Shelley Winters

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Shelley Winters, gebuer den 18. August 1920 zu East St. Louis als Shirley Schrift a gestuerwen de 14. Januar 2006 zu Beverly Hills, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Liewen a Wierk [änneren]

D'Shelley Winters, déi aus enger jiddescher Immigrantefamill kënnt, hat Succès a Kaméidisstécker a Musicalen um Broadway a war enk mam Actors Studio verbonnen. Zënter 1943 huet si a Filmer matgespillt, woubäi se net nëmmen duerch hir klassesch Schéinheet opgefall ass, mä och duerch en deemools nach ongewinntent Selbstbewosstsinn.

Méi spéit am Liewe war d'Winters gefrot fir Charakterrollen. Si huet zweemol den Oscar krut, fir hir Niewerollen an The Diary of Anne Frank (1959) an A Patch of Blue (1965). Bekannt war se och duerch hir Autobiographien, an deene si fräimiddeg iwwert hiert stiermecht Liewe verzielt huet, dorënner déi Affären, déi se mat bekannte Schauspiller wéi dem William Holden, dem Burt Lancaster oder dem Marlon Brando hat.

D'Shelley Winters war dräimol bestuet, dorënner och mat dem Schauspiller Vittorio Gassman, mat deem s'ee Meedchen hat, a mat dem Anthony Franciosa.

Filmographie [änneren]

Commons: Shelley Winters – Biller, Videoen oder Audiodateien