Nelly Moia

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Nelly Moia, gebuer de 14. Januar 1938 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Fotografin.

Si war Englesch- an Italienesch- a Morale laïque-Professesch an huet zënter den 1950er Joren engagéiert Artikele geschriwwen, meeschtens am Tageblatt an am Lëtzebuerger Land, an deene se fir d'Fraen, fir Ëmwelt- an Déiereschutz an als Atheistin géint d'Institutioun Kierch Stellung geholl huet.

Zu hire Publikatiounen zielen de Minettskalenner (1991); Für die Tiere (1992); Für die Frauen (1992); Géint d'Pafen (1994), Mascarons de Luxembourg (1995); Für die Katz' (1999). Si huet ë. a. och d'Nowuert vum Karlheinz Deschner sengem Buch Für einen Bissen Fleisch. Das schwärzeste aller Verbrechen an d'Virwuert vun der Yvonne Frisch hirem Buch Alles in Ordnung geschriwwen. Am Karlheinz Deschner sengem Sammelband Woran ich glaube (1990) ass och eng Kontributioun vun hir ("Marionette mit Herz").

Hir Fotoen huet se ë. a. am Escher Theater ausgestallt:

  • La Splendeur du Minett (1987)
  • Al Escher (1988)
  • Pimpampelen am Minett (1989)
  • Trauer in Stein und Bronze (1992)

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]