Audie Murphy

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps aktion.png Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Audie Murphy

Den Audie Leon Murphy, gebuer den 20. Juni 1924 an der Géigend vu Kingston, Texas, a gestuerwen den 28. Mee 1971 bei enger Fligerkatastroph zu Roanoke, Virginia, war dee meescht dekoréierten US-amerikaneschen Zaldot am Zweete Weltkrich.

Nom Krich war hie Filmschauspiller an Dréibuchauteur. Hien huet och Texter fir 14 Lidder geschriwwen, vun deenen der e puer, wéi Shutters and Boards oder och When the Wind Blows in Chicago e puer Wochen an den Top-Ten vun der amerikanescher Hitparad waren.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Den Zaldot

Säi Grafsteen

Den Audie Murphy war op ville Plazen an Europa am Asaz, ënner anerem am Elsass bei Holtzwihr, wou et him gelong war eng däitsch Panzerattack ze stoppen. Hien huet un 8 Schluechten deelgeholl, a Sizilien, Italien, Frankräich an Däitschland, a bei den Débarquementer a Sizilien an a Südfrankräich. Den Audie Murphy gouf dräimol blesséiert. De 17. August 1945 gouf hien am Fort Sam Houston am Rang vun engem Leutnant démobiliséiert.

Trotz sengem Engagement beim Film huet hie sech erëm an der 36. Divisioun "Thirty-six T-Patchers" vun der Texas National Guard engagéiert fir mat an de Koreakrich ze goen. Hei hat hien de Rang vun engem Captain. Hie gouf 1957 an dëser Unitéit am Rang vu Major démobiliséiert, ouni datt hien iwwerhaapt a Nordkorea war, well seng Divisioun net mobiliséiert gouf. Vun 1966 bis zu sengem Doud war hien an der United States Army Reserve.

Den Audie Murphy gouf um Nationalkierfecht vun Arlington, Virginia, begruewen. Op sengem Grafsteen, an der Sectioun 46 Nummer 366-11, sinn nëmmen déi wichtegst Decoratiounen opgezielt - de Steen ass ze kleng fir se all drop ze schreiwen.

E Musée am Texas dréit säin Numm den Audie Murphy / American Cotton Museum, an all Joers, am Juni gëtt zu Greenville, Texas den Audie Murphy Day begaangen.

[änneren] Filmer

Titel vum Film Joer Regisseur Schauspiller
Texas, Brooklyn and Heaven 1948 William Castle Guy Madison, Lionel Stander
Beyond Glory 1948 John Farrow Alan Ladd, Donna Reed
Bad Boy 1949 Kurt Neumann Lloyd Nolan
Sierra 1950 Alfred E. Green Burl Ives, Dean Jagger
The Kid from Texas 1950 Kurt Neumann Albert Dekker
Kansas Raiders 1950 Ray Enright Brian Donlevy, Tony Curtis
The Red Badge of Courage 1951 John Huston Andy Devine
The Cimarron Kid 1952 Budd Boetticher James Best, Leif Erickson
The Duel at Silver Creek 1952 Don Siegel Faith Domergue, Lee Marvin
Gunsmoke 1953 Nathan Juran Paul Kelly
Column South 1953 Frederick de Cordova Dennis Weaver, Joan Evans
Tumbleweed 1953 Nathan Juran Lori Nelson, Chill Wills

[änneren] Gielercher

Den Audie Murphy war 33 Mol décoréiert ginn. Déi wichtegst Gielercher sinn:

[änneren] Fir ze liesen

Dem Audie Murphy seng Autobiographie: To Hell and Back, Owl Books, 288 Säiten, déi 1955 vum Jesse Hibbs verfilmt gouf. Am Film spillt de Murphy sech selwer.

B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.
Commons: Audie Murphy – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen