Sydney Pollack

Vu Wikipedia
Sydney Pollack
Gebuertsnumm Sydney Irwin Pollack
Gebuer 1. Juli 1934
Lafayette
Gestuerwen 26. Mee 2008
Pacific Palisades
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Neighborhood Playhouse,
Stella Adler Studio of Acting
Aktivitéit Filmproduzent, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsregisseur, Filmregisseur, Pilot, Charakterschauspiller, Regisseur

De Sydney Pollack, gebuer den 1. Juli 1934 zu Lafayette, Indiana a gestuerwen de 26. Mee 2008 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Filmregisseur, -produzent a Schauspiller.

Dem Pollack seng Eltere ware russesch Judden, déi an d'USA agewandert waren. Hien huet seng Carrière an den 1960er Joren als Schauspiller an Televisiounsregisseur ugefaangen. 1962 hat hie seng éischt Filmroll am Krichsfilm War Hunt, wou och de Robert Redford seng éischt Roll hat. Zanterhier waren déi zwéi Frënn, an de Redford huet an e puer Filmer vum Pollack gespillt, wéi dee bis Regisseur gouf.

De Sydney Pollack huet ganz villsäiteg Filmer gemaach, wéi Western (Jeremiah Johnson), Literaturverfilmungen (Out of Africa), Politthrilleren (Three Days od the Condor), Melodramen (Random Hearts) a Comédien (Tootsie). Hie gouf dräimol fir en Oscar nominéiert; 1986 krut en dann och ee fir déi bescht Regie an Out of Africa.

Hie war zanter 1958 mat der Schauspillerin Claire Griswold bestuet, mat där en dräi Kanner hat. Hien ass 2008 u Kriibs gestuerwen.

Filmographie (als Regisseur)[änneren | Quelltext änneren]

Filmographie (als Schauspiller)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sydney Pollack – Biller, Videoen oder Audiodateien