Claudia Cardinale

Vu Wikipedia
Claudia Cardinale
Portrait vun 1960
Gebuertsnumm Claude Joséphine Rose Cardinale
Gebuer 15. Abrëll 1938
Tunis
Nationalitéit Italien, Frankräich
Educatioun Centro Sperimentale di Cinematografia
Aktivitéit Filmschauspiller, Schauspiller, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet mat Franco Cristaldi
Liewenspartner(in) Pasquale Squitieri, Marcello Mastroianni
D'Cardinale am Joer 1957

D'Claudia Cardinale, gebuer als Claude Joséphine Rose Cardinale de 15. Abrëll 1938 zu Tunis, ass eng italieenesch Schauspillerin.

D'Claudia Cardinale huet bis 2014 an iwwer 110 Kinos- an TV-Filmer matgespillt, dorënner Filmer vu sou bedeitende Filmregisseure wéi Luchino Visconti, Federico Fellini, Sergio Leone, Blake Edwards, Mauro Bolognini a Richard Brooks.

No enger Haaptroll niewent dem Marcello Mastroianni am Film Il bell'Antonio (1960) vum Mauro Bolognini huet de Luchino Visconti hir am Familljendrama Rocco e i suoi fratelli eng grouss Roll ginn. A Frankräich hat si dunn am Joer 1962 groussen Erfolleg niewent dem Jean-Paul Belmondo an dem historeschen Abenteuerfilm Cartouche, vum Philippe de Broca. Duerno war si am Federico Fellini sengem Problemfilm , deen engem Filmregisseur seng Ängscht an Obsessioune beliicht, ze gesinn.

De Luchino Visconti huet hir dunn am Film Il Gattopardo (1963) hir schéinst Filmroll ugebueden. Den Alain Delon an d'Claudia sinn an deem historesche Film, deen den Niddergang vun enger italieenescher Adelsfamill erzielt, op engem vun den Héichpunkte vun hirer Carrière ukomm.

Net ze vergiesse sinn awer och zwéi Western, en US-amerikanesche The Professionals (1966) vum Richard Brooks mam Burt Lancaster, Lee Marvin a Robert Ryan an dann de Klassiker a gläichzäiteg wichtegsten Italo-Western C'era una volta il West (1968) vum Sergio Leone mam Henry Fonda, Jason Robards an Charles Bronson.

Eng speziell Plaz an hirer Filmographie huet de Film Fitzcarraldo (1982), vum Werner Herzog, iwwer en Aventurier an Operenamateur (Klaus Kinski) deen am peruanesche Urwald eng Oper wëllt bauen.

Um Enn vun den 1990 Joren un huet si net méi sou vill Filmer gedréint a vun 2000 un huet si ugefaangen zu Paräis Theater ze spille mat Stécker vum Luigi Pirandello an Tennessee Williams.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1958 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1999[änneren | Quelltext änneren]

vun 2000 bis 2009[änneren | Quelltext änneren]

vun 2010 bis 201.[änneren | Quelltext änneren]

TV[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alberto Moravia: Claudia Cardinale. Ein etwas ungewöhnliches Gespräch. Schirmer/Mosel, München 2010, (Originaltitel: Intervista a Claudia Cardinale).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Claudia Cardinale – Biller, Videoen oder Audiodateien