1938
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1933 | 1934 | 1935 | 1936 | 1937 | 1938 | 1939 | 1940 | 1941 | 1942 | 1943
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1938
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- uechtert d'Joer: De Spuenesche Biergerkrich dauert un.
- 1. Januar: Am Däitsche Räich gi jiddesch Dokteren aus dem Krankekeesesysteem ausgeschloss; Patienete kréien e Besuch bei hinnen net méi rembourséiert.
- 1. Januar: Judden an Däitschland dierfe keen Eenzelhandelsgeschäft oder Handwierksbetrib méi féieren.
- 5. Januar: Per Gesetz musse Judden an Däitschland Das en "typesch jiddeschen" Numm droen.
- 4. Februar: Den Adolf Hitler ernennt sech selwer zum Oberbefehlshaber vun der däitscher Wehrmacht.
- 15. Februar: Bei enger Regierungsëmbildung an Éisträich kommen d'Nationalsozialisten Arthur Seyß-Inquart an Edmund Glaise-Horstenau an d'Regierung.
- 20. Februar: Bündnerromanesch gëtt véiert Landessprooch an der Schwäiz.
- 11. Mäerz: Den éisträichesche Bundeskanzler Kurt Schuschnigg trëtt zréck. Den Nationalsozialist Arthur Seyß-Inquart forméiert eng nei Regierung.
- 12. Mäerz: Däitsch Truppen besetzen Éisträich. Offiziell sinn 99% vun der Bevëlkerung fir den Anschluss.
- 21. Mee: D'tschechoslowakesch Regierung mobilisiéert d'Arméi.
- 25. Juni: Den Dichter Douglas Hyde gëtt deen éischte President vun [[Irland
- 8. August: Zu Mauthausen gëtt dat éischt KZ an Éisträich gebaut.
- 17. September: Op Uerder vum Hitler gëtt d'Sudetendeutsches Freikorps gegrënnt, dat an de Wochen drop an der Sudetenkris staatlech Ariichtunge vun der Tschechoslowakei iwwerfällt.
- 27. September: Jiddesch Affekoten an Däitschland verléieren op den 30. November 1938 hir Autorisatioun fir ze schaffen.
- 29. September: Münchner Ofkommes: D'Tschechoslowakei gëtt gezwongen, d'Sudetengebidder un Däitschland ofzetrieden. Frankräich, Groussbritannien an Italien stëmmen dëser Annexioun zou.
- 1. Oktober: däitsch Truppe marschéieren an d'Sudeteland an.
- 27. Oktober: 17.000 polnesch Judden, déi an Däitschland liewen, gin a Polen deportiert.
- 9. November: "Reichskristallnacht" an Däitschland; 400 Synagoge ginn a Brand gestach, iwwer 7000 jiddesch Geschäfter ginn ausgeraibert a ronn 30000 Judde ginn a Konzentratiounslagere verschleeft.
- 12. November: Verordnung zur Ausschaltung der Juden aus dem deutschen Wirtschaftsleben; D'"Ariséierung". ass ofgeschloss.
- 14. November: Jiddesch Schüler dierfen an Däitschland net méi an d'Schoul goen.
Afrika [änneren]
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 30. Oktober: D’Radioiwwerdroung vum Hörspill Krich vun de Welten nom Roman vum H. G. Wells vum Orson Welles an dem Mercury Theatre on the Air op CBS léist an den USA Panik aus.
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
- uechtert d'Joer: Zweete Japanesch-Chinesesche Krich.
- 12. Juli: Sowjetesch Truppe besetzen een Deel vum japanesche Vasallestaat Mandschukuo (Mandschurei).
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Edmond Dune, Révélations.
Musek [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 16. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:6 géint Ungarn.[1]
- 30. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:4 géint Frankräich.[2]
- 13. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1938, 2:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Camille Libar an de Gusty Kemp geschoss.[3]
- 20. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Wuppertal 1:2 géint Däitschland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Libar geschoss.[4]
- 24. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Arel 3:9 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Camille Libar (2) an de Paul Feller geschoss.[5]
- 15. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Mailand 0:4 géint Italien.[6]
- 18. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Schwäiz. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Meyer geschoss.[7]
Gebuer [änneren]
- 3. Januar: Jean Milmeister, lëtzebuergesche Lokalhistoriker.
- 5. Januar: Juan Carlos I., Kinnek vu Spuenien.
- 6. Januar: Adriano Celentano, italienesche Sänger a Schauspiller.
- 7. Januar: Roland Topor, franséischen Auteur, Schauspiller a Moler.
- 10. Januar: Donald E. Knuth, US-amerikaneschen Informatiker.
- 14. Januar: Josy Braun, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 14. Januar: Nelly Moia, lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Fotografin.
- 25. Januar: Etta James, US-amerikanesch Sängerin.
- 29. Januar: Françoise Brion, franséisch Schauspillerin.
- 30. Januar: Islom Karimov, usbekesche Politiker.
- 31. Januar: Beatrix vun Holland.
- 9. Februar: Fred Williams, däitsche Schauspiller.
- 11. Februar: Manuel Noriega, panamaeschen Diktator
- 14. Februar: Jean-François Adam, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 16. Februar: Gilbert Meylender, lëtzebuergesch Foussballspiller.
- 18. Februar: István Szabó, ungaresche Filmregisseur.
- 21. Februar: Bobby Charles, US-amerikanesche Sänger a Komponist.
- 22. Februar: Alain Atten, lëtzebuergeschen Historiker an Auteur.
- 28. Februar: Klaus Staeck, däitsche Graphiker.
- 10. Mäerz: Marina Vlady, franséisch Schauspillerin.
- 15. Mäerz: Claude Michaud, kanadesche Schauspiller.
- 15.Mäerz: Hans-Erich Volkmann, däitschen Historiker.
- 21. Mäerz: Fritz Pleitgen, däitsche Journalist Telees-Intendant.
- 27. Mäerz: Hansjörg Schneider, Schwäizer Schrëftsteller.
- 1. Abrëll: Ali MacGraw, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 8. Abrëll: Kofi Annan, Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen, Friddensnobelpräisdréier.
- 9. Abrëll: Wiktor Stepanowitsch Tschernomyrdin, russesche Politiker.
- 15. Abrëll: Claudia Cardinale, italienesch Filmschauspillerin.
- 17. Abrëll: Perrette Pradier, franséisch Schauspillerin a Synchronspriecherin.
- 20. Abrëll: Guy Wagner, lëtzebuergeschen Auteur.
- 20. Abrëll: René Schneider, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 22. Abrëll: Pilo Fonck, lëtzebuergesche Sportjournalist.
- 28. Abrëll: Gerlinde Locker, éisträichesch Schauspillerin.
- 29. Abrëll: Georges Calteux, lëtzebuergesche Konschterzéier an Denkmalschützer.
- 2. Mee: Moshoeshoe II., Kinnek vu Lesotho.
- 4. Mee: Franz Ludwig Schenk von Stauffenberg, däitsche Politiker.
- 7. Mee: René Wagner, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 8. Mee: Jean Giraud, franséische Comic-Auteur an -Zeechner.
- 15. Mee: Mireille Darc, franséisch Schauspillerin.
- 16. Mee: François Schanen, franséische Sproochwëssenschaftler.
- 30. Mee: Pierre Bohler, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1. Juni: Jean-Pierre Sintges, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 10. Juni: Rob Krier, lëtzebuergeschen Architekt.
- 23. Juni: Alain Georges, lëtzebuergesche Finanzexpert.
- 28. Juni: Leon Panetta, US-amerikanesche Politiker.
- 1. Juli: Nico Thurm, lëtzebuergesche Moler.
- 18. Juli: Paul Verhoeven, hollännesche Filmregisseur
- 20. Juli: Diana Rigg, britesch Schauspillerin.
- 20. Juli: Natalie Wood, US-amerikanesch Schauspillerin
- 28. Juli: Alberto Fujimori, peruanesche Politiker, President vu Peru 1990–2000.
- 1. August: Rolph Ketter, lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.
- 3. August: Ingrid Caven, däitsch Schauspillerin.
- 3. August: Jules Zambon, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. August: Grit Böttcher, däitsch Schauspillerin.
- 17. August: Jean Hardt, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. August: Frederick Forsyth, britesche Schrëftsteller.
- 25. August: Guy Gilles, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 28. August: Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen, lëtzebuergesch Politikerin.
- 29. August: Elliott Gould, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1. September: Guy Kirsch, lëtzebuergeschen Economist a Sozialwëssenschaftler.
- 10. September: Karl Lagerfeld, däitsche Moud-Createur a Fotograf.
- 14. September: Nicol Williamson, britesche Schauspiller.
- 16. September: David Benedictus, englesche Schrëftsteller.
- 23. September: Cornel Meder, lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.
- 23. September: Romy Schneider, éisträichesch Schauspillerin.
- 23. September: Maria Perschy, éisträichesch Schauspillerin.
- 26. September: Raoul Cauvin, belschen Zeenarist fir Bande dessinéeën.
- 29. September: Wim Kok, holännesche Politiker.
- 30. September: Ulrich Rückriem, däitsche Sculpteur.
- 3. Oktober: Eddie Cochran, US-amerikanescher Rock'n'Roll-Star.
- 9. Oktober: Heinz Fischer, éisträichesche Politiker a Bundespresident.
- 13. Oktober: Camille Perl, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Prelat am Vatikan.
- 20. Oktober: Kathy Kirby, britesch Popsängerin.
- 26. Oktober: Bernadette Lafont, franséisch Schauspillerin.
- 2. November: Sophia vu Griicheland, Kinnigin vu Spuenien.
- 5. November: Joe Dassin, franséische Sänger.
- 8. November: Murtala Mohammed, Militärdiktator a Staatspresident vun Nigeria.
- 13. November: Jean Seberg, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 13. November: Clay T. Whitehead, US-amerikanesche Geschäftsmann a Conseiller am Satellitewiesen.
- 23. November: Herbert Achternbusch, däitsche Filmregisseur.
- 28. November: André Haagen, Moler an Architekt.
- 29. November: Michel Duchaussoy, franséische Schauspiller.
- 30. November: Jean Eustache, franséische Filmregisseur.
- 11. Dezember: McCoy Tyner, US-amerikaneschen Jazzpianist.
- 12. Dezember: Michel Orso, franséische Komponist a Sänger.
- 13. Dezember: Heinz Georg Kramm, bekannt als Heino, däitsche Schlagersänger.
- 13. Dezember: Ady Jung, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.
- 15. Dezember: Nico Pleimling, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 29. Dezember: Jon Voight, US-amerikanesche Schauspiller.
- ? Derviş Eroğlu, tierkesch-zypresche Politiker.
- ? Sidi Mohamed Ould Cheikh Abdallahi, mauretanesche Politiker.
- ? James W. Christy, US-amerikaneschen Astronom.
Gestuerwen [änneren]
- 8. Januar: Christian Rohlfs, däitsche Moler.
- 17. Januar : William Henry Pickering, amerikaneschen Astronom.
- 21. Januar: Georges Méliès, franséidchr Variété-Kënschtler a Filmpionéier.
- 4. Februar: Dominique Heckmes, lëtzebuergesche Musekkritiker a Komponist vu Kierchemusek.
- 12. Februar: Jules Keiffer, lëtzebuergeschen Auteur a Politiker.
- 21. Februar: George Ellery Hale, US-amerikaneschen Astronom.
- 1. Mäerz: Gabriele D’Annunzio, italienesche Schrëftsteller.
- 19. Mäerz: Nikolai Iwanowitsch Bucharin, russesche Politiker, marxisteschen Economist a Philosoph-
- 27. Mäerz: William Stern, däitsche Psycholog.
- 7. Abrëll: Suzanne Valadon, franséisch Molerin.
- 4. Mee: Carl von Ossietzky, Journalist a Redakteur ("Die Weltbühne"), Friddensnobelpräisdréier.
- 23. Mee: Joseph Steichen, lëtzebuergesche Jurist a President vum Staatsrot.
- 27. Mee: Ernest Leclère, lëtzebuergesche Politiker an Affekot.
- 1. Juni: Ödön von Horváth, éisträichesch-ongresche Schrëftsteller.
- 8. Juni: Édouard Wolff, lëtzebuergesche Riichter.
- 14. Juni: William Wallace Campbell, US-amerikaneschen Astronom.
- 24. Juni: Jean-Baptiste Wercollier, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 18. Juli: Marie vun Edinburgh, Kinnigin vu Rumänien.
- 27. August: Guillaume Soisson, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
- 24. Oktober: Ernst Barlach, däitsche Sculpteur, Graphiker an Dichter.
- 10. November: Mustafa Kemal Atatürk, Staatsgrënner an éischte President vun der Republik Tierkei.
- 10. Dezember: Paul Morgan, éisträichesche Schauspiller.
- Frigyes Karinthy, ungaresche Schrëftsteller.
| Commons: 1938 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Ungarn de 16. Januar 1938 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 30. Januar 1938 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 13. Mäerz 1938 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg den 20. Mäerz 1938 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 24. Abrëll 1938 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Italien-Lëtzebuerg de 15. Mee 1938 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 18. September 1938 um Site European Football