distanz vun 23.404.000 km a 734 Deeg, 4 Stonnen an 48 Minutten ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2533. Mat enger Schréi vun 164,907° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit. Duerch déi Bunndonnéeë kann de Carme net beim Jupiter entstane sinn, mä ass warscheinlech en Objet deen agegaange gouf. Allerdéngs ass nach net kloer, wéi dat genee gaangen ass. De Carme gëtt säin Numm enger Grupp vu Mounden, déi sech op änleche Bunnen ëm de Jupiter beweegen. D'Carme-Grupp huet 17 Mounden, woubäi de Carme dee gréisste Member ass.

Physikalesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

De Carme huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 46 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. De Carme huet eng donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04. Seng visuell Magnitude ass 17,6m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]