Anne Bancroft

Vu Wikipedia
Anne Bancroft
Gebuer 17. September 1931
Bronx
Gestuerwen 6. Juni 2005
New York
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles,
Actors Studio,
American Academy of Dramatic Arts,
HB Studio
Aktivitéit Filmschauspiller, Synchronspriecher, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Mel Brooks

D'Anne Bancroft, gebuer de 17. September 1931 an der Bronx, New York City, als Anna Maria Louisa Italiano, an do gestuerwen de 6. Juni 2005, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Nodeem se an enger Rëtsch Televisiounsepisoden ënner dem Numm "Anne Marno" opgetrueden ass, huet se hire Familliennumm nach eng Kéier fir hire Filmdebut an Don't Bother to Knock (1952) missen änneren.

1958 huet si zesumme mam Henry Fonda an der Broadwayproduktioun vun Two for the Seesaw gespillt, woufir se en Tony Award gewonnen huet. En zweete krut se 1960 fir The Miracle Worker. Déi selwecht Roll huet se d'Joer drop an engem Film gespillt, woufir se och nach 1962 en Oscar gewonnen huet. Spéider ass se nach véiermol fir den Oscar nominéiert ginn.

Aner wichteg Rollen hat d'Anne Bancroft an The Pumpkin Eater, 7 Women an The Graduate, wou se als "Mrs. Robinson" de Personnage vum Dustin Hoffman verfouert huet.

1961 huet d'Anne Bancroft de Mel Brooks kennegeléiert; si hu sech 1964 bestuet a kruten 1972 e Kand. Si hunn zwee Filmer zesumme gedréint, dorënner de Remake vun To Be or Not to Be (1983).

D'Anne Bancroft ass 6. Juni 2005 u Kriibs gestuerwen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1952 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 2001[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anne Bancroft – Biller, Videoen oder Audiodateien