Koreakrich

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Achtung.png Opgepasst : De Contenu vun dësem Artikel ass problematesch an ensprécht net dem Prinzip vun der Neutralitéit vun der Wikipedia. Fir datt en opgrond vu Polemik net eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Vir am Bild e lëtzebuergeschen Zaldot, 1953 a Korea.

De Koreakrich ass de 25. Juni 1950 ausgebrach, tëscht op där enger Säit de kommunisteschen Truppe vun Nordkorea, déi vu China an der UdSSR ënnerstëtzt goufen, an op där anerer Säit den Truppe vu Südkorea, déi vun der UNO (virun allem den USA, mä awer och Lëtzebuerg) ënnerstëtzt goufen.16 Natioune sinn 1950 a Korea geschéckt ginn an nach 5 Natiounen als Service Sanitaire. Spéitstens mam Agräife vun den USA war kloer, datt et sech ëm e sougenannte Stellvertriederkrich géif handelen. Déi zwou géigneresch Forcen hunn eent op d'anert de géignereschen Territoire eruewert, mä schlussendlech louch d'Front nees onverännert op der Ausgankspositioun. D'Waffestëllstandsofkommes vum 27. Juli 1953 huet d'Deelung dunn endgëlteg zementéiert.

Temoignage vun engem Lëtzebuerger Zäitzeien[änneren | Quelltext änneren]

"Ech sinn e Lëtzebuerger Veteran deen 1952-53 am Koreakrich war. R.H."

Wéi et dozou koum[änneren | Quelltext änneren]

De Koreakrich, oh neen, sou ass en net genannt ginn, et war Police action oder Théatre d'operations, oder Korea Conflict oder Observer mission oder Peace keeper mission awer net Krich.

1949 waren 10.000 U.S.Marines Observers a Südkorea fir opzepassen.

De kale Krich mat Russland mat der Mauer duerch Berlin a sou weider war ganz deier fir d'NATO-Länner. Alles gouf mam Fliger transportéiert.

US-Amerika a Westeuropa huet Russland gefaart. Däitschland war keng Défense méi.

China wollt Korea erëmhuelen. Japan hat et fir Joren, an dunn hunn d'USA et erëm besat. Kuckt emol op der Weltkaart. Wladiwostok (Russland) läit op der Grenz vun Nordkorea bei der Mandschurei.

1950 huet Nordkorea du Südkorea ugegraff, mat chineseschen Zaldoten a russesche MIG Fliger a russeschem Armement.

D'US-Amerikaner sinn direct agesprongen, mä si bis op de Süde vu Korea zréckgeschloe ginn, bis viru Fusan (oder Busan oder Pusan; F B P huet déiselwecht Prononciatioun am Koreaneschen).

De vergiessene Krich[änneren | Quelltext änneren]

Elo kënnt et vir datt et kee Krich war.

Den US-amerikanesche President Harry Truman hat Angscht fir de Krich z'erklären! Dat wier en drëtte Weltkrich ginn. Nordkorea > China > Russland a wie weess nach wéi eng Natioun? Irak >Iran >Uzbekistan >Afghanistan > Polen etc.? Do sinn d'USA higaangen an hunn hir Alliéiert invitéiert fir hire Krich matzemaachen. Dee Moment war de "Krich" fir d'Opinion publique net méi géint d'USA geriicht mä géint d'ganz Welt. Sou wéi et elo 2000 am Afghanistan an am Irak ugefaangen huet, just do wollt kee vun Europa matmaachen ausser Groussbritannien. E puer Natione si matgaange wéinst dem US-amerikanesche Boykott an erëm eraus.

Wat war dann elo entstanen?

22 Natioune sinn elo do dru bedeelegt: 16 Nations combattantes, 5 Aide médicale a Südkorea selwer.

An der Weltpress huet et elo net méi geheescht "d'Amerikaner hunn de Südkoreaner gehollef de Kommunismus ze verdreiwen", mä "United Nations against the Communism".

1. England

2. Frankräich

3. Holland

4. Belsch

5. Lëtzebuerg

6. Australien

7. Neiséiland

8. Kanada

9. Südafrika

10. Thailand

11. Philippinnen

12. Tierkei

13. Kolumbien

14. Äthiopien

15. Griicheland

16. USA (ganz hannen op der Lëscht)

Spidolshëllef: Dänemark - Indien - Italien - Norwegen - Schweden

Déi batter Zäit duerno[änneren | Quelltext änneren]

Elo kommen déi schéi Säite vum Théatre des operations en Corée. Well d'USA de Krich net erkläert hat waren och all Natioune matschëlleg.

An du war et jo och kee Krich. Dofir waren et och keng Krichsprisonnéier ginn. D'Genfer Konventioun huet net méi gezielt. Déi war geschriwwe fir de Fall datt et e Krich wier.

D'US-amerikanesch a Lëtzebuerger Zaldote sinn als 2. Klass Mënsche behandelt ginn. D'Leit hu gesot hal dech net mat deem op, dat ass e Koreaner. Se krute vum Public verzielt datt se mol net am Krich waren. Se waren ausgeschloss vun de Veterane-Gruppen. Ech konnt emol net Member gi bei der Royal Canadian Legion am Kanada. Korea, dat war kee Krich, krut ech gesot.

Dunn op eemol hunn d'Amerikaner de Korea-Konflikt 1950-1953 als Korea-Krich unerkannt. Dunn huet op eemol alles sech geännert. Ech sinn dunn als Veteran ugekuckt ginn. Ech sinn elo Sergeant-d'Armes, Parade Marshall, Parade organiser zu Laval, Supply Officer.

34 Joer hu mer musse waarde bis se eis dach eng Croix de guerre hu misse ginn. De Sergeant-Major Raymond Beringer vun der Armei zu Dikrech hat a Korea vun der 3. Divisioun eng "Silver Cross Medal" kritt, an wéi all Pabéiere vu Korea si seng net méi ze fannen. De Raymond huet misse waarde bis zwee Joer ier e gestuerwen ass fir seng Medailen ze kreien, an du krut en nëmmen eng "Bronze Medal". Excuse: d'Pabeiere waren net ze fannen.

Awer de Schued war gemaach.
Robert M.G.Hartmann

Lëtzebuerger Koreakrichsaffer[änneren | Quelltext änneren]

  • De Kaprol Roger Stutz, gebuer den 9. Maërz 1930 zu Lëtzebuerg. Hien ass den 22. August 1952 ëmkomm, als Chauffer vun engem belsche Colonel, duerch Granatsplitteren. De Robert Stutz gouf um Kierfecht vum Rollengergronn begruewen
  • Den Serjant Robert Mores, gebuer den 9. Mäerz 1926, vu Kietscht. Hien ass de 26. August 1952 un der Front gefall, wéi hie probéiert huet Komeroden aus engem zesummegefalene Bunker ze retten. De Robert Mores gouf zu Rammerech um Kierfecht begruewen.

Fir u si z'erënnere gouf de 26. Juni 2000 vun hire Kommerode vum Belsch-Lëtzebuerger Koreabattailloun eng Plack um Koreakrich-Monument zu Dongducheonan der südkoreanescher Provënz Gyeonggi ageweit.

Un d'Koreazaldote gëtt zu Lëtzebuerg um Monument vun der Gëlle Fra erënnert an op enger Plack zu Atert zesumme mat de belsche Gefalen. Op der Plack zu Atert gëtt och speziell um Lëtzebuerger Raymond Beringer seng Action d'éclat geduecht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (ast), 2011. Luxemburger-Einsatz im Koreakrieg wird gewürdigt. Militärhistorisches Museum aus Diekirch unterstützt Museum in Seoul. Luxemburger Wort vum 21. Oktober 2011, S. 37.
  • Lamberty, John, 2010. Im Vorfeld der Ehrung der Luxemburger Koreakämpfer heute in Diekirch - "Vor 60 Jahren in Korea..." - Jos Wagener führte das erste Luxemburger Freiwilligenkontingent im Koreakrieg an. Interview am Luxemburger Wort vum 2. Oktober 2010 (Nr. 230), S. 47.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Korean War – Biller, Videoen oder Audiodateien